Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pyongyang ass genervt
Neiegkeeten Sport

Pyongyang ass genervt

Nordkorea wëll sämtlech Kommunikatiounsverbindungen zum Süden ofschneiden. Dës Moossnam, déi

Spektakulären Abroch an Dresdener Schatzkummer
Neiegkeeten Sport

Spektakulären Abroch an Dresdener Schatzkummer

Um fréie Méindegmuere waren d‘Brigangen an dat „Grüne Gewölbe Dresden“

Den Donald Trump fënnt dem James Comey säin neit Buch net gutt
Neiegkeeten Sport

Den Donald Trump fënnt dem James Comey säin neit Buch net gutt

„Ligener, Fatzbeidel“: sinn déi vertrietbar Wierder, déi den US-President um

LVI: Mam Vëlo vu Miersch an d’Stad

LVI: Mam Vëlo vu Miersch an d’Stad

Och an dësem Joer luet d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) an, mam Vëlo vu Miersch an d’Stad ze fueren. Notzt d’Geleeënheet a schléisst Iech dem Grupp um Dënschdeg, de 17. September un.

Fir op de Vëlo, als Verkéiersmëttel am Alldag opmierksam ze maachen, an dat och op längeren Distanzen, gëtt zesumme Vëlo gefuer. Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch gëtt eng flott Streck vun der Mierscher Gare bis hin op de Knuedler, direkt am Zentrum vun der Haaptstad, zeréckgeluecht.

Dobäi gëtt iwwert déi national Vëlosweeër PC1 a PC15 eng Distanz vun 20 km gefuer. Dir kënnt Iech selbstverständlech un all Punkt vun der Streck uschléissen. Folgend Zäiten si virgesinn:

Mierscher Gare (6:45 Auer), Gare zu Lëntgen (7:00 Auer), Luerenzweiler bei Nei Aarbecht (7:15 Auer), Walfer beim Centre Prince Henri (7:35 Auer), Knuedler (8:15 Auer)

 All Participant kritt bei der Arrivée eng Taass Kaffi an ee Croissant vun der Stad Lëtzebuerg spendéiert.

Ähnlech Sujeten Cyclist, Knuedler, LVI, Mam Vëlo op d'Schaff, Mam Vëlo vu Miersch an d'Stad, Miersch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel