Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Europa muss seng eege Sécherheet an de Grapp huelen“
Neiegkeeten

„Europa muss seng eege Sécherheet an de Grapp huelen“

Haut soll d’EU seng detailléiert Propositioun fir d’Finanzéierung vun enger

surprise
Esch 2022: Eigentlech sollt et esou e flotte Projet ginn
Neiegkeeten

Esch 2022: Eigentlech sollt et esou e flotte Projet ginn

Politesch gewollt och kulturell um Holzwee? Beim Projet Esch 2022

tongue
Koplescht: Ass de Wiessel vum Wahlbezierk einfach esou méiglech?
Neiegkeeten

Koplescht: Ass de Wiessel vum Wahlbezierk einfach esou méiglech?

Dës Fro steet am Raum. Den Dag vun de Gemengewahlen

Elo hu mir se: d‘Luxembourg Space Agency

Elo hu mir se: d‘Luxembourg Space Agency

LSA kléngt net ganz esou „renomméiert“ wéi „NASA“, mee et geet jo net ëm de Numm, mee ëm datt wat déi lëtzebuergesch Weltraumagence och Amstand ze leeschten ass. Et ass och dat wat sech ze erwaarde war, wéi d‘Regierung am Februar 2016 ugekënnegt hat, no de Stäre gräifen ze wëllen.

E Mëttwoch gouf dann och mam Lancement vun der lëtzebuergescher Weltraumagence (LSA) de Nol ganz ageschloen, a eist Ländche kann elo de Usproch erhiewen, mat de „groussen Hënn pissen ze goen“. Lëtzebuerg positionéiert sech als europäesche Standuert fir d‘Erfuerschung an d‘Notzung vun de Weltraumressourcen“.

Fir den Etienne Schneider (LSAP) Wirtschaftsminister a Vizepremier, deen als Initiator vun der Wirtschaftsstrategie am Weltraumsecteur dierf ugesi ginn, eng Inauguratioun, déi him dierft staark um Häerz geleeën hunn. Hie betount dann och an dësem Kontext, datt déi nei Struktur ënnert der Tutelle vum Wirtschaftsministère steet, an aner Missioune wéi d‘ESA oder d‘NASA erfëllt.

D‘LSA huet keng Ambitiounen „Fuerschung“ am Weltraum ze bedreiwen, mee konzentréiert sech op d‘Méiglechkeet, d‘Ressourcen déi et an dësem Weltraum gëtt, benotzbar ze maachen. Et geet hei eendeiteg drëms e Wirtschaftssecteur opzebauen. De Wirtschaftsminister leet grousse Wäert drop, datt d‘LSA eng autonom Struktur ass, ass wann se ënnert de Autoritéit vum Ministère steet.

Wat mécht dann elo d‘LSA?

Esou wéi et gëschter am Mudam virgestallt ginn ass, schéngt ersiichtlech, datt d‘LSA net wëlles huet bemannte Rakéiten op de Mound oder esouguer Mars ze schécken. Den Zweck vun der LSA, déi 12 Salariée beschäftegt, ass et en „Investissementsfong“ unzeleeën, fir Entreprisen an d‘Land ze lackelen an déi dann och ze ënnerstëtzen. Dëse „Fong“ soll schonn an 2 Woche virgestallt ginn.

Heibäi handelt sech ëm e sougenannten „PPP“ (Private Public Partnership) an Héicht vun 100 Milliounen Euro, vun deenen der 30% vum Staat ofgedeckt ginn. Et versteet sech, esou den Etienne Schneider, datt d‘Zil vun dësem Fong deen ass, e Secteur ze ënnerstëtzen dee rentabel ass, an zugläich Entreprise mat enger grousser „Plus-value“ op Lëtzebuerg ze kréien.

De „Weltraumsecteur“ vu Lëtzebuerg kann aktuell op eng 20 Entreprise verweisen, déi fir 2% vum BIP – notamment duerch d‘Präsenz vun der SES – verantwortlech gemaach ginn. De Minister huet dann och nach ugekënnegt, datt a kierzt dräi nei Entreprisen hire Sëtz zu Lëtzebuerg wäerten installéieren, an der nach eng 15 hir Entscheedung dozou wëlle bekannt ginn.

Interessant ass dëse „Secteur“ fir d‘Privatwirtschaft och wéinst dem Gesetz dat sech Lëtzebuerg ginn huet, an dat den Entreprisen d‘Proprietéit vun allen Äerzer garantéiert, déi si aus dem Weltraum op d‘Äerd brénge kënnen.

Mat enger Enveloppe vun 200 Milliounen, wouvunner der scho 40 an Entreprise wéi „Planetary Ressources“ an aner Weltraumprojete gefloss sinn, verfollegt Lëtzebuerg eng konsequent Weltraumstrategie. Dës Zomm ass vill kritiséiert ginn, mee dat kann den Etienne Schneider erdroen. Méi wéi 200 Millioune gëtt et net, an déi positiv Resultater weisen, datt et de richtege Wee ass.

Aner Secteure ginn net benodeelegt

De Kritiker gëtt de Wirtschaftsminister nach mat op de Wee, datt den Investissement an de Weltraumsecteur muss am allgemenge Kontext vun der wirtschaftlecher Entwécklung betruecht ginn. Esou sollt een de Montant vun 200 Milliounen net iwwerbewäerten. Ëmmerhin hätt d‘Land eng ganz Milliard an d‘Entwécklung vum Logistiksecteur investéiert.

Fir den Etienne Schneider, den nach emol drun erënnert, datt sech schonn eng 20 Entreprisen zu Lëtzebuerg installéiert hunn, da nach emol eng hutt Dosen Interessi ugemellt hunn, a sech 150 Entreprisen „renseignéiert“ hunn, sollt ee mat Zouversiicht an d‘Zukunft blécken.

Chef vun der lëtzebuergescher Weltraumagence, ass de Marc Serres. Deen huet um Mëttwoch betount, datt d‘LSA seng Missioun als „Vermëttler“ fir e Reseau vu nationale Partner erfëlle wäert. Si, also d‘Agence, hätt déi noutwenneg Kompetenzen, d‘Expertise an d‘Kapassitéit fir op d‘Besoine vun den Entreprisen anzegoen.

déi lénk nach ëmmer net „iwwerzeegt“

déi lénk stellt fest: „Am Kader vun engem grouss ugeluechte PR-Event huet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider haut d‘Luxembourg Space Agency an d‘Liewe geruff. Déi mat Steiergelder finanzéiert Agence, soll d‘Initiative „spaceressources.lu“ weiderentwéckelen an zousätzlech an dësem Beräich Aktiv Privatgesellschaften op Lëtzebuerg lackelen.“

„Mat ëffentlechem Geld gëtt also weiderhin eng schiedlech Nisch geziilt ënnerstëtzt, déi Lëtzebuerg international an d‘Abseits stellt an déi ekologesch Kris op de Weltraum auswäit“

Fir déi lénk bedeit dat och, datt wann d‘LSA mat der ESA soll kooperéieren, déi jo och vun der Regierung bis ewell all Joer 30 Millioune fir Fuerschungszwecker erhalen huet, d‘Geld net méi an d‘Fuerschung fléisst, mee fir spekulativ „Biergbauprojeten“ an ähnlech Missiounen op Asteroide soll agesat ginn. D‘Wëssenschaft géif esou privatwirtschaftlechen Interessen ënnerworf.

déi lénk haten dann och sengerzäit zur Initiativ „spaceressources.lu“ Stellung bezunn. Si hunn op déi méiglech Geforen higewisen, an och hiren „Nee“ zum Gesetz ausféierlech begrënnt. Fir si steet d‘Privatiséierung vum Weltraum am Widdersproch zum internationale Recht. Et géif esouguer den Iwwergang zu enger effizienter Notzung vun de natierleche Ressourcen op der Äerd verhënneren.

„D‘Regierung bleift mat spaceressources.lu hirer allgemenger Philosophie trei: si setzt op Nische fir gréissewahnsinneg Investisseuren a Finanzspekulanten, an dat op Käschte vun der grousser Majoritéit vun der Mënschheet. Deen esou dréngend erfuerderlechen ekologeschen Ëmbau vun eiser Wirtschaft gëtt heibäi staark vernoléissegt“, stellt déi lénk fest.

Iwwerhaapt wëllen déi lénk ëffentlecht Geld verstäerkt an d‘Energietransitioun, de Wunnengsbau an déi regional Wirtschaft investéieren. Nischen, déi Lëtzebuerg international ëmmer méi isoléiere kéinten net d‘Fundament vun enger nohalteger Wirtschaft sinn, a gehéieren der Vergaangenheet un.

Foto: (v.l.n.r.) Wirtschaftsminister Etienne Schneider, CEO vun der Luxembourg Space Agency (LSA) Marc Serres. © sip/MECO

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Luxembourg Space Agency, Marc Serres, Spacemining, Weltraumressourcen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel