Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

DP Nationalkongress: „Mir sinn iwwerzeegt, déi bescht Iddie fir eist Land ze hunn!“
snapchat dating show

DP Nationalkongress: „Mir sinn iwwerzeegt, déi bescht Iddie fir eist Land ze hunn!“

Sonndeg de Mueren 10:00 Auer: Den Auditoire am Tramsschapp um

hook up maiden
tinder dating philippines
snapchat dating show

Wahlkampf: Digital an Zeen gesat

D’Bundeskanzlerin am Interview op engem Youtube Kanal. Den däitsche Wahlkampf

Ass dëse fuerchtbaren Trend och zu Lëtzebuerg ukomm?
snapchat dating show

Ass dëse fuerchtbaren Trend och zu Lëtzebuerg ukomm?

Nëmmen di mannsten hunn dovunner héieren, mee mëttlerweil zitt se

Macron attackéiert Putin wéinst Fake-News an LGBT-Verfollegung

Macron attackéiert Putin wéinst Fake-News an LGBT-Verfollegung

Et war dat éischt Treffe vum Emmanuel Macron mam Vladimir Putin an den éischten offiziellen Empfang vum franséische President iwwerhaapt. No hirem Entretien hunn sech béid Staatscheffen an der „Galerie des batailles“ vum Schlass zu Versailles de Medie gestallt. D’Gespréich muss konsequent gewiescht sinn: verschlosse Gesiichter, se hunn sech keng Kaddoe gemaach, op et sech elo ëm Syrien, d’Mënscherechter oder d’russesch Medie gehandelt huet.

Mier hunn eis alles gesot, mer deelen ënnerschiddlech Usiichten, mee op mannst hu mer se ugeschwat“, huet den Emmanuel Macron, deem et virrangeg dorëms geet virun ze kommen a „gemeinsam Léisungen“ mat sengem russeschen Homolog ustrieft.

Eng Warnung huet de franséische President bezüglech Syrien ausgedréckt: „all Notzung vu chemesche Waffe vu wiem och ëmmer géif Géigestand vun enger direkter Riposte säitens Frankräich ginn.“ Nach 2013 hat de François Hollande an esou Fäll op eng militäresch Interventioun géint de Regime vun Damaskus, nom Réckzuch vun den Amerikaner an der Briten, a Betruecht gezunn. Dem Macron awer geet et hei ëm de Wonsch an dësem Dossier „d’Partenariat mat Russland ze bestäerken“ an eng Aarbechtsgrupp iwwert den Terrorismus ze schafen.

D’Lutte géint den Terrorismus“ huet „absolut Prioritéit“ fir Frankräich a Russland, ënnersträicht de Macron mam Hiweis op „d’Vernichtung vun den terroristesche Gruppen a besonnesch Daesch“ den arabesche Pendant vum islamesche Staat. De franséische President ass dann och bereet mat alle Parteien ze schwätzen, déi an de Konflikt verwéckelt sinn, och de Vertrieder vum Bachar al-Assad. D’Reouverture vun der franséischer Ambassade zu Damaskus ass allerdéngs nach net Géigestand vu Gespréicher.

Am Dossier betreffend d’Ukrain huet sech de Macron éischter Kompromëssbereet gewisen. Hie wënscht sech eng Deseskalatioun vun de Spannungen an eng Reunioun am „format Normandie“ (Russland, Ukrain, Frankräich an Däitschland). „D’Sanktioune géint Russland droen absolut net derzou bäi d’Kris an der Ukrain ze berengegen“, sot de Vladimir Putin. Um G7 war ee Samschdeg awer iwwer nei Sanktiounen haart nogeduecht ginn.

De Bols op der Pressekonferenz war awer op emol an d’Luucht gaangen, wéi eng russesch Journalistin beim Macron nogefrot huet, wat et mat senger Entscheedung op sech hätt, zwee russesch Medien, déi dem Kreml nostinn, „Russia today“ a „Sputnik“, während senger Wahlcampagne vun enger Berichterstattung aus sengen Haaptquartéier auszeschléissen.

Wien litt, dee flitt

Den Emmanuel Macron huet nawell zolidd op dës Fro reagéiert: „Russia Today a Sputnik hunn sech net wéi Presseorganer a Journaliste beholl, mee wéi Organer déi beaflossen, Propaganda maachen an d’Onwourecht soen. Net méi an net manner.

Wa Presseorganer infam d’Onwourecht verbreeden, da sinn et keng Journaliste méi, da wëllen se beaflossen“, leet den franséische President nach eng drop. D’Äntwert vu Russia Today huet net op sech waarde gelooss an nach am Owend ee Communiqué erausginn: „mat, als falsch Informatiounen ze bezeechne mat deenen hien net averstanen ass, schaaft de President Macron ee Prezedenzfall dee gläichzäiteg d’Meenungsfräiheet an de Journalismus bedréit.

De russesche President huet sengersäits d’Visite vum Marine Le Pen am Kreml justifiéiert. D’Kandidatin vum Front National war de 24. Mäerz, matten der Presidentschaftscampagne zu Moskau empfaange ginn. „Et war net seng éischt Visite, Si kënnt regelméisseg“, sot de Putin „a wann d’Madame Le Pen eng Ufro mécht, firwat sollte mer déi refuséieren? Zemools wou Si sech ëmmer fir eng Entwécklung vun de Relatioune mat Russland asetzt. Dat wier komesch gewiescht esou eng Ufro ofzeleenen.

Tschetschenien am Viséier

An der Fro iwwert d’Mënscherechter huet de Macron mat der Virsiicht vu sengem Virgänger gebrach an dëse Sujet ganz kloer mam Putin ugeschwat, och wann hien sech gehitt huet ëffentlech konkret Fäll ze ernimmen. „De President Putin huet mech dorops higewise verschidden Initiativë bezüglech LGBT an Tschetschenien ergraff ze hunn, dat mat Mesuren déi d’ganz Wourecht iwwert d’Aktivitéite vun de lokalen Autoritéiten opzedecken an déi sensibelst Sujeten ze Regelen“, sot hien a versprécht besonnesch opmierksam an dëser Fro ze sinn.

No der Pressekonferenz hu béid Staatscheffen d’Ausstellung „Peter dem Groussen, en Zar a Frankräich“, déi als Virwand fir d’Visite genotzt ginn ass, besicht. D’Ausstellung bezitt sech op de Besuch vum Monarch, deen de Putin veréiert, a war deemools am Mee a Juni 1717, den Ufank vun den diplomatesche Bezéiungen tëscht Frankräich a Russland.

De Mélenchon beklot sech

De Presidentschaftskandidat vun der „France insoumise“ Jean-Luc Mélanchon huet dës Visite genotzt fir dem Macron säi „System“ unzekloen. Hie weist op verschidden Nominatioune vun Oligarchen an diverse Ministèren hin, déi de franséische President um Dag vum Empfang zu Versailles virgeholl huet.

De System Macron huet putinesch Zich, wëll et sinn och Oligarchen déi a Frankräich de Pouvoir hunn“, äussert sech de Leader vu France Insoumise am Kader vun engem Meeting zu Evry. Viséiert ass beispillsweis de Premier Minister Edouard Philippe, ee fréiere Kader vun Areva, deen hien als „Representant vun der nuklearer Lobby“ bezeechent. Mee och de Kabinetsdirekter vum Aarbechtsministère, Antoine Fouchner, fréieren „directeur adjoint“ vun der Patronatsorganisatioun Medef en d’Audrey Bourolleau, landwirtschaftlech Beroderin am Elysee, déi virdrun als Lobbyistin vun der Wäinindustrie täteg war.

Beim Meeting huet sech de Mélanchon da verwonnert gewisen, datt de Putin am Schlass zu Versailles vum franséische President empfaange ginn ass. „Dat ass jo wuel de Maximum deen ee fir eng Staatsvisite ka maachen, begréisst awer den Dialog mam russesche Staatschef, esou wéi hien et selwer während de leschte Méint gefuerdert huet.

Mam Sabine Wibaux an dem Hervé Asquin (AFP)

Foto: Den Emmanuel Macron an de Vladimir Putin beim Besuch vun der Ausstellung zu Éieren vum Peter dem Groussen am Trianon, no hirer Entrevue am Schlass zu Versailles. ©Etienne Laurent/AFP

 

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Europa, Fake News, Frankräich, LGBT, Russia Today, Russland, Sputnik, Tschetschenien, Ukraine, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel