Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Eng Enquête beschëllegt 300 Paschtéier pedophil ze sinn
Neiegkeeten

USA: Eng Enquête beschëllegt 300 Paschtéier pedophil ze sinn

Aus enger Enquête vum Procureur vu Pennsylvania, déi en Dënschdeg

Editorial: Keng haseleg Schlëss zéien!
Neiegkeeten

Editorial: Keng haseleg Schlëss zéien!

E Freideg hunn d‘adr an d‘Piraten bekannt ginn, datt si

money
Wéinst der Dréchent klammen d‘Präisser fir Weess a Fruucht
Neiegkeeten

Wéinst der Dréchent klammen d‘Präisser fir Weess a Fruucht

D‘Hëtztwell an déi domatter verbonnen Dréchent wierkt sech op d‘Präisser

LUXEOSys: E Satellit, e fréiere Minister an d‘Chamber

LUXEOSys: E Satellit, e fréiere Minister an d‘Chamber

D‘Chamber-Kontrollkommissioun fir de Budget hat den Etienne Schneider agelueden, sech zur Präisexplosioun am Kontext vum Dossier LUXEOSys ze erklären. Den Deputéierten ass nach ëmmer net verständlech, wéi et zum Depassement vum initiale Budget – esou wéi dee sengerzäit beim Finanzéierungsgesetz (2018) beschloss gouf – komme konnt.

Zur Erënnerung, am Gesetz vum 14. August 2018, gouf am 1. Artikel festgehalen: „D‘Regierung ass autoriséiert d‘Uschafung an d‘Gestioun vun engem Äerdobservatiounssystem anzeleeden, dat fir ee Montant deen 170 Milliounen hors TVA iwwert 14 Joer net dierf iwwerschreiden, doranner abegraff d‘Käschte vun der Acquisitioun, de Lancement an d‘Exploitatioun vun engem Satellit“.

Elo ginn awer déi initial 170 Milliounen Euro net méi duer an de Verdeedegungsminister François Bausch (déi gréng) huet dann och missen ee Gesetzprojet areechen, an deem eng „Rallonge“ fir de Budget virgesinn ass. Domadder kéint de LUXEOSys op ee Gesamtbetrag vu ronn 350 Milliounen Euro kommen. De Verdeedegungsminister wëll sech awer net d‘Schold fir des Deierecht oplueden.

Satellit

De Projet vum Etienne Schneider war initial ee ganz aneren, wéi dat wat elo geplangt ass. Hien huet dann och net agesinn hei musse Verantwortung ze iwwerhuelen. © Chambre des Députés / flickr

Aus dësem gudde Grond ass den Initiateur vum Projet, de fréiere Vizepremier a Wirtschaftsminister, Etienne Schneider (LSAP), vun der Kontrollkommissioun ageluede ginn, fir eng Rei oppe Froen ze beäntwerten. Deen ass sech allerdéngs kenger Schold bewosst a stellt fest: „Ech kann net fir déi nodréiglech Changementer bei fundamentale Punkte vum Projet d‘Verantwortung iwwerhuelen“.

Dat kann een esou gëlle loossen, well ursprénglech war geduecht, datt d‘Arméi mat der Gestioun vun dësem Satellit sollt befaasst ginn. Dat war sengerzäit esou och an de Richtlinne vun der Arméi festgehale ginn. Dat hätt net nëmmen d‘Aarbecht vun den Zaldote revaloriséiert, mee hir Positioun bannent der NATO gestäerkt. Elo heescht et, datt d‘Gestioun soll ausgelagert ginn.

Fir d‘Oppositioun sinn zwar d‘Äntwerte vum fréiere Wirtschaftsminister schlësseg, mee zefridde sinn se dann awer nach net. Si wäerten dann elo nach ee puer Leit – Vertrieder vu LuxGovSat, dem Etat-Major vun der Arméi an d‘Auteure vun enger Etüd betreffend de Standuert Härebierg – alueden an hunn och Asiicht an eng rei wichteg Dossiere gefuerdert. Affaire à suivre…

Foto: D‘Käschte fir de Satellit LUXEOSys si carrement duerch de Plafong gaangen an hunn de Verdeedegungsminister genéidegt, e Gesetz anzereechen, fir weidert Geld fir dëse Projet zougestanen ze kréien. Bei der Oppositioun stéisst dat op wéineg Versteesdemech, a wann ee berécksiichtegt dat de Covid19 och richteg Geld kascht, ass et net fir Geld ze verbrennen. © Chambre des Députés / flickr

Ähnlech Sujeten Chamberkommissioun, Etienne Schneider, François Bausch, LUXEOSys, Satellit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel