70 Joer europäesch Mënscherechtskonventioun
Den haitege 4. November markéiert de 70. Joresdag vum Ënnerschreiwe
Den haitege 4. November markéiert de 70. Joresdag vum Ënnerschreiwe
Fir d’Editioun 2020 vum Cleantech Forum Europe ass Lëtzebuerg ausgewielt
Et gëtt villes dat sech den Ament op der Welt
Vum 2. bis de 5. Mee 2019 fënnt zu Bouneweg bei de Rotonden déi drëtt Ausgab vum Luxembourg Street Photography Festival statt. Ob Expert oder Amateur, de villsäitege Programm, deen zesumme mat enger Rei renomméierte Stroossefotografen opgestallt gouf, sollt fir jiddereen eppes bidden.
Mat vun der Partie sinn de Pierre Gély-Fort, d’Vanessa Winship, de Cyrus Cornut an d’Sabine Weiss. Déi 94 Joer al Fotografin gëllt als Galiounsfigur op hirem Gebitt.
D’Kollektiv Street Photography Luxembourg huet an Zesummenaarbecht mat de Rotonden e Programm ausgeschafft, dee folgendermoossen ausgesäit:
– Workshop am Virfeld vum Festival de 27. Abrëll: eng gutt Geleeënheet fir Ufänger, sech beroden ze loossen
– Ausstellung vum 2. – 5. Mee souwéi e Vernissage den 2. Mee um 18 Auer
– Portfolio Review den 3. Mee, wou ee sech d’Meenunge vun Experten zu eegene Wierker unhéiere kann. Weider Detailer dozou fannt Dir hei.
– Konferenze mat den invitéierte Fotografen de 4. Mee
– “Open Wall” – gitt selwer Deel vun der Ausstellung!
Déi genau Auerzäite souwéi d’Präisser fannt Dir um Site vun de Rotonden.