Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Haut schonn der Iwwerwaachungskamera zougewonk?
Neiegkeeten Stories

dorama married not dating

Um haitege 16. August fënnt den internationalen Aktiounsdag, bei deem

https://moien.lu/speed-dating-london-21-30/
Neiegkeeten Stories

Carré Rotondes: Kulturell Leckerbëssen zur Saison 2019/2020

De Programm vun de Carré Rotondes fir d’Saison 2019/2020 steet.

D‘Gesondheetskeess leet säi Joresbericht vir
Neiegkeeten Stories

D‘Gesondheetskeess leet säi Joresbericht vir

De 24. Juli huet de Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess (CNS)

LuxFoodExpress: Loosst Iech Äre Menü Heem liwweren!

LuxFoodExpress: Loosst Iech Äre Menü Heem liwweren!

Dir kommt midd vun der Aarbecht an hutt keng Loscht, Iech Gedanken driwwer ze maachen, wat Dir dann elo nach kache sollt? Ma d’Mini-Entreprise LuxFoodExpress hätt hei eng Léisung fir Iech: Wielt tëscht enger Unzuel u proposéierte Rezepter aus, a LuxFoodExpress geet fir Iech frësch akafen a beliwwert Iech och nach!

E Grupp vun néng engagéierte Schüler aus dem Lycée Michel Lucius wëll Iech an Ärem haarden Alldag e Stéck wäit entgéintkommen an huet sech dowéinst eppes Besonnesches afale gelooss. Vill Wäert leeën déi Jonk dobäi och op d’Ëmwelt. Esou gëtt haaptsächlech mat lokale Produite geschafft an drop geuecht, Plastiks-Verpackungen ze vermeiden andeems ee beispillsweis vill mat Glas an Tuten aus Kraaftpabeier schafft.

Luxfoodexpress

Frësch Liewensmëttel ginn Iech virun Är Dier geliwwert! © LuxFoodExpress

Wéi funktionéiert dat dann elo?

Et ass ganz einfach: Op LuxFoodExpress wielt Dir tëscht aacht verschiddene Rezepter aus, déi am Zweewochentakt aktualiséiert ginn. Dir braucht dann einfach nëmmen nach de Formulaire vum Site auszefëllen a per Mail anzeschécken. Liwwerunge si sonndes, ma och do ass ee flexibel a kann eng Zäit uginn, wéini een doheem ass. D’Liewensmëttel ginn den Dag virdru frësch akaaft a fachgerecht gelagert.

Aktuell ass dëse Projet fir ee Joer virgesinn, dann drécke mir eise leidenschaftleche Käch d’Daumen – si maachen dann nämlech hir Première. Deemno wéi gëtt dëse Projet awer länger weidergefouert. Mir si ganz gespaant! A wann Dir drun interesséiert sidd, kuckt mol bei hinnen op Facebook oder Instagram eran!

Weider Mini-Entreprise fannt Dir hei:
Pro’Oc
Glow-Up
SOAP2GO
The Brips

Opmaacherfoto: Eng jonk an dynamesch Ekipp – d’Schüler vun der 2e Commerce aus dem Lycée Michel Lucius. © LuxFoodExpress

Ähnlech Sujeten Frësch, Liewensmettel, LuxFoodExpress, Lycée Michel Lucius, Mini-Entreprise
Nächsten Artikel Virrechten Artikel