Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Den LCGB fuerdert vun der Regierung méi politesch Verantwortung
Cool LOL Neiegkeeten

Den LCGB fuerdert vun der Regierung méi politesch Verantwortung

Um Neijoerschpatt vun der chrëschtlecher Gewerkschaft zu Schëffleng, huet den

angrycrying
En LGBT-Marsch an der Tierkei suergt fir Sträit
Cool LOL Neiegkeeten

En LGBT-Marsch an der Tierkei suergt fir Sträit

Trotz dem Verbuet hunn d’Organisateure vum „Marsch vun der Houfregt

tonguesurprise
Jean Asselborn ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht mat den USA beim Aarbechtsiesse mam Rex Tillerson
Cool LOL Neiegkeeten

Jean Asselborn ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht mat den USA beim Aarbechtsiesse mam Rex Tillerson

Um Dënschdeg huet eisen Ausseminister Jean Asselborn um Aarbechtsiesse vun

coollaughing

LuxLeaks: De juristesche Volet ass fir den Antoine Deltour ofgeschloss

LuxLeaks: De juristesche Volet ass fir den Antoine Deltour ofgeschloss

Wéi den Antoine Deltour gëschter d‘Geriicht um Helleggeeschtplateau verlooss huet, war him unzegesinn, datt hien iwwert d‘Suspensioun vum Uerteel richteg erliichtert war. No zwee Joer zanter dem éischte Prozess, ass dann och de juristesche Volet domatter ofgeschloss.

Si haten zu drëtt als Whistleblower de Steen an de Pull gehäit, an d‘Affär „LuxLeaks“ sollt fir zimlecht Gedauschs an Oprou suergen. Dräi Fransousen haten sech esou 2016 op der Uklobänk erëmfonnt, woubäi um Enn der Justiz nach just den Antoine Deltour iwwreg bliwwen ass.

Den 32 järege Whistleblower hat dann och gutt ze dinn, mat de lëtzebuergescher Justiz. Am Januar allerdéngs, hat d‘Cassatiounsgeriicht dann och dat éischt Uerteel géint dem fréieren Employé vu PricewaterhouseCoopers opgehuewen. Him gouf och de Statut als Whistleblower unerkannt.

Esou war dann déi ganz Affäre virum Appellsgeriicht gelant, dat sech gëschter dem Dossier op neits ugeholl huet. Et ass hei dann och net méi ëm den Déifstall vun „fiskaleschen Ënnerlagen“ gaangen, mee nach just ëm d‘Dokumenter déi opschloss iwwert déi intern Formatioun ginn.

Erënnere mir drun, datt et bei der Audienz vum 27. Mäerz rieds gaangen ass, vu 26.000 Dokument-Säiten zu der interner Formatioun bei PricewaterhouseCoopers, déi de Beschëllegten, zesumme mat de fiskalesch brisanten Dokumenter (20.000 Säiten), den 12. Oktober 2010 matgeholl hat.

Geld kann awer net alles

Fir den Affekot vum Whistleblower, de Mê. Philippe Penning, ass de leschte Volet deen nach behandelt gëtt, rengen „Accessoire“, an den „Déifstall“ vun den Dokumenter mat Bezuch op d‘Formatioun, wier net opgefall, wann et do net ëm d‘Rulings gaange wier.

A grad wéi bei der Instruktioun zu de fiskaleschen Dokumenter, ass och hei net uerdentlech geschafft ginn. Dat kann och dorunner geleeën hunn, datt dat eigentlech d‘Zil vum ganze Spektakel, d‘Opdecke vun deem war, dee fir d‘Verëffentlechung verantwortlech war.

D‘Entscheedung vum Geriicht, d‘Uerteel fir dräi Joer ze suspendéieren, ass eng salomonesch. Et bedeit fir den Antoine Deltour, datt et wuel erwisen ass, datt hie sech dem Déifstall vun den Dokumenter zur interner Formatioun schëlleg gemaach huet, mee keng Strof bestëmmt gëtt.

Fir den Antoine Deltour ass et eng Erliichterung a gläichzäiteg berouegend festzestellen, datt d‘Gesetz um Enn op senger Säit gestanen huet. Hie freet sech doriwwer, datt hien net symbolesch fir eppes veruerteelt ginn ass, datt souwisou kee Mënsch interesséiert huet.

Esou geet dann d‘Geschicht vu LuxLeaks domatter zu Enn, datt de Whistleblower der Zivilpartei PricewaterhouseCoopers de symboleschen Euro muss an de Grapp drécken. Weder PwC nach hiren Affekot wollten sech gëschter zu dësem Uerteel äusseren.

Ähnlech Sujeten Antoine Deltour, LuxLeaks, PricewaterhouseCoopers, Whistleblower
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    1

  • Cool

    8

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0