Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Ëmmer méi LEDe beliichten eis Stroossen – dat huet seng Grënn!
Neiegkeeten

Ëmmer méi LEDe beliichten eis Stroossen – dat huet seng Grënn!

Bis zu 15% vun de Stroumkäschte bei der ëffentlecher Beliichtung kéinten

Konstruktiv Entrevue tëscht dem Etienne Schneider an der Patiente Vertriedung Asbl
Neiegkeeten

Konstruktiv Entrevue tëscht dem Etienne Schneider an der Patiente Vertriedung Asbl

Am Kader vun der Entrevue tëscht dem Gesondheetsminister Etienne Schneider

Opgepasst beim Ofweien – et gëtt oft falsch gerechent!
Neiegkeeten

Opgepasst beim Ofweien – et gëtt oft falsch gerechent!

Den ULC ass an der Läscht mat ville Plainte vu

LuxLeaks: Cassatiounsgeriicht hieft Uerteel géint den Antoine Deltour op

LuxLeaks: Cassatiounsgeriicht hieft Uerteel géint den Antoine Deltour op

Haut de Moien huet d‘Cassatiounsgeriicht zu Lëtzebuerg d‘Uerteel vum Antoine Deltour, engem vun den zwee Whistleblower, déi als d‘Auteure vum Skandal LuxLeaks bezeechent gi sinn, opgehuewen. Fir de Raphaël Halet, deen och am Mäerz 2017 am Appell veruerteelt ginn ass, hat d‘Cassatiounsgeriicht net esouvill Versteesdemech, a huet seng Demande refuséiert.

Béid Employéeë vu „PricewaterhouseCoopers“ (PWC) haten déi fiskal Optimiséierung vun den internationale Konzerner zu Lëtzebuerg ëffentlech gemaach. Allerdéngs haten déi zwee Beschëllegt zu dësem Zweck, bei hirem Patron Dokumenter „agestach“, déi se un de franséische Journalist Edouard Perrin weiderginn hunn. Wéinst dëse „Revelatiounen“ si béid Whistleblower juristesch ugesicht ginn.

An der éischter Instanz waren den Antoine Deltour zu enger Strof vu engem Joer Prisong mat Sursis an 1.500 Euro Geldstrof; den Raphaël Halet, zu néng Méint Prisong mat Sursis an enger Geldstrof vun 1.000 Euro veruerteelt ginn. De Journalist Edouard Perrin war hei fräigesprach ginn. PricewaterhouseCoopers hat hirersäits gefrot, dat hire Statut als „Affer“ bäibehale soll ginn. Am „Civil“ hat den Auditeur, entspriechend senger Fuerderung, een Euro Schuedenersatz zougesprach kritt.

Am Mäerz 2017 huet d‘Cour d‘Appell den Antoine Deltour zu sechs Méint Prisong mat Sursis an enger Geldstrof vun 1.500 Euro veruerteelt. De Raphaël Halet, nach just zu enger Geldstrof vun 1.000 Euro. De Fräisproch géint de Journalist war vum selwechte Geriicht bestätegt ginn. Den Edouard Perrin ass dann och der Usicht, datt déi Lëtzebuerger Justiz an dësem Fall, fir PWC Partei ergraff hätt.

E ganz anert Bild am Frankräich

D‘Affär LuxLeaks huet dann awer net nëmmen d‘Geriicht zu Lëtzebuerg beschäftegt. Och um Geriicht zu Metz huet dësen Dossier fir Welle gesuergt. Dat dann awer mat engem substantiellen Ënnerscheet: op der Bänk vun den Ugekloten huet PricewaterhouseCoopers gesiess. Dat well de Journalist Edouard Perrin, den Auditeur ugesicht huet.

Hei huet dann och de Journalist vu „Cash Investigation“ dann och Piece virgeluecht, dat hie schonn 2012 opgedeckt hat, wéi déi international Konzerner zu Lëtzebuerg e lächerlech niddrege Steiersaz, duerch vu Pwc verhandelt Accorden, zougesprach kritt hunn. D‘Informatiounen heizou, hat den Edouard Perrin an enger éischter Phas vum Antoine Deltour erhalen, an ee puer Méint drop och vum Raphaël Halet, zu deem Ament nach Employé am „Tax Service“ vu PWC.

Wéi et dozou komm ass, datt PWC am Joer 2014 beim Geriicht konnt eng Ordonnance erwierken, fir beim Raphaël Halet d‘Informatikmaterial ze saiséieren, ass haut net méi gewosst. Fakt awer ass, datt dës Mesure de Quelleschutz vum Journalist verletzt huet, deen esouwuel vun der franséischer Justiz, wéi eben och vun der europäescher Mënscherechtskonventioun garantéiert ass.

Et war nämlech unhand vum Material datt beim Raphaël Halet saiséiert ginn ass, wou béid Whistleblower zu Lëtzebuerg konnten ugesicht ginn. PWC hat ee Méindeg iwwert hiren Affekot, zu Metz de „Report“ vun der Verhandlung ugefrot, wat awer vum Geriicht zréckgewise ginn ass. Begrënnung vum Geriicht: De Raphaël Halet hätt ëmmer nach d‘Méiglechkeet, sech un dat europäescht Mënscherechtsgeriicht ze wennen, wouduerch d‘Prozedur bis zu zwee Joer an d‘Längt kéint gezu ginn.

Interessant bei der Geriichtsverhandlung zu Metz war, datt de President vum Geriicht drop higewisen huet, datt hie seng Entscheedung an dëser Saach, eenzeg op d‘Legitimitéit vun der Ordonnance wäert baséieren. Beim Uerteel dat ee sech zu Metz fir Ufank Februar erwaart, geet also kengeswees ëm de Quelleschutz vun de Journalisten, oder de Rechter vun de Whistleblower.

Foto: Den Antoine Deltour (Mëtt) mam sengem Affekot a sengem Brudder, no der Verhandlung um Cassatiounsgeriicht. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Antoine Deltour, Edouard Perrin, LuxLeaks, PricewaterhouseCoopers, Raphaël Halet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel