De Biber: groussen Architekt a Meeschter vun der Biodiversitéit
Nodeems de Biber (Castor fiber) am verlaf vum 19. Joerhonnert
Nodeems de Biber (Castor fiber) am verlaf vum 19. Joerhonnert
Gëschter huet S.A.R. d’Ierfgroussherzogin Stéphanie, zesumme mam Prënz Charles dierfen
Haut huet d‘Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International (AI) déi europäesch Regierunge beschëllegt, d‘Handlaanger
Zil vum Concours war et, datt d’Ëffentlechkeet seng schéinst Fotoe vun der Alstad an der Festung (UNESCO-Kulturierwen), der Expo „The Family of Man“ (dokumentareschen Ierwen) an der Sprangprëssessioun (immaterielle Kulturierwen).
Mam Hashtag #luxembourgyourworldheritage sinn 919 Opname dekoréiert ginn. Si weisen den immensen Interessi an den Enthusiasmus um Lëtzebuerger Kulturierwen, mat sengem ganzen universellen an aussergewéinleche Wäert. De Jury, deen aus Representante vum Kulturministère, der Stater Fotothéik, der Lëtzebuerger Kommissioun fir d’Kooperatioun mat der UNESCO a Luxembourg for Tourism zesummegesat war, hat et net einfach, ënnert dëser villfälteger Mass u Wierker e Choix ze treffen.
Bewäert goufen d’Fotoen unhand vun der Kreativitéit, Originalitéit vun der Perspektiv, Qualitéit, Harmonie vun de Faarwen, Ästhetik a Propretéit vun der Gesamtkompositioun. Gewonnen hu folgend Kandidaten:
Michel Grün – Alstad a Festung
Claudia Almeida – Alstad a Festung
Sami Ouberdous – Alstad a Festung
Nina Monteverde – Alstad a Festung
Dan Mirti – The Family of Man
Michel Grün – Alstad a Festung
Déi verëffentlecht Fotoe ginn dem Kulturministère, der Stad Lëtzebuerg a Luxembourg for Tourism fir d’Promotioun vun der Kultur zur Verfügung gestallt. Den Hashtag #luxembourgyourworldheritage kann natierlech weiderhin genotzt ginn an déngt esou als wonnerbar Vitrinn a Galerie vum Lëtzebuerger Kulturierwen.