Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Uni-Lëtzebuerg: Kompetent am Finanzsecteur zocken
Meenung https://moien.lu/dating-for-6-months-and-no-kiss/

hook up richmond bc

Mam Value-Investing-Certificate erweidert de Kompetenzzenter vun der Universitéit Lëtzebuerg seng

Krautmaart: Parteiiwwergräifend Eenegkeet bei de Stroosseninfrastrukturen
Meenung https://moien.lu/dating-for-6-months-and-no-kiss/

Krautmaart: Parteiiwwergräifend Eenegkeet bei de Stroosseninfrastrukturen

D‘Sëtzung um Krautmaart vum Mëttwoch Nomëtteg kéint een als „Formalitéit“

Russland: 40 Persoune stierwe bei Aeroflot-Drama
Meenung https://moien.lu/dating-for-6-months-and-no-kiss/

Russland: 40 Persoune stierwe bei Aeroflot-Drama

Hënt kuerz no Mëtternuecht, hunn d‘Medien éischt Informatiounen zum dramateschen

surprise

Editorial: Maach den Handy aus!

Editorial: Maach den Handy aus!

Dat den Educatiounsminister Claude Meisch haart driwwer nodenkt, d‘Benotze vum Handy an der Schoul, oder villméi an de „Stonnen“, ze verbidden, ass natierlech e Sujet deen d‘Gemidder wäert erhëtzen. An ech sinn dann och éischter ee vun deene Rabbelkäpp, dee sech ëmmer emol als éischt op d‘Säit vum Schüler stellt.

Dat fänkt domatter un, datt alles wat verbueden ass, a genee dëser Altersklass éischter en Opruff ass et dach awer „ze probéieren“. Et endegt mat der Aart a Weis wéi een un de Problem erugeet. Et kann een net – an e soll een och net – vun enger Schülerbedeelegung un der Schoul schwätzen, wann et net méiglech ass en oppenen Dialog mat eben dëse Schüler ze féieren.

Gutt, datt déi meescht et zolidd mat hirem Handy iwwerdreiwen, et der ëmmer wäert ginn déi et verstinn d‘Dommheet op d‘Spëtzt ze bréngen, dat ass richteg a logescherweis och bedauerlech. Op et do elo duer geet einfach e Verbuet dogéint ze setzen, dat dierf ee ganz seriö bezweiwelen. En allgemengt Verbuet mat Ausnamen, wéi et de Minister an engem éischten Entworf gesäit, nujee…

Dobäi hätte mir dach alleguerte gären, datt sech déi jonk Mënsche verantwortlech weisen, hire Bäitrag fir d‘Gesellschaft schonn an der Schoul erbréngen, an dofir ginn oder sollen se jo och an der Schoul iwwert d‘Schoul matschwätzen. Wann et engem dann domatter eescht ass, misst een eigentlech op de Wee goen, an de Problem mat deenen diskutéieren déi al Ursaach gesi ginn.

D‘Tatsaach datt elo och nach – well dat als Optioun esou an de Raum gestallt ginn ass – all Schoul et dierf anescht maachen, ouni dat déi Entscheedung vun oder mat de Schüler ausgeschafft ginn ass, kann een net als Signal gesinn, mee muss een däitlech als Feelentscheedung bezeechnen. „Telephonie à la Carte“ kann an dierf et esou net ginn.

Virum Gesetz soll all Mënsch gläich sinn. Dat eliminéiert vill Optiounen, ënnert anerem, datt deen een eppes dierf wat deen aneren net dierf, obwuel d‘Situatioun déi selwecht ass. Méi eege Verantwortung ze iwwerhuelen, fërdert esou e Gesetz dann um Enn och net. Ech géif et op dëser Plaz da begréissen, wann een de Problem mat de Schüler ugeet.

Zudeem gëtt et an der Schoul esou eppes wéi Hausregelen. De Schüler huet déi anzehalen. Wann de Schüler dann och nach de néidege Respekt viru senge Komeroden huet, an dee „Stéierfaktor“ Handy direkt am Joresufank an all Klass ugeschwat gëtt, sollt een dat, wat vum Rektorat an dem Ministère als Problem ugesi gëtt, ouni ze legiferéiere gereegelt kréien.

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Educatiounsministère, Handy, Schoul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel