Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Galerie: Dag vun der aler Karosserie am Fonds de Gras
Neiegkeeten

Galerie: Dag vun der aler Karosserie am Fonds de Gras

Um Sonndeg huet um Site vum Train 1900 am Fonds

D‘Kathedral „Notre-Dame“ a Flamen: Eis Solidaritéit mat Frankräich!
Neiegkeeten

D‘Kathedral „Notre-Dame“ a Flamen: Eis Solidaritéit mat Frankräich!

Et ass mat grousser Trauer datt d‘Partei déi Konservativ op

Faillite vun den Entreprisen: „Mir Bauen“ a „My Construct“
Neiegkeeten

Faillite vun den Entreprisen: „Mir Bauen“ a „My Construct“

Den OGBL informéiert, datt d‘Baufirma „Mir Bauen Sàrl“ an den

LuxTrust: 5 elektronesch Ënnerschrëfte pro Mount gratis!

LuxTrust: 5 elektronesch Ënnerschrëfte pro Mount gratis!

Mat der COSI Home Edition offréiert LuxTrust elo eng Online-Plattform, fir datt all Bierger mat der elektronescher LuxTrust-Identitéit oder enger Lëtzebuerger eID-Kaart ënnerschreiwe kann. Soumat soll eng Hëllef bei Administratiounsaarbechten zur Zäit vun der Pandemie gebuede ginn.

Ab elo kann esou jiddwereen, deen am Besëtz vun enger elektronescher LuxTrust-Identitéit oder engem LuxTrust-Apparat (App, Token, Scan, Smartcard oder Signing Stick), respektiv enger sougenannter eID-Kaart ass, einfach an elektronesch ënnerschreiwen. Den Déngscht vun COSI Home Edition erméiglecht et, bis zu 5 PDF-Dateie pro Mount (Verträg, Kafofferen,…) op dës Aart a Weis ze signéieren.

Huet den Notzer bis eng sécher Verbindung mat der Plattform hiergestallt, da kann d’PDF-Dokument einfach eropgelueden a mat der elektronescher Ënnerschrëft ofgerënnt ginn. D’Dokument steet uschléissend fir 5 Deeg op der Plattform zum Download bereet, gëtt nom Delai och automatesch geläscht.

LuxTrust garantéiert, datt dës elektronesch Signaturen rechtskräfteg sinn, alle Virgaben entspriechen a souwuel zu Lëtzebuerg, wéi och an der ganzer Europäescher Unioun unerkannt an akzeptéiert ginn.

Den nationale Vertrauensdéngscht mécht et méiglech, datt fir dësen Akt d’Haus net méi verlooss muss ginn, wat ganz am Sënn vun de Reegelen wärend der Pandemie ass. „Mir hoffen, datt et den Alldag vun de Mënsche wärend der Ausgangsbeschränkung an och duerno erliichtere wäert, andeems mir verdäitlechen, wéi hir elektronesch LuxTrust-Identitéit elo nach weider ausgeschëpft ka ginn“, ënnersträicht de Pascal Rogiest, CEO vu LuxTrust.

Opmaacherbild: ©  LinkedIn Sales Navigator / Unsplash

Ähnlech Sujeten Covid-19, Digitaliséierung, elektronesch Ënnerschrëft, LuxTrust, Pandemie, Pascal Rogiest, PDF-Dokument, Token, Vertrauensdéngscht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel