Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Frankräich: Kee Sonnenopgank fir d‘politesch Rentrée
International Neiegkeeten

Frankräich: Kee Sonnenopgank fir d‘politesch Rentrée

Säit dräi Méint ginn d‘Sondage fir de franséische President an

Bensin aus Kaffi? Majo sécher!
International Neiegkeeten

Bensin aus Kaffi? Majo sécher!

Ëmmer erëm si mir konfrontéiert mat steigende Präisser, virun allem

Biologesch ofbaubar Fläschen aus Plastik kéinte méi Problemer mat sech bréngen, wéi se der léisen
International Neiegkeeten

Biologesch ofbaubar Fläschen aus Plastik kéinte méi Problemer mat sech bréngen, wéi se der léisen

Et gi gläich e puer Initiativen, déi der Plastiksfläsch wëllen

Luxembourg Space Agency: 18 Stage-Plaze fir Lëtzebuerger Studenten!

Luxembourg Space Agency: 18 Stage-Plaze fir Lëtzebuerger Studenten!

Fir d’Kompetenzen am Weltraum-Secteur nach weider ze entwéckelen, kréie jonk diploméiert Lëtzebuerger d’Méiglechkeet, fir éischt professionell Erfarungen am Weltraum-Beräich ze sammelen. Nom Accord vun der Luxembourg Space Agency an der Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA) ass dës Offer fir jonk Mënsche méiglech gemaach ginn.

Fir dëst Joer proposéiert d’Luxembourg Space Agency 18 Stage-Plazen un Lëtzebuerger Studente bei der ESA. Duerch de Programm „Luxembourgish Young Graduate Trainees“ (LuxYGT) wäerten d’Studente vun räichen Erfarunge profitéiere kënnen, déi si fir divers Posten an der Weltraum-Industrie, renomméiert Recherche-Instituter an natierlech och Plaze bei der ESA fit maache wäert. Wärend der Formatioun ginn d’Stagiaire vun engem erfuerenen Tuteur ënnerstëtzt, dee selwer Member vun der ESA ass.

De Programm LuxYGT addresséiert sech dobäi spezifesch un diploméiert Jonker mat Lëtzebuerger Nationalitéit. Si sollten hiren Diplom oder Master an den leschten zwee Jore kritt hunn. Wärend ganzer 12 Méint muss een der Plaz a sengen Ufuerderungen nogoen, woubäi een uschléissend nach weider 12 Méint verlängere kann. Bezuelt ginn all Mount 2.400 € Salaire Netto (Assurance Maladie et Accident abegraff).

D’ESA bitt a verschiddenen europäesche Länner Plazen un, déi natierlech mat responsabelen an éiergäizege Persounen ze besetze sinn. Dozou gehéiert:

  • ESRIN (European Space Research Institute) zu Fascati (Italien)
  • ESAC (European Space Astronomy Centre) zu Madrid (Spuenien)
  • ESTEC (European Space Research and Technology Centre) an Holland
  • ESOC (European Space Operations Centre), zu Darmstadt (Däitschland)

Fir den Detail vun den Offeren u Stagen bei der ESA, sou wéi d’Modalitéiten zu de Kandidaturen fannt Dir ënnert www.space-agency.lu. Wien interesséiert ass un dëser professioneller Erfarung sollt säin Dossier virum 25. Juni 2019 un luxygt@space-agency.lu geschéckt hunn.

Ähnlech Sujeten ESA, Europäesch Weltraumorganisatioun, Luxembourg Space, LuxYGT, Stage
Nächsten Artikel Virrechten Artikel