Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weess du, wien an dëse Gemenge Buergermeeschter ass?
https://moien.lu/ex-gf-already-dating-someone-else/ Neiegkeeten

https://moien.lu/shy-guy-dating-advice/

2017 ware Gemengewahlen an op ville Plazen huet sech eppes

best dating websites in dubai
sm entertainment dating contract
https://moien.lu/ex-gf-already-dating-someone-else/ Neiegkeeten

OGBL: „Wann eng Mindestlounerhéijung elo net dran ass, wéini dann?“

Um Dënschdeg huet de nationale Comité vum OGBL éischt Fortschrëtter

Ungarn verweigert sech dem UN-Migratiounspakt
https://moien.lu/ex-gf-already-dating-someone-else/ Neiegkeeten

Ungarn verweigert sech dem UN-Migratiounspakt

Ungarn ass géint den UN-Migratiounspakt, deen am Dezember a Marokko

dislike

Macron schonn am éischten Tour bestätegt

Front National packt et op déi drëtt Plaz

Macron schonn am éischten Tour bestätegt

Ee Mount no sengem Anzuch an den Elysée, ass den Emmanuel Macron elo esou gestäerkt fir mat enger iwwerwältegender Majoritéit seng Iddien am Hexagon ëmzesetzen. Wei och ëmmer den éischten Tour vun de legislative war fir de Mouvement „en marche“ (REM) eng grouss Victoire. Allerdéngs hunn sech nach ni sou vill Leit entscheet, net deel ze huelen.

Laut den definitive Resultater läit dem President seng Lescht däitlech un de Spëtzt mat 32,3% virun de Republikaner (LR-UDI) déi awer nach 21,5% Zoustëmmung kruten. Als drëtt Kraaft hunn d’Populiste vum Front National (FN) mat ëmmerhin nach 13,2% sech mat engem verhältnesméisseg gudden Zousproch konnte weisen. D’Legislative verluer hunn ganz kloer dem Jean-Lux Mélanchon seng „La France Insoumise“ (11%) an d’Sozialiste (PS) mat hirem Alliéierte PRG déi ënner 10% bleiwen.

Eng Macron-Victoire déi ee relativiséiere muss

Och wann de franséische President am éischten Tour d’Vertraue vun de Bierger kritt huet, muss een dëst awer relativiséieren. Mat engem Total vun 51,29% un Abstentionisten erlieft Frankräich eng eemoleg Enthalung vun der Wal. Dat bedeit, datt den Emmanuel Macron wuel déi politesch Moyenen huet fir seng Ziler ëmzesetzen. E muss awer och ëmmer domadder rechnen, datt d’Leit hire Versteesdemech op der Strooss zum Ausdrock wäerte bréngen.

Der Projektioun no, wat d’Sëtzverdeelung betrëfft, sollte REM a säi politesche Partner MoDem nächste Sonndeg tëscht 400 a 450 vun de 577 Sëtzer an der Assemblee Nationale kréien. Domadder géifen se däitlech iwwert der absoluter Majoritéit vun 289 Deputéierte leien. De Premierminister Edouard Philippe konnt dann och ouni rout am Gesiicht ze ginn, behaapten „d’Wieler hunn hei hiert Vertrauen an den Erneierungsprozess, de Rassemblement an d’Conquête zum Ausdrock bruecht.

An et ass richteg, datt een hei vun enger Leeschtung schwätze muss. No nach net emol engem Joer huet hei ee Mouvement et fäerdeg bruecht, déi traditionell politesch Landschaft ze sprengen. Alles wat während 60 Joer a Frankräich d’Soen hat, ass zolidd bei d’Lisette gelooss ginn, wat sech jo och bestätege léisst vun all deenen, déi et net fir néideg fonnt hunn hir Stëmm an de Kuerf ze werfen.

Wou si mer an enger Woch?

D’Sozialisten déi nach gutt d’Hallschent vun der Sëtzer an der Assemblee hate, kéinten am schlëmmsten Zeenario um Enn der nach just 15 hunn. Si dierften awer net iwwer 40 kommen. Déi Konservativ, déi tatsächlech dru gegleeft haten dem Macron Steng an de Wee ze leeën, missten awer tëscht 70 an 130 Sëtzer ergattere kënnen. De gréissten Deel Vun deenen ass dann och der Politik vum President favorabel géintiwwer agestallt.

De Front National vum Marine LePen ass awer net de wierkleche Gewënner vun dësem Walsonndeg, ugesicht dem Fait, datt d’Frontisten mat 57% Abstentioun an den eegene Reien sech hei selwer d’Liewe schwéier gemaach hunn. D’Populisten déi bis ewell nëmmen zwee Sëtzer haten, kéinten, wann nächste Sonndeg net alles op de Kapp gestallt gëtt, der op mannst zéng kréien. Fir dem Mélanchon seng Fraktioun kéinten 10 bis 23 Sëtzer méiglech sinn, hei dann awer schonn d’Kommunisten (PCF) matagerechent.

mat AFP

Foto: AFP PHOTO / POOL / Christophe Petit Tesson

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Frankräich, Marine Le Pen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel