Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angrylaughing
Editorial: Vun der Autosindustrie op de Aarm geholl
Geek Neiegkeeten Sport

Editorial: Vun der Autosindustrie op de Aarm geholl

Also der musst net mengen, datt just wëll an der

D‘Lava vum Vulkan Kilauea bedreet eng geothermesch Fabrick op Hawaii
Geek Neiegkeeten Sport

D‘Lava vum Vulkan Kilauea bedreet eng geothermesch Fabrick op Hawaii

D‘Lavastréim déi sech lues awer bestëmmt aus dem Vulkan Kilauea

dislike
Gutt digital equipéiert Klassesäll hëllefen eise Schüler, mee et gëtt nach vill ze maachen
Geek Neiegkeeten Sport

Gutt digital equipéiert Klassesäll hëllefen eise Schüler, mee et gëtt nach vill ze maachen

Laut der OECD sinn zu Lëtzebuerg d’Schüler iwwerduerchschnëttlech resilient. Domat

geek

Luxmasters 2017: Eng gelonge Première fir Lëtzebuerg

Luxmasters 2017: Eng gelonge Première fir Lëtzebuerg

„E-Sports“ (den elektronesche Sport) huet och zu Lëtzebuerg seng Community a besser nach, et gëtt hei och de Veräin „E-Sports Lëtzebuerg Asbl“ dee schwéier motivéiert ass an weder d‘Aarbecht nach d‘Méi scheit, fir Grousses ze organiséieren.

Um Vergaange Samschdeg hunn de Steve a Sven Cannivy mam Jerôme Becker, ënnerstëtzt vu ville Frënn a Kollegen, an der Schongfabrick zu Téiteng den éischten Tournoi am „Counter Strike: Global Offensive“ (CS:GO) iwwert d‘Bühn bruecht.

En Tournoi, wou d‘Ausscheedungen am Netz stattfonnt haten. Hei hunn sech ënnert den 23 Equippen d‘Finalisten erauskristalliséiert, déi sech da souzesoen am „Tête-à-tête“ zu Téiteng ëm d‘Podiumsplaze „gestridden“ hunn.

Em wat et geet

Counter-Strike, kuerz CS, ass e Computerspill aus dem Genre vun den „Online-Taktik-Shooter“. D‘Spill selwer gëtt et säit 1999 an huet weltwäit en enorme Succès. Am Spill selwer geet et ëm d‘Ausenanersetzung tëscht Terroristen engersäits an enger Antiterror-Eenheet anerersäits.

CS gehéiert zu den am meeschte gespillten „Games“ am E-Sport. Zwee Teams vu fënnef Spiller mussen an engem Match eng festgeluechten Unzuel vu Ronnen an jeeweils béide Formatioune spillen. D‘Opträg sinn kloer definéiert, de Géigner huet ëmmer d‘Aufgab d‘Zil vun deem aneren ze verhënneren.

Lëtzebuerg

© Lux Masters

Op Terrorist oder Polizist, alles huet Vir- an Nodeeler. Gestart gëtt an zwee op der Kaart festgeluechte Beräicher, déi ginn „Spawn-Zon“ genannt. Mat engem Startkapital kafen d‘Spiller sech hir Waffen. Eng Ronn ass dann eriwwer, wann een Team entweder säin „Optrag“ erfëllt huet, de Géigner „eliminéiert“ ginn oder d‘Zäit ofgelaf ass.

Gutt opgestallt

Fir eng Première, esou de Steve Cannivy, si mir ganz frou an och e bësschen iwwerrascht, datt esou vill Leit de Wee op eisen Tournoi fonnt hunn. Datt wéist eis, datt mir eis Aarbecht richteg maachen an och déi Zäit, déi ee fir esou eppes muss opwannen, net verbëtzt ass.

Den Tournoi, deen den 1. Oktober online ugefaangen huet an aus deem no 60 Matcher eis dräi Finalisten ervirgaange sinn, ass deen éischten dëser Aart zu Lëtzebuerg. Fir an der Schongfabrick matzespillen, huet all Spiller säi Computer misse matbréngen. D‘Infrastruktur huet d‘Asbl gestallt.

Et ass datt och eng vun de Besonneschkeete vun dësem Event. Et gëtt net op enger Konsole, (Genre Playstation) gespillt. Hei muss de schonn e Krack un der Maus an der Tastatur sinn fir matzehalen. Erfreelech dann och, datt bis op e minimale Problem mat enger Tastatur, keng Tëschefäll ze notéiere waren.

„You win“

Vu moies fréi bis an de spéiden Owend hunn sech also dräi Equippe virtuell am zwee Minuttentakt ermuerkst. „Mind Games“ sinn trotz enger éierbarer drëtter Plaz d‘Verléier vum Dag.

Lëtzebuerg

Haart awer Fair, beim Counter Strike Global Offensive huet sech kee vun de Finaliste beim éischte „Luxmasters“, organiséiert vun E-Sports Lëtzebuerg Asbl eng Bléist ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

D’Team „BeKingz“ huet sech partiell duerch Héichten an Déifte misse schloen. Gutt am Grëff haten si d‘Spill wann se d‘Roll vun der Antiterror-Eenheet haten. Kengem vun hire Géigner hunn si et de ganzen Dag iwwer liicht gemaach. Um Enn sollt et dann awer nëmmen déi zweet Plaz sinn.

Vir d‘Helde vum Dag: „We Live Games“ war de ganzen Tournoi e flott Erliefnis. Taktesch ganz gutt opgestallt an als eng vun de beschten Equippen am CS:GO vu Lëtzebuerg renomméiert, hunn si näischt ubrenne gelooss. Si waren als Favorit ugereest a sinn dann och dem Usproch gerecht ginn.

Foto: D’Gewënner vum Luxmasters 2017: We Live Games. © Nightler.com

Ähnlech Sujeten e-Sports, E-Sports Lëtzebuerg Asbl, Schongfabrik, Téiteng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel