Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

adr-Fraen: iwwert d’Orange Week an haislech Gewalt géint Männer
Kultur Neiegkeeten

adr-Fraen: iwwert d’Orange Week an haislech Gewalt géint Männer

Gewalt doheem ass een dramatesche Phänomen an d’Sensibilisatioun fir dëse

Dammefussball 1/8 Final Coupe de Luxembourg: SC Beetebuerg erziilt paradisescht Resultat
Kultur Neiegkeeten

Dammefussball 1/8 Final Coupe de Luxembourg: SC Beetebuerg erziilt paradisescht Resultat

Bei engem Wieder wou een eigentlech keen Hond hannert dem

CFL: Noutwenneg Infrastrukturaarbechten
Kultur Neiegkeeten

CFL: Noutwenneg Infrastrukturaarbechten

Et huet iwwer de Summer vill Chantiere bei der Eisebunn

Luxembourg Art Week 2019

Déi 5. Editioun fënnt am November statt!

Luxembourg Art Week 2019

Fir déi fënneft Editioun vun der Luxembourg Art Week, déi vum 8. bis den 10. November 2019 an der Victor Hugo Hal stattfanne wäert, ass d’Ausstellungsfläch weider vergréissert ginn. Op iwwer 1.000 m² gëtt dee Weekend zäitgenëssesch Konscht ausgestallt, an dat vun iwwer 60 verschiddene Konschtgalerien. Eng Installatioun am Rondpoint Schuman ass och mol virgesinn. Ausserdeem fannen an deem Kontext eng Rei Konferenzen, souwéi Aktivitéite fir Kanner statt.

Haaptzil vun der Luxembourg Art Week ass natierlech, Konscht ze verkafen. Insgesamt 64 verschidde Konschtgalerien huelen un dëser fënnefter Editioun deel an erhoffe sech, um Konschtmarché, deem et zu Lëtzebuerg – an deene meeschte Beräicher – “relativ gutt” geet, ze etabléieren. Esou mol dem Alex Reding, Chef vun der Luxembourg Art Week, seng Aschätzung. Well Konscht a Kultur awer och als wichteg Integratiounsmëttel gëllen, huet ee sech zousätzlech de Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) mat an d’Boot geholl. Dëse besteet schonn zanter 126 Joer a wäert fir seng eegen Ausstellung den Tramsschapp vun der Stad Lëtzebuerg zur Verfügung gestallt kréien.

D’Ausstellung vun der Luxembourg Art Week wäert an 3 Deeler opgedeelt ginn. Do gëtt et éischtens mol d’Main Section mat 10 neien Exposanten, dorënner beispillsweis déi Paräisser Galerie Laurent Godin an d’Galerie Anja Knoess aus Köln. Hei si Galerië vun internationalem Format vertrueden, déi sech an der zäitgenëssescher Konschtzeen etabléiert hunn.

Luxembourg Art Week

(v.l.n.r.) Serge Wilmes, Stater Schäffen; Sam Tanson Kulturministesch; Alex Reding, Chef vun der Luxembourg Art Week; Marc Hostert, President Cercle Artistique de Luxembourg, bei der Pressekonferenz zur Luxembourg Art Week © Melvin Hatto/moien.lu

Do dernieft gëtt et nach d’Sektioun Take Off, an där 25 Galerië vereenegt sinn. Dësen Deel ass virun allem fir jonk Aussteller geduecht a gëtt och vum Kulturministère mat ënnerstëtzt. Nei dëst Joer ass de Beräich First Call. Konschtgalerien, déi bis elo nach net un der Luxembourg Art Week deelgeholl hunn, gëtt soumat den Zougang zum Lëtzebuerger Konschtmarché erliichtert.

Zum Kulturprogramm gehéieren och Konferenzen zu Konscht a Politik, wéi beispillsweis d’Diskussioun zum Thema “Reform vun der Lëtzebuerger Kulturpolitik: Wéi kann se d’Konscht weiderbréngen an international Visibilitéit garantéieren?”. Gehale gëtt dës Konferenz den 10. November vu 16 bis 17 Auer mat der Bedeelegung vun der Kulturministesch Sam Tanson. D’Josée Hansen, Chefredactrice bei “d’Lëtzebuerger Land”, iwwerhëlt heibäi d’Moderatioun. Dës Konferenz wäert op Lëtzebuergesch sinn.

Wärend déi Erwuessen d’Konschtausstellung bestaune ginn, gëtt et all Dag vun 11 bis 18 Auer e Kids Corner, wou Kanner am Alter vu 5 bis 12 Joer u spilleresch kreativen Ateliere matmaache kënnen.

Am Auswielcomité vun dësem Joer sëtzen de Bernard Ceysson, Patrick Majerus, Kevin Muhlen, Delphine Munro, Alex Reding, Nordine Zidoun an d’Carine Smets.

Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg

De CAL huet seng Ausstellung fir sech eleng am Tramsschapp, nëmmen e Kazesprong vun där anerer an der Victor Hugo Hal ewech. D’Besicher erwaart hei eng Auswiel u Konschtwierker vun souwuel etabléierten, wéi och opkommende Kënschtler. All Artist stellt dobäi dräi Konschtwierker aus, déi allesamt zum Verkaf stoe wäerten.

Dës Ausstellung wäert dann awer e gutt Stéck éischter sinn an och e wéineg méi laang wéi d’Luxembourg Art Week undaueren. Se ass nämlech vum 2. bis de 14. November. De CAL mécht heibäi nach eemol en Appell un d’Kënschtler. Déi kënnen hir Kandidatur nach bis den 22. August 2019 areechen. Weider Informatiounen dozou ënner www.cal.lu

Den Entrée wäert fir sämtlech Evenementer gratis sinn.

Praktesch Informatiounen

Luxembourg Art Week
8. – 10. November 2019
Hall Victor Hugo
60, avenue Victor Hugo
L-1750 Lëtzebuerg

Preview (op Invitatioun):
Donneschdeg, de 7. November vun 19.00 – 22.00
Vernissage (ëffentlech):
Freideg, den 8. November vun 18.00 – 21.00
Casino Party (am Casino Luxembourg):
Freideg, den 8. November vun 22.00 – 03.00

Ëffnungszäiten:
Freideg, den 8. November: 11.00 – 21.00
Samschdeg, den 9. November: 10.30 – 19.30
Sonndeg, den 10. November: 10.30 – 18.00

Gratis Entrée

Salon vum CAL
2. – 14. November 2019
Tramsschapp
49, rue Ermesinde
L-1750 Lëtzebuerg

Vernissage (ëffentlech):
Samschdeg, den 2. November vun 17.00 – 20.00

Gratis Entrée

Aussteller

Main Section

  • Albert Baronian / Yoko Uhoda, Knokke
  • Galerie Arnoux, Paräis
  • Artskoco, Lëtzebuerg
  • Galerie Albert Baumgarten, Freiburg
  • Galerie Belem, Paräis
  • Ceysson & Bénétière, Lëtzebuerg, Saint-Etienne, Paräis, New York
  • DavisKlemmGallery, Wiesbaden
  • Galerie Bertrand Gillig, Stroossbuerg
  • Galerie Michel Giraud, Paräis, Lëtzebuerg
  • Galerie Laurent Godin, Paräis
  • Galerie Jean Greset, Etuz, Besançon
  • Galerie F. Hessler, Lëtzebuerg
  • Galerie Bernard Jordan, Berlin, Zürich
  • Galerie Kleindienst, Leipzig
  • Galerie Anja Knoess, Köln
  • La Patinoire Royale – Galerie Valérie Bach, Bréissel
  • Galerie Gebr. Lehmann, Dresden
  • mediArt, Lëtzebuerg
  • MOB-ART Studio, Lëtzebuerg
  • Nosbaum Reding, Lëtzebuerg
  • Galerie Obrist, Essen
  • Kunsthandlung Osper, Köln
  • QG Gallery, Bréissel
  • RADIAL Art Contemporain, Stroossbuerg
  • Schönfeld Gallery, Bréissel
  • Galerie Schortgen, Lëtzebuerg
  • Stems Gallery, Bréissel
  • Valerius Art Gallery, Lëtzebuerg
  • Galerie Voss, Düsseldorf
  • Zidoun-Bossuyt Gallery, Lëtzebuerg
  • ZS art galerie, Wien

First Call

  • Adrián Ibáñez Galería, Tabio-Cundinamarca
  • Cosar HMT, Düsseldorf
  • Klemm’s Gallery, Berlin
  • Galerie Arnaud Lefebvre, Paräis
  • Galerie Eva Meyer, Paräis
  • Petra Rinck Galerie, Düsseldorf
  • Galerie Nadja Vilenne, Léck

Take Off

  • Galerie 1:1, Lëtzebuerg
  • 21 Artstreet, Kielen
  • APERTO, Montpellier
  • Artscape, Lëtzebuerg
  • Anne Barrault, Paräis
  • Bermel von Luxburg Gallery, Berlin
  • Centre d’Art Contemporain du Luxembourg Belge (CACLB), Buzenol
  • Dauwens & Beernaerdt, Bréissel
  • DELPHINE COURTAY, Stroossbuerg
  • Galerie Dys, Bréissel
  • Empreinte atelier de gravure, Lëtzebuerg
  • Engelage & Lieder, Düsseldorf
  • Galerie 8+4, Paräis
  • Galerie Jean-Louis Ramand, Aix-en-Provence
  • Hariko, Esch/Uelzecht
  • Lymyfyr Art Consulting, Lëtzebuerg
  • Galerie Martin Kudlek, Köln
  • Modulab, Metz
  • Nosbaum Reding Projects, Lëtzebuerg
  • L’Orangerie, espace d’art contemporain, Baaschtnesch
  • Polarraum, Hamburg
  • Rossi Contemporary, Bréissel
  • La “S” Grand Atelier, Vielsalm
  • Saarländisches Künstlerhaus, Saarbrécken
  • SIXTHFLOOR, Käerch

Opmaacherfoto: Stand Anne Barrault op der Luxembourg Art Week 2018 © Eric Chenal

Ähnlech Sujeten Alex Reding, CAL, Cercle Artistique de Luxembourg, Cercle Artistique Lëtzebuerg, Konscht, Luxembourg Art Week
Nächsten Artikel Virrechten Artikel