Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brasilien: Ofholze per Dekret ausgesat
Neiegkeeten

Brasilien: Ofholze per Dekret ausgesat

Dat vum faschistesche President a sengem Ëmweltminister Ricardo Salles ënnerzeechent

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 8. Dezember 2019
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 8. Dezember 2019

Mat spektakulären Evenementer an de verschiddene Beräicher vu Kultur, Musek

Australien: op der Flucht virun de Buschbränn
Neiegkeeten

Australien: op der Flucht virun de Buschbränn

Iwwer 80 groussflächeg Buschbränn setzen der Bevëlkerung zou, dausende Mënschen

Luxembourg Mini Maker Faire: Réckbléck

Technikfrënn hate sech den 19. Mee 2019 zu Rouspert getraff

Luxembourg Mini Maker Faire: Réckbléck

Zefridde bléckt de Christian Moll, ee vun den Organisateure vun der éischter Mini Maker Faire zu Lëtzebuerg, op den 19. Mee zeréck. Iwwer 1.500 Technikbegeeschtert hu sech deen Dag zu Rouspert “am Bongert” op dëser Zort Technik- a Wëssenschaftsfoire afonnt.

Op iwwer 30 Stänn hu Knécheler, Bastler a Wëssenschaftler net nëmmen hir rezentst Aarbechte virgestallt, ma Grouss a Kleng goufen dozou animéiert, fir selwer mol auszeprobéieren. Dee jéngste vun de “Maker” – sou nennt een neierdéngs d’Daniel Düsentriebe vun haut – hat grad mol 11 Joer. Déi wäitste Rees hat ee Besicher aus Japan gemaach.

D’Kulturministesch Sam Tanson weist sech opgrond de ville kreativen Talenter begeeschtert, déi si dësen Dag am Kader vum 10. Gebuertsdag vum Tudor-Musée besicht huet. Nieft de wëssenschaftleche Komponente wier déi kreativ Approche an d’Projeten e wichtege Faktor zum gudden Ëmsetze vun den Iddien, esou de Joao Martins, dee selwer eng Rei Workshoppe fir Kanner entwéckelt huet.

Vum ëmgebauten Telefon iwwer eng Schwammkap, déi Feedback gëtt, bis zum selwer zesummegebaute Persounefliger, d’Besicher konnte sech um Driff vun den Aussteller reegelrecht ustieche loossen.

Mini Maker Faire

Déi Kleng weise sech vun der Technik an der Wëssenschaft, déi dohannert steet, immens begeeschtert. © Pierre Weber

Eng Lëtzebuerger Ekipp fir d’Roboter-WM

Nieft deenen zuelräiche Stänn huet och nach e Roboter-Wettkampf mat aacht verschiddenen Ekippe stattfonnt. D’Ekipp “TechNoLogic” ass um Enn vum Dag als Gewënner ervirgaangen. Dësen Tournoi hätt et doriwwer eraus erméiglecht, eng Ekipp zesummenzestellen, déi dëst Joer Lëtzebuerg op der Roboter-Weltmeeschterschaft zu Dubai vertriede soll.

Hannert der Mini Maker Faire stoung d’Vereenegung Make it. Si huet sech zum Zil gesat, “Maker” ze ënnerstëtzen an ze fërderen, fir soumat d’Makerzeen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ze stäerken. Hir Projete si souwuel sozial engagéiert, nohalteg, wéi och wëssensvermëttelnd. Ënnerstëtzung krut si dobäi awer nach vum Tudor-Musée a vun der Gemeng Rouspert-Mompech. Duerch gutt Zesummenaarbecht an déi grouss Participatioun wéilt een eng zweet Editioun nächst Joer ustriewen, esou den Eric Krier, Comitésmember vun der Make it A.s.b.l..

Et dierft een also gespaant sinn, wéi et nächst Joer weidergoe wäert a wat fir kreativ Iddien engem dann nees ugebuede ginn!

Opmaacherfoto: D’Kulturministesch Sam Tanson op der Besichtegung vun engem vun iwwer 30 Stänn op der Mini Maker Faire. © Pierre Weber

Ähnlech Sujeten Knécheler, Make it, Maker, Mini Maker Faire, Rouspert
Nächsten Artikel Virrechten Artikel