Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Galerie: 24 Stonne Vëlo Wëntger – Arrivée a Präisiwwerreechung
Neiegkeeten Sport

https://moien.lu/definition-of-radiometric-dating/

Um Samschdegowend haten d‘Coureure vum 24 Stonne Vëlo Wëntger eppes

homeschool dating sites
Neiegkeeten Sport

D’Kreeslafwirtschaft, erkläert

Kreeslafwirtschaft oder Circular Economy: Dat ass e Begrëff, deen een

Jonk an engagéiert: De Joël Back huet vill Iddie fir Péiteng
Neiegkeeten Sport

Jonk an engagéiert: De Joël Back huet vill Iddie fir Péiteng

Fir vill jonk Politiker ass de Wahlkampf 2017 déi éischte

Schonn déi 25. Editioun vum „Luxembourg Beach Open“

Ab e Freideg steet de ganzen Escher Gaalgebierg am Zeeche vum Beach-Volley

Schonn déi 25. Editioun vum „Luxembourg Beach Open“

Ob sech d‘Jongen an d‘Meedercher, déi viru gutt engem Véierelsjoerhonnert virstelle konnten, datt hir Iddi net nëmmen nohalteg gepräägt mee och nach zu internationaler Renommée géif gelaangen, dat ass leider net iwwerliwwert ginn. Geséchert awer ass de Succès vun dësem sportlechen Event deen als „Luxembourg Beach Open“ (LBO) elo scho säi Wee an d‘Anale vun der Stad fonnt huet.

Zu dësem Zweck goufen 1.000 Tonne Sand geliwwert, an op dësem wäerten sech 75 Equippen – 60 Teamer zu véier Spiller (Amateur) déi op mannst eng Damm mussen hunn a 15 Teamer zu zwee Spiller (Lizenzéiert) – géigeniwwer stoen, a versichen de hellege „Gral“ ze gewannen. Parallel zum „Fräizaitspaass“ ginn dann och d‘Halleffinall an d‘Finall vun der FLVB ausgedroen.

Hale mir nach fest, datt sech zwar alles méi oder wéineger ëm de Volleyball, a méi prezis de Beach Volleyball dréint, mee den LBO längst iwwert de sportleche Kontext erausgewuess ass. Et ass dat wat een e gutt orchestréiert Volleksfest ka nennen. Et ass fir all Alter gëeegent, fir d‘Butzen ass et eng riseg Aventure, de Frënn vu Beach & Party wahrscheinlech déi beschten Adress vum Weekend.

A well et e Jubiläumsjoer ass, geet et dann net wéi gewinnt eréischt e Samschdeg, mee schonn e Freidegowend lass. Esou ginn d‘Festivitéite mat enger „Afterwork-party“ gestart, wat jo bei den aktuelle Wiederkonditioune sécherlech net verkéiert ass. E Samschdeg gëtt et déi éischt Spiller, woubäi no der Kompetitioun déi gläichfalls traditionell Pitcher Beach Party stattfënnt.

Wien dat alles iwwerlieft huet kann e Sonndeg de Schluss vum Wettkampf kucken a sech bei der Präisiwwerreechung mat de Laureaten freeën. Hale mir nach kuerz fest, datt et kee Sënn mécht ze versichen um Gaalgebierg ze parken. Wien sech gescheit uleet notzt de groussen „Enovos“ Parking (alles ass beschtens beschëldert) wou et en Navette-Service gëtt, deen een op d‘Plaz bréngt.

Ähnlech Sujeten Esch-Uelzecht, EVBC, FLVB, Gaalgebierg, LBO, Luxembourg Beach Open
Nächsten Artikel Virrechten Artikel