Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sportler, Schrëftsteller a Proffen: Weess du, wat eis Deputéiert soss nach maachen?
Neiegkeeten

Sportler, Schrëftsteller a Proffen: Weess du, wat eis Deputéiert soss nach maachen?

Di mannsten Deputéiert zu Lëtzebuerg hunn nëmmen eng politesch Karriär.

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser
Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser

US-Ambassadrice bei der UNO, Nikki Haley, huet schonn um Donneschdeg

Chantier: Spärung um Boulevard Franklin D. Roosevelt
Neiegkeeten

Chantier: Spärung um Boulevard Franklin D. Roosevelt

D’Stad Lëtzebuerg informéiert d’Bierger doriwwer, datt am Kader vun de

Lëtzebuerg braucht méi a virun allem mi sécher Vëlosweeër

D'Lëtzebuerger Vëlos Initiativ hält un hire Fuerderunge fest

Lëtzebuerg braucht méi a virun allem mi sécher Vëlosweeër

Bei der Generalversammlung vun der Lëtzebuerger Vëlos Initiativ (LVI) war et um Freidegowend proppevoll. All Stull deen de Ökozenter am Pafendall ze bidden hat ass gebraucht ginn, an dat ënnersträicht esou ganz niewebäi, datt de „Veräin“ net nëmme groussen Zousproch fënnt mee och u politeschem Gewiicht zouhëlt.

D‘Presidentin Monique Goldschmit ass op dat vergaangent Joer agaangen a stellt fest, datt de Vëlosverkéier zouhëlt. Den Drotiesel fënnt ëmmer méi Zousproch, an dat eben net nëmmen an der Fräizäit, mee och fir de Wee op d‘Aarbecht an nees Heem. Leider gëtt et och Leit déi wuel gäre mam Vëlo op d‘Schaff wéilten, sech dann awer net trauen, well et hinnen ze geféierlech ass.

LVI

D‘LVI-Presidentin Monique Goldschmit konnt déi gutt a konstruktiv Zesummenaarbecht mat de Politiker a Gemengen zwar begréissen, mee villes steet nach op a ganz besonnesch un der Sécherheet fir d‘Cycliste misst dréngend geschafft ginn,. © Martine de Lagardère/moien.lu

Deem kann een net widderspriechen, a besonnesch an der Stad, mee och zu Esch Uelzecht, muss een zolidd Nerven hunn, wann ee sech eemol queesch duerch den urbane Verkéier muss quälen. Esou sinn d‘Fuerderunge vun 2017 och d‘Fuerderunge vun 2018. Där huet et der mëttlerweil esou vill datt ee kaum nach weess wou een ufänke soll.

Schold un der Misär wier de feelende politesche Wëllen, dat trotz engem gudden Drot zum Nohaltegkeetsministère, der doucer Mobilitéit méi Plaz a méi Gewiicht zouzegestoen. An och wann d‘Entrevue tëscht dem LVI an dem Minister François Bausch virun ee puer Woche ganz konstruktiv war, esou läit nach villes am Uergen.

Mee et gëtt och vill Positives ze beriichten: d‘Steierreform, de Vëlo am ëffentlechen Transport, méi Vëlospisten a flott lokal Konzepter. Zudeem huet den LVI vill Kooperatiounen op internationalem Niveau, d‘Aktivitéiten (Seminairen, Konferenzen a Vëlostier) fanne groussen Zousproch an d‘Zuel vun de Membere bleift stabil.

De Bléck op 2018

Fir dëst Joer sinn et net manner wéi sechs grondleeënd Revendicatiounen déi am Raum stinn. Dovunner eleng véier déi d‘Stad Lëtzebuerg betreffen. Tëscht dem Viaduc an der Gare gëtt eng bidirektional Verbindung muss erméiglecht ginn, an dat wa méiglech nach iert déi existent Vëlosspur an eng Busspur ëmgebaut gëtt.

Gefuerdert gëtt och e besseren Accès zur Passerell, eng besser Ubannung vum Pont Adolphe un d‘Gare a natierlech geséich een et gären, datt déi versprache Bréck tëscht dem Cents an dem Kierchbierg dann elo och endlech gebaut gëtt. Iwwert e kohärente Vëlospistereseau um Kierchbierg wier een och erfreet, zemools bei geneeër Betruechtung vum Boulevard Konrad Adenauer.

De weideren Ausbau vum Cyclotourissem an eng begleedent Marketingstrategie, grad ewéi d‘Finaliséierung nationale Vëlosreseau, bleiwen op der Dagesuerdnung. Woubäi et hei Fortschrëtter gëtt, an een enger Aktualiséierung vum Gesetz zum nationale Vëlosweeërgesetz, mat eegenen Aktualiséierungsvirschléi entgéint bléckt.

De Programm „Bed & Bike“ dee vun der LVI koordinéiert gëtt, steet mat 91 bedeelegte Betriber op feste Been. Mat der europäescher Cyclistefederatioun (ECF) steet ee sech gutt an et huet ee sech virgeholl de Projet „EuroVelo5“ virunzedreiwen. Mat 17 „Rendez-vousen“ an 11 Randonnéeë kréien dann och d‘Membere villes 2018 gebueden.

Donieft gëtt et och e sëlleche Projeten, wourënner: politesch Seminairen, kulturell Evenementer, eng nei Kaart am Moossstaf 1:50.000, eng Konferenz „Code de la Route“ an eng politesch Manifestatioun am Zesummenhang mat de Chamberwahle vum Oktober. Do soll de Parteien op den Zant gefillt ginn, wéi a wat se bereet wiere fir dem Vëlo méi Rechter zouzegestoen.

Ähnlech Sujeten François Bausch, LVI, Monique Goldschmit, Sécherheet, Vëlo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel