Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Netzneutralitéit däerf net stierwen!
Neiegkeeten Sport

Netzneutralitéit däerf net stierwen!

Geld regéiert net nëmmen d‘Welt mee ganz kloer och den

Eis jonk Lëtzebuerg zu Buenos Aires: den drëtten Dag
Neiegkeeten Sport

Eis jonk Lëtzebuerg zu Buenos Aires: den drëtten Dag

Um drëtten Dag huet Eléonora Molinaro un der Säit vum

cool
E Liewen no „Porn Queen“? Méiglech, a sënnvoll
Neiegkeeten Sport

E Liewen no „Porn Queen“? Méiglech, a sënnvoll

Datt et no „Porn Queen” nach ee Liewe gëtt beweisen

Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat

Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
Rootless kroopt sech eng verdéngten 3. Plaz, an huet gefeiert wéi e Gewënner. © E-Sports Lëtzebuerg Asbl
Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
waduHek sinn d‘Luxmasters 2018. Vun dëser Säit aus „Gratulatioun“ fir eng gutt Leeschtung. Et huet déck Spaass gemaach, iech nozekucken. © Martine de Lagardère/moien.lu
Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
Vicious 5 konnt sech net fir d‘Final qualifizéieren, mussen sech awer am Bezuch op hir Leeschtung näischt virwerfen. „It‘s a game“ a sinn hunn duerchaus Potential fir eng Revanche. © E-Sports Lëtzebuerg Asbl
Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
Mind Games eSports haten sech bravouréis an d‘Finall gekämpft, an waren e wierdege Géigner vu waduHek. © E-Sports Lëtzebuerg Asbl
Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
Nëmmen net den Iwwerbléck verléieren. © Martine de Lagardère/moien.lu
Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
D‘Luxmaster sinn op twitch.com via Livestream iwwerdroe ginn. De Kommentar dozou hunn dës zwee léif Jonge geliwwert. Si hunn et drop, verstinn hiert Handwierk a dierften, wann d‘Zesummenaarbecht esou weidergefouert gëtt, zum Luxmasters-Inventar gehéieren. © Martine de Lagardère/moien.lu
Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
E Bléck op „d‘Arena“. © Martine de Lagardère/moien.lu
Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
Wann d‘Asbl E-Sports Lëtzebuerg d‘Luxmasters organiséiert, kann ee sécher sinn, datt et och lecker eppes ze baffe gëtt. Natierlech ass och keen erdiischtert… © Martine de Lagardère/moien.lu
Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
Eng mega léif Persoun, de Patrick Villar Meneses vun „iHelef“. An dat wat een hei als Schëff identifizéiert, ass dat wat een ënnert engem personaliséierte Computer versteet. Esou eppes kann ee sech baue loossen, aner „Formater“ sinn och méiglech. Einfach beim Patrick froe wéi et geet. © Martine de Lagardère/moien.lu
Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
Alles huet een dierfen ausprobéieren. Dat war esou cool! © Martine de Lagardère/moien.lu
Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
Retro-Games leie voll am Trend, op dësem „Remake“ vun Nintendo sinn eng 30 Spiller drop, déi et nëmme fréier ginn huet. Schued allerdéngs, datt op dëser Versioun d‘Kabele vun de Manetten extrem kuerz „gerode“ sinn, fir de Recht dat richteg fir sech eng Auszäit vum Alldag ze gënnen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
Bei „Zocken Mat Häerz“ war de klenge „Mario“ gutt mat derbäi, an wéi ee ka gesinn, war gutt Laun Tromp. © Martine de Lagardère/moien.lu
Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
Bei „Counter Strike Global Offensive“ stinn sech zwou Equippen zu jee fënnef Spiller géinteniwwer. © Martine de Lagardère/moien.lu
Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
An hei dat „Blummendëppen“ dat sech jidderee gäre mat Heem geholl hätt, mee et konnt nëmmen een Team d‘Coupe gewannen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
Béi der Halleffinall am fréien Nomëtteg, war den Undrang nach net ganz esou grouss, dat sollt sech bei der entscheedender Renconter änneren. © Martine de Lagardère/moien.lu
Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
Wou der dëse Calicot gesitt, sidd der richteg! © E-Sports Lëtzebuerg Asbl

Wat wat dat nees e gäile Weekend an der Schongfabrick zu Käl-Téiteng. Mir waren agelueden op déi zweet Editioun vun de Luxmasters, déi och dëst Joer vun „E-Sports Lëtzebuerg Asbl“ organiséiert ginn ass. Eng kleng Associatioun déi hei alt nees eng fantastesch Aarbecht geleescht huet, an sech mat enger Handvoll Partner, op e neits beschtens an Zeen gesat hunn.

Am Mëttelpunkt natierlech den Event „Counter Strike: Global Offensive“ (CS:GO), wou sech an der Virronn 14 Equippe géinteniwwer gestanen hunn. D‘Reegele waren dëst Joer eppes méi streng: et huet ee misse „Resident“ sinn, oder Lëtzebuerger am Ausland. Vu September bis Oktober haten d‘Gruppephasen (alles online an deels am Livestream via Twitch ze verfollegen) stattfonnt, iert et zu de „Brackets“ (Eliminatiounsphas) komm ass, wou déi véier Finalisten ermëttelt gi sinn.

Spannung bis zur leschter Sekonn

Dat waren: waduHek, Rootless, Mind Games eSports a Vicious 5. Véier Equippen, déi iwwert de ganze Samschdeg ewech fir vill Spannung gesuergt hunn. An den Halleffinalle stoungen, oder besser ausgedréckt, „souzen“ sech géinteniwwer: waduHek vs Rootless (16:5 / 16:10) an Vicious 5 vs Mind Games eSports (8:16 / 13:16). waduHek war dann och – um Pabeier zumindest – als de Favorit am Endspill ze consideréieren. Entspriechend gespaant hunn d‘Fans d‘Finall verfollegt.

D‘Equipp waduHek huet dës „Spannung“ zolidd oprechterhalen. An der éischter Manche, konnten si net vun Ufank un hir Strategie ëmsetzen, woubäi se sech keng bléist erlaabt haten. Si mussen de Komerode u Mind Games eSports dat éischt Spill mam Score vun 13:16 ofginn. Den Drock war grouss, an d‘Team mega motivéiert, an schonn an der zweeter Manche hu si sech mam Score 16:8 kloer duerchgesat kritt. An der entscheedender Manche, hëlt sech waduHek mat 16:13 d‘Coupe.

Mam Titel „Luxmasters 2018“ huet sech waduHek ee schéine Kaddo, nach viru Kleeserchersdag gemaach. Si sinn d‘Champione vu Lëtzebuerg an engem vun de weltwäit am meescht gespillten „Online-Taktik-Shooter-Game“. E Spill, dat zanter 1999 besteet a bis haut näischt vu sengem Potential verluer huet. Hei stinn sech jeeweils zwou Equippe mat fënnef Spiller géinteniwwer, déi ofwiesselnd emol d‘Roll vun den Terroristen, emol dee vun der Antiterror-Eenheet iwwerhuelen.

E krass coole Kaderprogramm

Wann et leschte Samschdeg an éischter Linn drëms gaangen ass de neie Lëtzebuerger Champion am CS:GO ze ermëttelen, esou ass et och eng gëlleg Geleeënheet, aneren Associatiounen a Veräiner eng Visibilitéit ze erméiglechen. D‘Invitatioun ass mat vill Begeeschterung ugeholl ginn, an et war och eng ganz flott Erfahrung. Mir hunn eis déi Band dann och eppes mee genee ugekuckt, an si sinn all Reklamm wäert, déi een hinne maache kann. Fir esouvill Engagement, vun hei aus e grousse Merci.

iHelef“ war Present an de Patrick Villar Meneses, hat sech um Samschdeg fir eng Kéier net mat all deene Problemer ze befaassen, déi him soss esou zougedroe ginn. Nee an der Schongfabrick huet dësen äerdege Kärel, déi virtuell Realitéit jidderengem spilleresch zougänglech gemaach, deen sech derfir interesséiert huet. Soss besteet säin Alldag éischter aus „deenen aneren hëllefen“, an dat ewell säit gutt 11 Joer. An elo dat verréckt dorunner: et kascht kee Wak, kee Su, kee Cent… Gitt emol kucken.

Och mat derbäi „videogames.lu“, vu Koplescht, déi scho mat hirem „Gaming Café“ mega Succès hunn, an mat vill Begeeschterung derzou bäigedroen hunn, datt et kengem langweileg ginn ass, wann sech op der Bühn d‘Kontrahenten eng Paus gegënnt hunn. Et muss zudeem och net ëmmer en elektronescht Spill sinn, wéi et op eng flott Aart a Weis vun „Social Gaming Luxembourg“ konnt demonstréiert ginn. Gesellschaftsspiller, sinn absolut gëeegent säi fir soziaalt Ëmfeld ze erweideren.

Vergiesse mir dann och net d‘Bedeelegung vun „Zocken mat Häerz“. Et dierf och net de Merci un d‘Gemeng feelen. Esou wéi et eis zougedroe gouf, waren si ganz frou d‘Asbl E-Sports Lëtzebuerg nees an hire Raimlechkeeten opzehuelen. Et ass jo och flott wa „liewen an der Bud ass“, an den Hausmeeschter verdréit sech och beschtens mat der Equipp. Last not least, och e Merci fir de Sponsor vun de Luxmasters 2018, JOIN. Et ass dann och bis an d‘Nuecht gefeiert ginn.

Foto: waduHek sinn d‘Luxmasters 2018. Vun dëser Säit aus „Gratulatioun“ fir eng gutt Leeschtung. Et huet déck Spaass gemaach, iech nozekucken. © E-Sports Lëtzebuerg Asbl

Ähnlech Sujeten e-Sports, E-Sports Lëtzebuerg Asbl, Luxmasters 2018, Mind Games eSports, Rootless, Schongfabrik, twitch.com, Vicious 5, waduHek
Nächsten Artikel Virrechten Artikel