Search

You may also like

Nulltoleranz géigeniwwer vu Gewalt op der Aarbechtsplaz
Neiegkeeten

Nulltoleranz géigeniwwer vu Gewalt op der Aarbechtsplaz

Nodeems sech an den éischte 6 Méint vun dësem Joer

Michael Bloomberg for President
Neiegkeeten

Michael Bloomberg for President

Den Demokrat huet elo offiziell annoncéiert, datt hie sech als

Editorial: D‘Kausa Assange an d‘Pressefräiheet
Neiegkeeten

Editorial: D‘Kausa Assange an d‘Pressefräiheet

Datt gëschter d‘Distriktriichterin Vanessa Baraitser d‘Ausliwwerung vum WikiLeaksgrënner Julian Assange,

Luxembourg Must Act: Aktiounsdag op der Place Clairefontaine

Luxembourg Must Act: Aktiounsdag op der Place Clairefontaine

Déi sozial europäesch Beweegung Europe Must Act fuerdert eng nei a méi mënschlech Migratiounspolitik. An dësem Kader organiséiere Lëtzebuerger Representanten, zesumme mat der Passerell Asbl muer en Aktiounsdag op der Place Clairefontaine, fir esou d’Bierger zur humanitärer Kris an de Flüchtlingslageren op de griicheschen Inselen ze sensibiliséieren.

Beim Evenement, dat vu 15:00 bis 18:00 Auer stattfënnt, soll zudeem eng Mënscheketten (mat der néideger Distanz) geschafe ginn, fir e Message vun der Solidaritéit un d’Mënschen an Nout ze schécken.

Luxembourg Must Act

© Vincenzo Cardile, Camp de Moria, Lesbos

Zudeem fuerdert Europe Must Act Luxembourg, datt Lëtzebuerg, seng Stied a Gemengen sech méi engagéieren, wann et ëm d’Relokalisatioun an den Accueil vun 30.000 Demandeuren op Asyl a Refugiéen geet. Nach ëmmer sinn si an de Camps un der Ägäis gefaangen.

Dobäi knäppt d’Aktioun un d’Petitioun un, déi Deel vun der Campagne #CitiesMustAct ass. Schonn am Mäerz 2020 konnt en oppene Bréif vun der Beweegung ganzer 100.000 Ënnerschrëfte sammelen, dorënner 160 ONG’en an 10 Deputéierter.

Luxembourg Must Act

© Vincenzo Cardile, Camp de Vial, Chios

Duerch déi aktuell Pandemie schéngen aner Problematike vergiess ze ginn. D’Flüchtlingskris ass awer nach ëmmer eng Realitéit, zuelräich Mënsche kämpfen ëm hiert Iwwerliewen an hu schonn esou vill am Liewe missen opginn, fir iergendwann a Sécherheet kënnen ze sinn.

D’Evenement fannt Dir och op Facebook.

Related topics #CitiesMustAct, #RaisingVoices, Aktiounsdag, Covid19-Pandemie, Europe Must Act, Flüchtlingslager, Flüchtlingspolitik, Griichenland, Luxembourg Must Act, Nastassia Maes, Oppene Bréif, Petitioun, Place Clairefontaine
Next post Previous post