Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Homeoffice: D‘DP besteet op e gesetzleche Kader
https://moien.lu/jogo-high-school-hook-up/ dating advice lds

bracket dating dallas

Den Homeoffice – also vun doheem aus schaffen – wier

definition of teenage dating
https://moien.lu/jogo-high-school-hook-up/ dating advice lds

D‘Stad Lëtzebuerg ass en touristesche Bijou

Wann et och sécherlech seng Aufgab ass, de Gäscht déi

Gamescom zu Köln: Et gëtt eng Welt „hannert“ de Spiller
https://moien.lu/jogo-high-school-hook-up/ dating advice lds

Gamescom zu Köln: Et gëtt eng Welt „hannert“ de Spiller

Et war schonn déi 10. Editioun vun der Gamescom, an

surprise

Lycéesreform entsprécht net der Virstellung vun der CSV

Lycéesreform entsprécht net der Virstellung vun der CSV

Wann de Educatiounsminister sech verständlecherweis mat sengem Projet zefridde weist, esou ass et och d‘Roll vun der gréisster Oppositiounspartei eng differenzéiert Vue ze hunn. An d‘Argumenter sinn och net vun der Hand ze weisen, wann et Rieds geet vun enger „Mini-Reform“.

Béid Deputéiert, Claude Wiseler a Martine Hansen hunn dann och d‘Positioun vun der CSV duergestallt. Fir de fréiere Minister ass d‘Gesetz zur Lycéesreform dann och eent vun de schwéiersten an de leschte Jore. Ee Gesetz allerdéngs, dat vun den zoustännegen Acteuren um Terrain muss ëmgesat ginn.

Dem Claude Wiseler seng Conclusioun: et keen anere Minister ass esou wäit vum Versprachenen eweg, wéi den Educatiounsminister. Deen hätt mat dësem Gesetz beschtefalls ee ganze Koup Minireformen op de Wee bruecht, d‘Situatioun am ganzen awer net verbessert.

Keen Dialog

Bedaueren deet den Deputéierte, datt kaum mat den Enseignante geschwat ginn ass. Vun engem oppenen Debat wier net ze schwätzen. Esou ergëtt eng Rei Froen, déi esou weder vum Minister nach vun der Regierung eng Äntwert kréien.

Wien mëscht wat? A wien gräift wéini an den Enseignement an? Bei allen neie Strukturen an gutt 200 nei Posten am Enseignement, ass et der CSV net ersiichtlech wien do wat fir eng Aufgab iwwerhëlt.

Suerge mécht dem Claude Wiseler dem Minister seng „Transparenz“ a werft him vir, eng Reform op de Wee bruecht ze hunn, déi beschtefalls derzou déngt, Säiten am Rapport ze fëllen.

Wann se an der CSV och net géint déi ugesaten Autonomie sinn, esou wier et awer wichteg ze wësse wien do d‘Expertise huet an a wéi engem Kader déi noutwenneg Evaluatioun gemaach gëtt. Suerge mécht dem Claude Wiseler dem Minister seng „Transparenz“ a werft him vir, eng Reform op de Wee bruecht ze hunn, déi beschtefalls derzou déngt, Säiten am Rapport ze fëllen.

Hie kënnegt dann och un, dat an der Campagne fir d‘Chamberwahlen 2018, d‘Educatioun ee vun den Haapttheme wäert sinn. Net dat si Gesetz an Reform u sech a Fro stellen, mee et Amendementer brauch déi d‘Besoine vun eiser Gesellschaft Rechnung droen.

Keng Loscht op d‘Kommissioun

Fir d‘Martine Hansen, déi iert se an der Chamber als Deputéiert Plaz geholl huet, am Secondaire berufflech ënnerwee war, mussen dann och ee puer Punkte kloer gestallt ginn. Verständlech also, datt Si rosen ass wëll de Minister sech der Diskussioun an der Kommissioun net gestallt huet.

Verwonnert ass d‘Martine Hansen dann awer iwwer de Fait, datt et trotz enger net wierklech novollzéibarer Reform op der Strooss roueg ass.

Dat eleng erkläert net firwat nëmmen zwee vun am ganzen zwielef Amendementer an der Chamber Zoustëmmung fonnt hunn. Et ass awer net déi beschte Visittekaart fir den Educatiounsminister. Verwonnert ass d‘Martine Hansen iwwer de Fait, datt et trotz enger net novollzéibarer Reform op der Strooss roueg ass.

Alles an allem ass d‘Gesetz esou wéi et virläit net am Sënn vun den Acteuren um Terrain. Och wann et natierlech ee puer Punkte gëtt déi och vun der CSV begréisst a matgedroe ginn. Villes awer ass éischter Hallefhäerzeg, wéi d‘Matsproocherecht, wou zu gudder Läscht dach de Schouldirekter d‘Entscheedungsgewalt behält.

Kloer a verständlech, datt sech d‘CSV bei der Ofstëmmung net wäert enthalen. Hei gëtt um Donneschdeg Faarf bekannt an och wann een eigentlech fir d‘Reform ass, hei awer dogéint muss stëmmen. Net aus politescher Opportunitéit, mee wëll et ee wichtege Sujet ass deen esou net iwwert de Knéi dierf gebrach ginn.

Ähnlech Sujeten Claude Wiseler, CSV, Lyceesreform, Martine Hansen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel