Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann aus engem Kannerwonsch e Kannerbuch entsteet
https://moien.lu/sandy-hook-up-in-heaven/

Wann aus engem Kannerwonsch e Kannerbuch entsteet

En Donneschdeg gouf op der Schëfflenger Gemeng e besonnescht Kannerbuch

botanical speed dating
https://moien.lu/sandy-hook-up-in-heaven/

dating sites for 5th graders

Um Mëttwoch ass an der Strooss Charles IV zu Lëtzebuerg

Affär Epstein: Hu seng Giischtercher gepennt statt uecht ze dinn?
https://moien.lu/sandy-hook-up-in-heaven/

Affär Epstein: Hu seng Giischtercher gepennt statt uecht ze dinn?

Eigentlech ass et en Trappewitz vun der Geschicht, an déi

Luxtram SA gesäit kee Grond sech mat Gewerkschaften ofzeginn

Luxtram SA gesäit kee Grond sech mat Gewerkschaften ofzeginn

D‘Aktionäre vun der Luxtram SA sinn de Staat an d‘Gemeng Lëtzebuerg, d‘Salariéeën hunn awer de Statut vum Privatsecteur, an esou sinn d‘Aarbechtsverträg dann och net deene vum ëffentlechen Déngscht ugepasst, esou wéi dat Beispillsweis, fir d‘Buschauffere vun der Stad Lëtzebuerg oder der Eisebunn (CFL) de Fall ass.

An heit gëtt dann och knallhaart d‘Kaart vum Privatpatron ausgespillt: et gëtt grad emol esouvill Pai bezuelt wéi ee muss, wat dann och séier wéineg ass fir déi Aarbechtsleeschtung déi erwaart gëtt. Domatter net genuch, eng Schicht bei der Luxtram SA dauert 13 Stonnen. Am Verglach: beim RGTR (Busser) läit d‘Amplitude bei 11 Stonnen, op der Eisebunn nach 10 Stonnen.

OGBL an FNCTTFEL fuerderen dann och engersäits eng konsequent Lounupassung an déi selwecht Aarbechtsbedingunge wéi am ëffentlechen Déngscht. Dat sollt alles verhandelt ginn, mee d‘Direktioun vun der Luxtram SA verweigert sech dem Dialog. Déi gesinn sech da wuel um „längeren Hiewel“, firwat d‘Gespréicher elo op Äis geluecht goufen.

Vu baussen OHO, vu bannen OJE?

Den OGBL an d‘FNCTTFEL kontestéiere net, datt den Tram fir d‘Ëffentlechkeet e Succès ass. An et ass och keen do deen de Projet als Solches a Fro stelle wëll. Et ass dann awer bei der Gestioun wou d‘Lompe sténken, wat een unhand de schlechte Manéieren, déi géintiwwer de Gewerkschafte gewise ginn, och esou net bestreide kann. Mee bon esou funktionéiert de moderne Kapitalismus.

Bei de Gewerkschafte geet een dann aktuell och net méi dovunner aus, datt mat deene Vertrieder deenen si sech ausgesat fillen, nach e Gespréich op Aenhéicht méiglech ass. D‘Direktioun erzielt de Gewerkschaftler stänneg, datt si hirem Verwaltungsrot verflicht sinn, wat heescht, datt si keng Entscheedungen treffe kënnen. Do maache Verhandlungen dann och séier wéineg Sënn.

„Et ass dat oder näischt!“

„Dat“ dorënner versteet d‘Direktioun vun der Luxtram SA, d‘Ëmsetzung vum interne Reglement an ee Kollektivvertrag. Datt bei de Gewerkschafte sämtlech rout Luuchte gläichzäiteg blénken, dierft och deem verbruetste Politiker aliichten.

Bei der Luxtram SA, leien d‘Paie vun de Mataarbechter 40% ënnert deenen déi am ëffentleche Secteur üblech sinn, an et muss een (als Tram-Chauffer) och nach méi Zäit op der Schaff verbrénge wéi soss anzwousch. 13 Stonne Präsenz gëllt als „Mindestufuerderung“ an d‘Personal hätt „déi Konditioune bewosst esou ënnerschriwwen, et géif also kee Grond ze kloen“, esou Luxtram SA.

Aussoen, déi vu Leit gemaach ginn, déi e villfacht vum betraffene Salarié all Mount erhalen. Si gesinn sech op de sécherer Säit, an esoulaang wéi een de Ball kann hin an hir ginn, besteet eng Pattsituatioun. Dat ass awer e geféierlecht spill. Wann eng Direktioun d‘Vertraue vun de Mataarbechter bis emol verluer huet, dann ass et fort.

Seng Kredibilitéit dann och direkt beim Start vun der Entreprise einfach esou an d‘Dreckskëscht ze geheien, ass fir d‘Direktioun och eng zimlech blöd Aart a Weis senger Iwwerhieflechkeet Ausdrock ze ginn. D‘Direktioun ass et nämlech déi, wann et zur Ausenanersetzung kënnt, d‘Pan klake muss. Wann et Haart op Haart kënnt, stellt sech kee Politiker virun d‘Direktioun.

Sozialdumping geet guer net

Dat een op Gewerkschaftssäit och de Sozialdumping mat alle Mëttel wëll verhënneren, also d‘Salaire vun de Mataarbechter vu Luxtram SA, deene vun den anere Beschäftegten aus dem ëffentlechen Transportsecteur wëll ugläichen, ass zu gudder Lescht och hir „raison d‘être“. Dat gëllt selbstverständlech och fir d‘Amplituden.

Si weisen zudeem drop hin, datt et fir d‘Eisebunner e groussherzoglecht Reglement gëtt, a froen sech, firwat deen net och fir den Chauffer vum Tram ka gëllen? Bis op d‘Ausbildung ass d‘Aarbecht esou verschidden net. Iwwerhaapt wier et vill méi komplex en Tram ze steieren, wéi en Zuch oder e Bus. Eigentlech ass et direkt béides.

E Chauffer um Tram muss nieft dem Fueren, de Verkéier am A behalen an ass fir d‘Sécherheet vun de Passagéier zoustänneg déi eran oder erausklammen. Dat verlaangt eng zolidd Konzentratioun. Mat all Dag 13 Stonne schaffen eng Erausfuerderung, fir déi keen d‘Verantwortung dierft iwwerhuelen. A wéi een do soll Beruff a Famill ënnert een Hutt bréngen, ass och net gewosst.

Wann dann nach d‘Direktioun téint, datt hir Mataarbechter sech jo kéinten eng Wunneng an der Stad huelen, dann ass datt carrement beleidegend. Et sief dann, d‘Direktioun vu Luxtram hätt Wunnenge parat, falls net sollen se erkläre wéi hir Mataarbechter, mat deem wat se hinnen ze bezuele gewëllt sinn, e Logement an der Stad soll finanzéieren.

Ähnlech Sujeten FNCTTFEL, Luxtram SA, OGBL, Sozialdumping
Nächsten Artikel Virrechten Artikel