Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Am beschte liewe léisst et sech zu: Melbourne
Kultur Neiegkeeten Stories

Am beschte liewe léisst et sech zu: Melbourne

Scho vir déi siwente Kéier hannert eneen, ass déi australesch

Madrid bereet sech op d’ Iwwernam vu Katalounien vir
Kultur Neiegkeeten Stories

Madrid bereet sech op d’ Iwwernam vu Katalounien vir

Op dësem Samschdeg soll déi spuenesch Regierung erkläre wéi se

USA: Wéi d‘Russen d‘Demokraten ausspionéiert hunn
Kultur Neiegkeeten Stories

USA: Wéi d‘Russen d‘Demokraten ausspionéiert hunn

An de leschte Méint vun der Campagne zur Presidentschaft an

LuxFilmFest 2019: Mat Virtual-Reality duerch d’Filmwelt

LuxFilmFest 2019: Mat Virtual-Reality duerch d’Filmwelt
© Martine De Lagardère/moien.lu
LuxFilmFest 2019: Mat Virtual-Reality duerch d’Filmwelt
© Martine De Lagardère/moien.lu
LuxFilmFest 2019: Mat Virtual-Reality duerch d’Filmwelt
© Martine De Lagardère/moien.lu
LuxFilmFest 2019: Mat Virtual-Reality duerch d’Filmwelt
© Martine De Lagardère/moien.lu
LuxFilmFest 2019: Mat Virtual-Reality duerch d’Filmwelt
© Martine De Lagardère/moien.lu
LuxFilmFest 2019: Mat Virtual-Reality duerch d’Filmwelt
© Martine De Lagardère/moien.lu

Am Kader vum Luxembourg City Film Festival organiséiert de Casino an der Stad Lëtzebuerg nees säi Virtual-Reality Pavilion. Mat enger Rëtsch Filmer a Spiller op allen Etage vum zäitgënnesseg Musée verschwëmmt fir Kleng a Grouss den Ënnerscheed tëscht Realitéit a Film. Duerch d’Kulissen ze spadséieren huet sech nach ni esou echt ugefillt!

Nom groussen Erfolleg vun den zwou leschten Editioune vum Luxembourg City Film Festival empfänkt och dëst Joer de Casino Luxembourg-Forum d’art contomporain zuelräich Festival-Visiteuren mat engem spannende Programm. Heibäi ginn déi neisten weeweisend an originellst Wierker aus der internationaler Zeen presentéiert.

Vu Filmpräis-Gewënner bis hin zu Lëtzebuergesche Co-Produktiounen gëtt eng riseg Bandbreed gebueden. De VR-Pavilion gëtt organiséiert vum Film Fund Luxembourg a Kooperatioun mat PHI Centre Montreal an Digital Luxembourg. D’Filmer ginn dobäi op Englesch an/oder Franséisch gewisen.

De Programm

  • Fan Club vum Vincent Ravalec (55 Min – EN&FR)
    D’Anna, ee Fernseh-Star, hëlt d’Invitatioun vun hirem „Fan Club“ un fir mat hinen zesummen ee Weekend ze verbréngen. Schnell entwéckelt sech dës Aventure zu engem Albdram: vu senge psychesch kranke Bewonnerer gëtt hat entfouert a muss seng eege Karriär duerch d’Emotioune vun deenen aneren erëm erliewen.
  • Playmobil The Movie VR Adevntures vum Olivier Rakoto (5 Min – EN&FR)
    Zesumme mat de Cowboys gëtt een Agelueden an engem Foodtruck vis-à-vis vun enger Bank d’Cliente mat leckerem Iessen ze zerwéieren. Wien wat kritt läit an der eegener Hand, d’Konsequenzen awer och.
  • Arden’s Wake Tide’s Fall vum Eugene YK Chung (29 Min – EN)
    An enger postapokalyptescher Welt lieft eng jonk Fra mat hirem Papp an engem Phare beim onendleche mir. Dobäi muss si eng spannend Rees zur Selbst-Fannung agoen.
  • Battlescar vum Nico Casavecchia a Martin Allais (9 Min – EN)
    D’Teenagerin Lupe aus Puerto Rico fënnt sech an der New Yorker Punk Zeen erëm. Hei trëfft hatt op d’Debbie, mat dem hat duerch den Underground vum Lower East Side vun de spéide 70er Joer leeft.
  • Kobold-Experience vum Max Sacker (20-35 Min – EN)
    Bei dësem Spill ass et un Dir d’Täscheluucht anzepaken an, an engem donkele Bësch an Däitschland ronderëm ze lafen. Am zinematesche Realismus an interaktivem Universum ass et un Dir d’Hiweiser ze fannen an esou an eng mystesch Welt anzedauchen. Deng Aktiounen hu Konsequenzen!
  • The Coast vum Turbulent (4 Min)
    A kuerzer Zäit hëlt dëse Film ee mat duerch d’Landschaft vun enger exotescher Insel mat liewege Faarwen an engem lëschtege Liewen. Zum Rhythmus vum Valaire sengem Soundtrack ass dëst ee gudden Astieg an d’VR-Welt a bréngt jiddwereen zum grinsen.
  • The Real Thing vum Benoit Felici (16 Min – EN&FR)
    Vu Paräis iwwert London, bis op Venedeg reese mir, ouni dobäi China ze verloossen. D’Bierger guidéieren eis duerch eng Parallelwelt, an der si sech entscheet hunn no kulturelle Modeller ze liewen.
  • The Scream vum Sandra Paugam a Charles Ayats (15 Min – EN&FR)
    Dësen Documentaire rifft dem Munch seng Gedanken an Dämonen zum Liewen. Mat der VR-Erfarung kann een dem Kënschtler seng Manien an Aarbechte lieweg novollzéien an entdecken, wouduerch een de bekanntste Kreesch an der Konschtgeschicht besser novollzéie kann.
  • Vestige vum Aaron Bradbury (13 Min – EN&FR Ënnertitel)
    Mir erliewen d’Gedanke vum Lisa, wat u säin Erik, eng verluere Léift, denkt. Dobäi kréie mir eng Rei un Erennerungsstécker ze spieren.
  • Wolves in the Wall: Chapter 1 vum Pete Billington (9 Min -EN)
    Net alles ass wéi et schéngt. Dat beweist och dem 8 Joer jonke Lucy seng Imaginatioun, déi zur Realitéit gëtt. No engem Wierk vum Neil Gaiman an Dave McKean hëllefe mir dem Meedchen erauszefannen, wat sech hannert de Mauere vu sengem Haus verstoppt.

Weider Detailer

Genau Informatiounen zum VR-Pavilion an de Filmer vum Festival fënnt een ënnert luxfilmfest.lu. D’Entrée ass gratis, mee limitéiert an de Plazen. Et ass op vu Moies 11 Auer bis Owes 7 Auer.

Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain
41, rue Notre-Dame
L-2240 Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten Casino, Film, Kino, Luxembourg City Film Festival, Realiteit, Virtual Reality
Nächsten Artikel Virrechten Artikel