Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

taxx.lu – Esou ass d’Steiererklärung easy gemaach
Neiegkeeten

taxx.lu – Esou ass d’Steiererklärung easy gemaach

Esou einfach a schnell war d’Steiererklärung nach ni erleedegt. Mam

Schéisserei zu Dallas – 22 Joer jonken Täter erschoss!
Neiegkeeten

Schéisserei zu Dallas – 22 Joer jonken Täter erschoss!

Gëschter Moien huet de maskéierte Brian Isaack Clyde am Earle

Wéi gutt kenns du Schëffleng?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Schëffleng?

Am Quiz vun haut dréint sech alles ëm d’Süd-Gemeng Schëffleng.

Ass Luxtram politesch en Erfolleg mee sozial betruecht e Suergekand?

Ass Luxtram politesch en Erfolleg mee sozial betruecht e Suergekand?

Fir d‘Gewerkschaften OGBL an FNCTTFEL ass et laut Communiqué erfreelech, datt den Tram beim Public gutt ukënnt, an d‘Politik sech op der Sonnesäit vum Liewe gesäit. Wann awer dësen Erfolleg soll Bestand hunn an esouguer ausgebaut soll ginn, da missten a sozialpolitescher Hisiicht d‘Weiche beim Tram richteg gestallt ginn.

Wann en ëffentlecht Verkéiersmëttel gutt soll funktionéieren, da geet dat nëmme mat genuch a gutt ausgebilte Mataarbechter. Och d‘Konditioune bei den Aarbechtsbedingungen an de Loun musse stëmmeg sinn. Laut de Gewerkschafte wier deem bei der Luxtram SA net esou. Dobäi sinn d‘Aarbechtskonditiounen an esou engem Transportbetrib vu gréisster Bedeitung.

Aktuell verhält et sech esou, datt déi gesamt Dauer vun enger Schicht op 13 Stonne festgeluecht ass. Bei RGTR-Busbetriber, dauert eng Schicht nach 11 Stonnen, a bei der Eisebunn dogéint nëmmen 10 Stonnen. Fir d‘Gewerkschafte stellt sech hei also d‘Fro, firwat dat groussherzoglecht Reglement dat bei den CFL ugewannt gëtt, net och bei der Luxtram SA kann ëmgesat ginn?

Eng Tram ass wuel keen Zuch mee awer

Als Argument féieren d‘Gewerkschaften un, datt eng Tram vill Ähnlechkeete mat enger Eisebunn huet. Dat esouwuel wat d‘Reegelung vum Fuerbetrib, den Ënnerhalt vum Material an de festen Anlagen, wéi eben och d‘Fuere mat der Tram betrëfft. Zudeem misst de Führer vun enger Tram den Ufuerderunge vun engem Maschinist bei der Eisebunn an engem Buschauffer gerecht ginn.

Et misst also ersiichtlech sinn, datt een dëse Mataarbechter keng 13 Stonne Schichte kann operleeën. Schichten déi, wéi aus dem Communiqué erauszeliesen ass, éischter schlecht wei gerecht bezuelt ginn. Et hätt een net een Ament dru geduecht, sech de Standarden, wéi se bei ëffentlechen a private Betriber üblech sinn, unzepassen. Hei muss nogebessert ginn.

Luxtram SA ass d‘Regierung an d‘Stad Lëtzebuerg

Am Kader vun der lafende Kollektivvertragsverhandlunge bei der Luxtram SA, fuerderen den OGBL an de n FNCCTFEL eng konsequent Lounupassung an déi selwecht Aarbechtsbedingunge wéi am ëffentlechen Déngscht. D‘Generaldirektioun awer stellt de Gewerkschaften entgéint, datt si kee Mandat hätten, d‘Verhandlungen ze féieren, a berifft sech hei op de Verwaltungsrot.

Béid Gewerkschafte bleift also kaum eppes anescht iwwreg, wéi dann elo d‘Regierung an de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg opzefuerderen, hire Vetrieder am Verwaltungsrot matzedeelen, gefällegst der Generaldirektioun vu Luxtram den Optrag erdeelen, déi Mandater ze bestëmmen. Woubäi e sech froen dierf, wien wann net d‘Gewerkschaften, maachen de Kollektivvertrag

Ähnlech Sujeten FNCTTFEL, Kollektivvertrag, LuxTram, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel