Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Théâtre Le 10: De Programm vum Januar 2020
Neiegkeeten

Théâtre Le 10: De Programm vum Januar 2020

Den Théâtre Le 10 an der Stad ass eng Plaz

De Knaschtpitti vun der Sauer – Fall opgekläert!
Neiegkeeten

De Knaschtpitti vun der Sauer – Fall opgekläert!

Nodeems d’Sauer ëmmer erëm verknascht ginn ass, konnt een zwar

US-Milliardär op Konfrontatiounskurs mat Dänemark
Neiegkeeten

US-Milliardär op Konfrontatiounskurs mat Dänemark

Wat nach virun ee puer Deeg als „Rumeur“ verkaf ginn

Luxmobil: Den Infrastrukturminister mat éischte Resultater vun der Mobilitéitsenquête

Luxmobil: Den Infrastrukturminister mat éischte Resultater vun der Mobilitéitsenquête

Um Donneschdeg huet den Infrastrukturminister François Bausch déi éischt Resultater vun der Mobilitéitsenquête, déi tëscht Februar a Juni 2017 gemaach ginn ass, virgeluecht.

Befrot gi ware 40.000 Menagen aus Lëtzebuerg a 45.000 Grenzgänger. No enger éischter Evaluatioun vun den Äntwerten, konnt dann elo de Medien en Iwwerbléck op d‘Enquête erméiglecht ginn. Eng méi detailléiert Analys sollt an de nächste Méint virleien.

Mat dëser Analys sollt et dann och méiglech sinn verschidde strategesch Projeten am Domaine vun der Mobilitéit unzegoen. Dorënner d‘Optimiséierung vum ëffentlechen Transport (RGTR) oder den Update vun der nationaler Strategie fir eng nohalteg Mobilitéit (MoDu).

Vu Februar bis Mäerz vun dësem Joer hat de Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen (MDDI) also déi Enquête lancéiert, fir och representativ Donnéeën ze erhalen. Wat och déi grouss Zuel u Befroten erkläert.

Den Auto huet nach ëmmer en héije Stellewäert

Geäntwert hunn eng ronn 30% vun de Leit, wat eng duer geet fir e Gesamtbild vun de Besoinen ze erstellen. Fir den Trajet deen d‘Leit op d‘Aarbecht féiert, ass den Auto déi éischten Optioun och an de Spëtzestonnen, den ëffentlechen Transport läit hei op zweeter Plaz.

Och bei den Deplacementer déi berufflecher Natur sinn, a sech haaptsächlech op déi gängeg Aarbechtszäite begrenzen, ass och den Auto dominant. Den Undeel u Schüler a Studenten déi an de Spëtzestonnen „gefouert“ ginn ass enorm héich, besonnesch Mueres. (39% gi mam Auto an d‘Schoul gefouert, 38% notzen den ëffentlechen Transport, 21% ginn ze Fouss).

Fir d‘Deplacementer an der Fräizäit, déi ausserhalb de Spëtzestonne gemaach ginn, gëtt der doucer Mobilitéit eng gréisser Plaz ageraumt. Bannent de Spëtzestonne gëtt sech dann awer nees léiwer an den Auto gesat.

Hëlt een all d‘Trajeten zesummen, erkennt een dräi Spëtzten op den Dag. Moies ass ganz däitlech eng Spëtzt ze erkennen, déi an Zesummenhang mam Wee op d‘Aarbecht, respektiv an d‘Schoul steet. D‘Spëtzten déi et an der Mëttegstonn an Owes gëtt, sinn zur Halschent mam Aarbechtswee a mat der Fräizäit verbonnen.

De Minister ass zouversiichtlech

Wat d‘Strategie MoDu betrëfft, esou gëtt sech den Infrastrukturminister François Bausch zouversiichtlech. Déi Objektiver déi ee sech bis 2020 gesat huet, sollten ze erreeche sinn.

Den Taux vu Schüler a Studenten déi mam Auto gefouert ginn, esou d‘Feststellung bei 39%, wier, esou de Minister, e reelle Problem fir de Verkéier um fréie Moien. Deem misst ee begéinen, engersäits duerch e Mentalitéitswiessel, anersäits duerch eng besser Offer vum ëffentlechen Transport, dem Bau vu Vëlospisten, a firwat net, engem Decalage vun de Schoulstonnen.

Op een elo d‘Schoulstonne soll verréckele fir datt manner Autoen op der Strooss sinn, oder et net awer besser wier, all déi Leit vum „Co-Voiturage“ ze iwwerzeegen, déi wierklech nëmmen op d‘Schaff an nees Heem fueren, sief dohinner gestallt. D‘Erausfuerderunge leien op der Hand, elo mussen se ugepaakt ginn.

Foto: Den Infrastrukturminister François Bausch bei der Virstellung vun den éischte Resultater vun der Mobilitéitsenquête. © MDDI/SIP

Ähnlech Sujeten François Bausch, Infrastrukturministère, Mobilitéitsenquête
Nächsten Artikel Virrechten Artikel