Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll
Neiegkeeten https://moien.lu/infj-dating-istj/

tdr dating

Okja muss ee schon iwwerloossen, datt et fir Opreegung gesuergt huet.

miss ko na yung dating ikaw quotes
Neiegkeeten https://moien.lu/infj-dating-istj/

Kulinareschen Owend fir 6 nei Schoulkantinnen zu Madagaskar

E.D.I. Madagascar – Enfants Défavorisés de l’Île de Madagascar –

Editorial: Flavio… iert et zur Erpressung kënnt, ass et besser du gees
Neiegkeeten https://moien.lu/infj-dating-istj/

Editorial: Flavio… iert et zur Erpressung kënnt, ass et besser du gees

Gutt datt ech mech schonn eng kéier mam Beholl vum

LBO: E richteg flotte Jubiläum

Vill Sport a gutt Laun, dozou gastronomesch Spezialitéiten a Party bis déif an d‘Nuecht eran – esou geet Luxembourg Beach Open

LBO: E richteg flotte Jubiläum

Den Escher Gaalgebierg war de ganze Weekend iwwer am Beachvolleyball Féiwer. Et ass u sech ee sportlechen Event, de Luxembourg Beach Open (LBO) deen zanter 25 Joer vum Escher Volleyball Club an Zesummenaarbecht mat villen treie Partner organiséiert gëtt. Dat bëssi Waasser wat vun do uewen „gespend“ gouf, war ugesiichts den Temperaturen iwwert d‘Woch, net emol desagreabel…

Luxembourg Beach Open

© Martine de Lagardère/moien.lu

83 Teamen zu véier Leit – mat op mannst enger Damm – haten sech fir de gréissten a sécherlech schéinsten Tournoi an der Spart „Beach-Volley“ vun der Groussregioun ugemellt. Den LBO huet sech säi Succès iwwert d‘Joren haart erschafft, a stellt sech all Joers op Neits dësem Challenge, un deem nieft de Spiller a Spillerinnen, nach gutt 5.000 Spectateuren hir Freed hunn. Dat ass zolidd…

Luxembourg Beach Open

© Martine de Lagardère/moien.lu

A well et e Jubiläumsjoer ass, hunn déi sportlech a kulturell Festivitéiten och schonn ee Freideg ugefaangen. Dat besonnescht un dësem „oppenen Tournoi“ ass de Fakt, datt egal wéi ee Niveau d‘Spiller a Spillerinnen hunn, hei kënne matmaachen. Et gëtt awer en Ënnerscheed gemaach, fir jidderengem de Spillspaass ze garantéieren. Dofir hat den EVBC zwou Kategorien opgeruff.

Luxembourg Beach Open

© Martine de Lagardère/moien.lu

Wien sech an der Kategorie A agedroen hat, sollt schonn eppes méi Spillerfarung matbruecht hunn, wéi d‘Fräizäitsportler, déi sech an der Kategorie B géintiwwer gestane sinn. Hei ass dann och eppes anescht „gerechent“ ginn, an d‘Belounung war de Spiller a Spillerinne Motivatioun genuch.

Wourëms et geet

Hei ass et ëm net manner wéi den Deni-Krivova Präis gaangen, deen zu éiere vum fréieren Trainer Ranguel Krivov sengem Duechter Denitza geschafe gouf. Déi jonk Damm hat 2008 bei engem trageschen Accident hiert Liewe verluer. Mam Deni-Krivova Präis ausgezeechent, gouf d‘Team „Les Intouchables“ déi esou als d‘Ekipp mat der beschter Offensiv vum Tournoi bestätegt gi sinn.

Luxembourg Beach Open

© Martine de Lagardère/moien.lu

An der Kategorie A spillt ee „Klassesch“ also wéi am Beach-Volley üblech zu zwee géint zwee. An hei ass och zolidd gekämpft ginn. Um Enn sollten sech d‘Schnieweldéier, virum Team Roud an der Ekipp „Nadja & Félix“ duerchsetzen. An der „klenger Klass“ stoungen um Podium: 1. Fnöbsen; 2 Malvina napupunta Buong Balbulla; 3. Les Intouchables. Droleg Nimm? Esou war et geduecht.

Luxembourg Beach Open

© Martine de Lagardère/moien.lu

Wann et – an dat kéint en Ureiz fir déi nächst Editioun ginn – ëm d‘Nimm vun de verschiddenen Equippe gëtt, da muss ee scho soen, do war vun allem derbäi, an puer sinn esouguer Hitverdächteg: Wa „Kapp am Sand“ nach zimlech noleiend ass, esou ginn „Béier is Coming“ a „2drunk2play“ hei d‘Richtung un. D‘Team „Bommeleeër“ duerft grad wéi „Dafalgan United“ net feelen…

Luxembourg Beach Open

© Martine de Lagardère/moien.lu

Domadder steet ganz däitlech de Spaass am Virdergrond, och wann se natierlech alleguerte gären e Präis gewonnen hätten. An do sinn der déi versiche scho länger eng vun dëse begierte Coupe mat heem ze huelen. Woubäi um Beispill vum Team „Mir si wéinst dem Béier hei“ dëse Wonsch absolut sekundär erschéngt. Et geet jo eigentlech och dorëms d‘Frëndschaft an de Sport ze zelebréieren.

Luxembourg Beach Open

© Martine de Lagardère/moien.lu

Wann et natierlech – schliisslech ass et nach ëmmer en Tournoi – an éischter Linn ëm de Sport geet, esou den Event Luxembourg Beach Open gläichzäiteg e richtegt Volleksfest, datt sech fir déi ganz Famill eegent. An d‘Plaz – gespillt gëtt op der aler Äispist géintiwwer dem „Fola s Terrain – bitt sech beschten dofir un. Esou kommen dann och Joer fir Joer vill Leit „just“ kucke wat leeft.

D‘Generalklassement (Generell Iwwersiicht)

Foto: Luxembourg Beach Open war dëse Weekend den Nuebel vun der Welt © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Beach-Volley, Esch-Uelzecht, EVBC, FLVB, LBO, Luxembourg Beach Open, Pitcher
Nächsten Artikel Virrechten Artikel