Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Déi europäesch Zentralbank stellt sech op en Handelskrich an
free online dating sites subscription

when did baekhyun and taeyeon start dating

Während op alle Mäert d‘Suerge vun engem vum Trump provozéierten

https://moien.lu/description-of-self-for-dating-site/
free online dating sites subscription

D’ULC an d’Banken – Veruerteelung vum Diktat

Schonn nees maachen d’Banken an enger negativer Aart a Weis

surprise
Editorial: De Golan gehéiert zu Israel, wéi d‘Krim zu Russland
free online dating sites subscription

Editorial: De Golan gehéiert zu Israel, wéi d‘Krim zu Russland

Wat huet den Donald Trump der Welt scho Stéiss ginn,

Luxtram – eng ongerecht an onbegrënnte Kënnegung?

Luxtram – eng ongerecht an onbegrënnte Kënnegung?

D’Personal vu Luxtram fuerdert besser Aarbechtskonditiounen. D’Direktioun äntwert mat der onerkläerlecher Kënnegung vun engem Salarié. Doduerch hu si ee soziale Konflikt ugestëppelt, den beim OGBL a Landesverband heftegt kritiséiert gëtt.

Ee Gebuertsdag gëtt normalerweis anescht gefeiert. Ee Joer an een Dag nom Startschoss fir den Tram ass ee Papp vun zwee Kanner mat enger Kënnegung „beschenkt“ ginn. De Mann, den vun Ufank un bei Luxtram agestallt war, ass hei, laut OGBL a Landesverband, Opfer vum sozialen Drock ginn, wouduerch d’Firma, zu Zäite vum Sozialkonflikt, de Salarié ouni bekannten Ursaach eraus gehäit huet.

Just 10 Deeg virdrun ass de Mann bei enger Evaluatioun mat engem ganz befriddegende Resultat bewäert ginn. Als Zoustännege fir den reiwungslosen Oflaf duerch d’Planifikatioun vum Fuerplang, huet hie wärend der Schueberfouer scho virgeworf kritt, responsabel fir d’Gestioun vum Aarbechtsplang gewiescht ze sinn. Hei hätt ee vläicht ee plausibele Grond fanne kënnen, den d’Kënnegung berechtegt.

Luxtram

© Luigi de Stephanis/moien.lu

D’Gewerkschafte gesinn d’Begrënnung éischter doranner, datt de Gekënnegten sech sozial engagéiert huet – ee grousse Problem zu Zäite vum soziale Konflikt. Ee komeschen Zoufall esou kuerz virun de Sozialwahlen, déi den 12. Mäerz 2019 wäerte stattfannen.

Viru kuerzem huet Luxtram sech selwer gratuléiert, datt si ee Joer ouni déidlechen Accident iwwerstanen hunn, woubäi d’Statistike bei engem Doudegen an den éischten 8 Méint leien. Elo gëtt et awer wuel näischt méi ze zelebréieren. Mat Affirmatiounen, wéi „Mir wäerten dech lassginn“ oder de Plang, een bis zwee Rabbelkäpp virun d’Dier ze setzen, fir datt d’Personal sech schnell calméiert, déi laut de Gewerkschafte vun der Luxtram-Direktioun komm sinn, stellt Societéit sech net grad an ee gutt Liicht.

Grad an Zäiten, wou et hinnen definitiv u Personal mangelt a vill Posten nach oppe stinn, wier et wuel méi effektiv d’Aarbechtskonditiounen unzepassen, an esou déi oppe Plaze méi attraktiv ze maachen. Aus dësem Grond verlaangen d’Gewerkschaften nieft der direkter Reintegratioun vum Gekënnegten och d’Aféierung vun enger kollektiver Konventioun an déi selwecht Aarbechtskonditioune wéi am ëffentlechen Déngscht.

De Bausch zitt de Schwanz bäi

No enger parlamentarescher Fro vum Deputéierten David Wagner (déi Lénk) huet ausgerechent de François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, sech schnell aus der Affär gezunn. Fir hien ass et keng Aufgab vun engem Minister sech an esou Verhandlungen, tëschent soziale Partner vun enger kommerzieller Societéit anzemëschen, och wann se zum Deel zum Staat gehéiert. Trotzdeem huet de Minister, zesumme mat der Stater Buergermeeschtesch, Lydie Polfer, d’Manifestatioun vun de Gewerkschaften zur Aweiung vum leschte Streckenofschnëtt vum Tram besicht.

Wat Luxtram selwer dozou seet

An engem Communiqué widdersprécht d’Societéit dem OGBL a Landesverband, datt si de Salarié wéinst sengem sozialen Engagement virun d’Dier gesat hunn. D’Kënnegung soll, laut Luxtram, aus professionelle Grënn eraus gaange sinn, déi de Salarié duerch de Code de Travail mat enger Demande nofroe kann.

Donieft erklären si, datt si net doriwwer Bescheed woussten, datt de Gekënnegte sozial engagéiert war an eng gewerkschaftlech Lëscht fir d’Sozialwahlen 2019 opstelle wollt.

Opmaacherbild: © Luigi de Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten Kënnegung, Landesverband, LuxTram, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel