Egypten steiert op eng Katastroph zou
Wann een Egypten, d‘Land vun de Pyramiden, virun allem als
Wann een Egypten, d‘Land vun de Pyramiden, virun allem als
Vun Enn August bis Enn September 2020 gëtt mat GARDEN SOUNDS eng
D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt et am Kader vun Infrastrukturaarbechten duerch
Dës Geleeënheet hunn de Premierminister Xavier Bettel a Vize-Premier François Bausch sech net huele gelooss: Si wollten de schmocke Fliger vun noem gesinn. Bei hirer Visitt vum Haaptsëtz vun der Cargolux hu si sech mat de Mataarbechter ausgetosch an e grousse Merci fir den Engagement an déi onermittlech Aarbecht wärend der Pandemie ausgeschwat.
Zënter dem Ausbroch vum Covid-19 konnt d’Cargolux seng laangjäreg Erfarung a gutt Verbindungen notzen an esou déi richteg Transportléisunge fir Schutzmaterial fannen.
„De spezielle Masken-Design, kombinéiert mam Slogan vun der Lëtzebuerger Regierung, reflektéieren eisen Engagement fir géint Covid-19 unzekämpfen. Säit dem Ausbroch huet Cargolux enk mat der Lëtzebuerger Regierung zesummegeschafft fir essentiell medezinescht Material a Schutzmaterial ze transportéieren“, erkläert de Richard Forson, President a CEO vu Cargolux. „Mir si stolz d’Roll hu spillen ze dierfen, fir déi noutwenneg Versuergung op Lëtzebuerg ze bréngen a mir si voll equipéiert a bereet beim Transport vun engem Impfstoff, deen op de Maart kënnt, eisen Deel bäizedroen.“
Opmaacherbild © Cargolux