Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Östlund gewënnt d’Palme d’Or mat Statement géint Political Correctness
https://moien.lu/dft-hookup-pin/

Östlund gewënnt d’Palme d’Or mat Statement géint Political Correctness

De Filmfestival vu Cannes gëtt mat enger riseger Iwwerraschung op

what to text a girl you just started dating
https://moien.lu/dft-hookup-pin/

Den Etienne Schneider schéisst zeréck

Nodeems d‘CSV d‘Press um Méindegmueren agelueden hat op e Kaffi

Haus vum Horror: D‘Eltere vun de Kanner plädéieren „Net Schëlleg!“
https://moien.lu/dft-hookup-pin/

Haus vum Horror: D‘Eltere vun de Kanner plädéieren „Net Schëlleg!“

Déi a Kalifornien verhafte Koppel David a Louise Turpin, hunn

Maach dech net verréckt, maach en Tour iwwert d‘Schueberfouer

Maach dech net verréckt, maach en Tour iwwert d‘Schueberfouer

De Summer geet zu Enn, d‘Schoulrentrée steet vrun der Dier also muss d‘Schueberfouer lassgoen. An esou ass et och. Ee Mëttwoch um 17:00 Auer gëtt mam Hämmelsmarsch déi 677. Editioun vun der Schueberfouer offiziell opgemaach.

Dat gréisste Volleksfest vu Lëtzebuerg, dat ëmmerhi bis zu zwou Millioune Visiteure begréisst, ass allsäits beléift. Och an net zu gudder Läscht bei de Forainen, déi mat hiren Attraktioune fir den Erfolleg an d‘Freed Suerg droen. D‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) ass dann och bei der Virstellung op ee puer Neiegkeeten agaangen.

Verännerungen an der Gréisst an Opstellung

Verännerunge gëtt et deemno net nëmme wéinst dem Chantier vu LuxTram, mee opgrond vun Upassungen un national an europäesch Standarden. Eng nei Kanalisatioun, d‘Verlee vu Gas, Elektresch a Waasser, hunn eng Reorganisatioun mat sech bruecht. Esou ergëtt et sech, datt d‘Restauranten sech all op der Säit zur Allee Scheffer ausriichten.

Fir de Standarden ze entspriechen, ass villes nei gemaach ginn. Fir alles optimal ze notzen, sinn d‘Restauranten dann och all op d‘Säit vun der Allee Scheffer opgestallt ginn. (© VDL)

Mee och d‘Plaz u sech ass eppes méi kleng ginn. Vun 4,61 op 4,54 Ha sinn der Fouerplaz 0,07 Ha verluer gaangen. Dank der gudder Organisatioun an ee puer Ëmstellungen, ass dann trotzdeem alles ënner Dach komm wat eng gelonge Schueberfouer ausmécht. Zudeem huet d‘Fouer elo zéng Entréeën an och eng weider Toilette.

D‘Buergermeeschtesch wënscht sech – an do dierft se vill Unhänger hunn – tëscht dem 23. August an dem 11. September schéint Wieder. Hofft natierlech, datt wéi an de Jore virdrun nees vill Leit mat der Famill oder Frënn op Besuch kommen. D‘Lydie Polfer leet awer jidderengem un d‘Häerz d‘Offer vun ëffentlechen Transport ze notzen, d‘Parkplazen si bekanntlech begrenzt.

Nei Spiller a Widderhuelungen

De Schäffe Patrick Goldschmidt ass op d‘Affiche agaangen, déi dëst Joer vum Lynn Cosyn „designt“ ginn ass. Eng iwwregens wierklech remarkabel Affiche, déi den alljäerleche Concours verdéngt gewonnen huet.

D‘Affiche vun der Schueberfouer 2017. Eng artistesch Leeschtung vumm Lyy Cosyn. (© VDL)

Mat 180 Attraktioune, 80 Verkafsstänn an der Allee Scheffer an e sëlleche Restauranten, sollt fir jiddereen eppes dobäi sinn. Wéi gewinnt gëtt et och 2017 Neies. Dorënner den „Jules Verne Tower“, de „Laser Pix“ a villes méi wat een onbedéngt entdecke sollt. Al Bekannte sinn och erëm op Besuch: de „Circus Circus“, „Rotor“ an den „Tornado Power“ sinn der e puer dovunner.

Mam Restaurant „Taverne op der Fouer“ ass eng nei gastronomesch Entreprise opgeholl ginn. Déi bekannten „Friture Kugener“, Friture Armand“, „An der Flesch“ an „Am Stall“ hunn hir Terrassen an Alentoure vergréissert. Do bleift keen op sengem Honger setzen an ze drénken ass och genuch do.

Schueberfouer digitaliséiert

Obwuel selbstverständlech nach ëmmer eng „Broschür“ gëtt, déi et engem erlaabt sech op der Plaz erëmzefannen, ass och alles am Netz. Op Fouer.lu an/oder mat der Applikatioun (App fir I-Phone an Android) sollt ee säi Gléck fannen.

Gutt geduecht, an dorops leet de Patrick Goldschmidt grousse Wäert, den Internetsite an d‘App sinn béid accessibel fir Mënsche mat enger visueller Aschränkung. Op béiden Adresse kritt den Interesséierten och all nëtzlech Informatioun zu spezifesche Besoinen, wéi beispillsweis fir eng reduzéiert Mobilitéit.

Ronn 0,07 Ha méi kleng an der Fläch wéi nach 2016, bleift awer alles ganz iwwersiichtlech. Zwou grouss zentral Alleeën déi vum Kapp bis bei d‘Riserad féieren, suerge vir vill Fräiraum (© VDL)

Digitaliséiert ass elo och de Service vun der Police. Wéi gewinnt kann ee säi Krappert oder seng Knetzel mat engem Badge ausstafféieren, fir am Fall wou et engem entwëscht, kritt ee vun der Police d‘Kand nees erëm. Zumindest ass et d‘Iddi dovunner.

Wéi am leschte Joer op engem Dag iwwer 2.000 Mammen a Pappen esou ee Badge am Bureau ugefrot hunn, ass zu Verzögerunge komm. Dat wëll d‘Police kengem méi ofverlaangen an dofir kann ee säi Badge am viraus bestellen. Et brauch een deen dann also nëmmen nach ofzehuelen. Iwwregens: de Badge gëllt fir déi ganz Dauer vun der Fouerzäit, also versuergen w.e.g.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Forain, Lëtzebuerg Stad, Schueberfouer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel