Australier fir d‘gläichgeschlechtlecht Bestietnis
Laut den offizielle Resultater vun enger postalescher Consultatioun, hunn d‘Australier
Laut den offizielle Resultater vun enger postalescher Consultatioun, hunn d‘Australier
Honnerte Londoner hu gëschter an de Stroossen géint de Boris
Um haitege Mëtteg sinn de Buergermeeschter, wéi och dräi Schäffe
Nodeems gëschter Owend den offizielle Vernissage vun der 4. Luxembourg Art Fair hofft een elo op begeeschtert an interesséiert Visiteure fir de Weekend. Am Verglach zu de leschte Jore war den Undrang éischter méisseg ausgefall. An dobäi huet ee sech dës Kéier besonnesch Méi ginn, fir mat 2 groussen Artisten d’Blécker op sech ze zéien: De Jeff Koons erziilt mat senge ballonaartege Skulpturen, ganz a metallesche Faarwen, weltwäit Opmierksamkeet. Verkafspräisser a Milliounenhéicht sinn d’Resultat.
Op der anerer Säit ass een iwweraus houfreg ee spezielle Beräich de Wierker vum Pablo Picasso widmen ze dierfen. Original Zeechnungen, eenzegaarteg Prints an al Fotoe vum Artist, déi vum Kolleg a Fotograf Edward Quinn a René Burri opgeholl goufen, erwaarden Iech.
Besonnesch ervir hiewe wëlle mir d’Artistin Chantal Morel, déi hir ganz eegen Technik entwéckelt huet. Op risegen Toillen oder hëlzene Supporte vermëscht si Konschthaarz mat verschiddene Pigmenter, léisst déi zéiflësseg Mass iwwert d’Bild lafen oder notzt verschidden Outile fir d’Wierk an déi gewënschte Form ëmzesetzen. Et ass eng opwänneg an immens aktiv Aarbecht, déi net nëmmen de Kierper, mee och de Geescht ustrengt. An den 9 Joer, wou d’Chantal Morel schonn an dëser Technik schafft, sinn 3 Joer eleng an Experimenter mat de Pigmenter an dem Haarz investéiert ginn.
Chantal Morel © Shari Pleimelding/moien.lu
Donieft ass et awer och eng Technik, déi een herno als Relief spiert. D’Artistin léisst, duerch verschidde Couchen, ee richtege Relief entstoen. An och wann et zäitgenëssesch Konscht ass, bei där jiddwereen seng eegen Interpretatioun maachen dierf, esou erweist et sech als immens spannend, der Kënschtlerin hir Gedanken hannert de Wierker ze kennen.
Déi iwweraus sympathesch Kënschtlerin empfänkt ee gäre fir e bëssi ze poteren. Hir nächst grouss Ausstellung vu Bedeitung ass iwwregens ab dem 12. Februar 2020 am Grand Palais zu Paräis, wou si wärend 4 Deeg ee ganz besonnescht Bild vun 2 op 2 Meter presentéiere wäert.
Ass een déi Jore virdru scho bis op d’Luxembourg Art Fair komm, da gesäit een divers Wierker a Kënschtler erëm. Fir eng drëtte Kéier ass beispillsweis d’Artistin Margot Reding-Schroeder mat der Galerie Böhmer dobäi. Nodeems mir hir scho fir Nationalfeierdag um Buerschenter Schlass begéine konnten, ware mir ëmsou méi frou si selwer mat hire immens dynamesche Biller a Mëschtechnik unzetreffen.
All Eenzelt vun de 7 ausgestallte Wierker representéiert mat verschiddene Stréchstäerkten, Texturen an Faarwen divers Posen, Impulser a Beweegunge vum Mënsch. Duerch prezis Observatioune vum mënschleche Kierper an der schneller Ëmsetzung entsteet eng Aart Film um eigentlech begrenzte Support. Beim Ubléck spiert een den Dänzer soumat bougéieren.
Margot Reding-Schroeder © Shari Pleimelding/moien.lu
Ee ganz speziellen Erëmerkennungswäert huet och d’Mila, wat net nëmmen duerch seng Konscht, mee och mat senger Perséinlechkeet ervirstécht. Am modernen asiatesche Stil gekleet, der passender verréckter Frisur a faarwege Strécher queesch vu lénks no riets duerch d’Gesiicht gezunn, kann een dës Kënschtlerin net iwwersinn. Nieft hiren immens faarwegen, nees japanesch ugehauchte Biller, bei deenen een och emol méi genau hikucke muss, fir d’Detailer ze erkennen a kleng Iwwerraschungen ze fannen, huet d’Mila seng beliichte Konschtwierker dobäi, déi dat Aalt an dat Neit verbannen.
Als perfekte Kontrast zu de liichtende Faarwe ronderëm huet d’Artistin hei nämlech Lénge geholl a Schrëftzeechen dran abruecht. Duerch ganz dënn liichtend Ficellë ginn dës Stécker mat Luucht an Zeen gesat, déi jee no Intensitéit vun der Beliichtung verschidden Atmosphären entstoe loossen. „Ech mëschen tëscht Traditioun a Modernitéit, der Force an dem Doucen. Dorausser notzen ech d’Diversitéit, d’Géigesätz fir mäin eegenen Universum ze gestalten“, sou d’Mila beim Tour duerch säi kënschtleresch Beräich.
Mila © Shari Pleimelding/moien.lu
Vum 5. Bis den 8. Dezember 2019 presentéiert d’Luxembourg Art Fair d’Wierker vun 90 internationale Galerien an der Luxexpo The Box, Hal 8. Kanner ënnert 18 Joer komme gratis eran, Erwuessener bezuelen 10 € Entrée. Haut ass op vu 16 bis 22 Auer, de Weekend vun 11 bis 19 Auer.
D’Billergalerie fannt Dir uewen © Shari Pleimelding/moien.lu