Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tierkescht Geriicht erdeelt Wikipedia eng Ofso
International Meenung

Tierkescht Geriicht erdeelt Wikipedia eng Ofso

AFP-Informatiounen no huet en tierkescht Geriicht eng Demande vu Wikipedia,

Däitsch-tierkescht Verhältnis: D‘Enn vun der Äiszäit?
International Meenung

Däitsch-tierkescht Verhältnis: D‘Enn vun der Äiszäit?

Et kann ee wuel nach net vun engem harmonesche Verhältnis

CPJPO versus Kartheiser: Antisemitismus ass keng Klengegkeet
International Meenung

CPJPO versus Kartheiser: Antisemitismus ass keng Klengegkeet

An engem gehéierege Communiqué huet d‘ONG „Comité pour une paix

200 Säite Reformproblemer

200 Säite Reformproblemer

Um Donneschdeg huet den Emmanuel Macron seng Pläng zur Reform vum Aarbechtsrecht virgestallt. Fënnef Ordonnancen op 200 Säiten, do ass vill dra fir d‘Patronat, awer wéineg fir d‘Salariat.

Gutt d‘Grondzich si schonn eppes méi laang bekannt, an d‘Zil den Aarbechtsmaart am Frankräich nei opzestellen a gewësser Hisiicht och noutwenneg. D‘Ofschafe vu Reegelen ass allerdéngs net ouni d‘Gewerkschaften ze maachen. Déi sinn dann och den eigentleche Problem bei der Reform.

Datt op den Opruff vun de Gewerkschafte gäre gehéiert a reagéiert gëtt, misst deemno och dem franséische President geleefeg sinn. Mat enger Oplockerung vum Aarbechtsmaart kréien dann och virun allem d‘Patrone gehollef.

A wann et bestëmmt richteg ass, datt och de Salarié op laang Siicht dovunner sollt profitéieren, esou ass et deem bis ewell nach net richteg erkläert ginn. De Kampf géint de Chômage opzehuelen dierft jo och am Interessi vum Salarié sinn, mee wéi e Präis muss hien dofir bezuelen?

Den Aarbechtsmaart am Frankräich muss tatsächlech méi flexibel ginn. Den Aarbechter dierf dann awer trotzdeem erwaarden e gerechte Loun ze kréien. An egal wéi een sech ëm Macron seng „Ordonnancen“ ukuckt, et gesäit leider esou aus, wéi wann d‘Laascht vun deene gedroe misst ginn, déi d‘Geld fir de Patron verdéngen.

Ech géif mech gären iwwerzeege loossen dat deem net esou ass, an datt och d‘Patronat hei an d‘Flicht geholl gëtt. Aus den 200 Säiten awer geet et net ervir. Och erklären deet mir ken dat esou, datt ech et kéint gleewen.

Elo muss een dem Macron awer gutt halen, datt hie mat de Vertrieder vum Salariat Entrevuen hat an och nach wäert hunn. Elo sinn et da grad awer déi, déi der Regierung de Virworf maachen, de Sozialstaat wëllen ofzeschafen. Als Beispill gëtt gären drop higewisen, datt am Fall vun enger onzoulässeger Entloossung, d‘Entschiedegung plafonnéiert ass.

Dat heescht dat de Patron sech ausrechne ka wat et kascht engem lästege Mataarbechter lass ze ginn. Eventuell net emol engem lästegen, mee just deiere Mataarbechter. Esou sinn engem Loundumping keng Grenze méi gesat, an op et tatsächlech méi Job‘s bréngt muss och dierfe bezweiwelt ginn.

Wann déi Reform de Fransousen net esou erkläert gëtt datt si et och verstinn, dat gëtt et nees Kaméidi. E Kaméidi dee wéi gewinnt op der Strooss gekläert gëtt. Da ka jo awer och net d‘Approche sinn vun engem, deen den Usproch huet de President vun alle Fransousen ze sinn.

Foto: Op den Emmanuel Macron sech bewosst ass, datt grad déi Leit fir déi hien d‘Reform wëll duerchsetzen, och déi sinn déi et sollten erkläert kréien. (© Kamil Zihnioglu/AFP)

Ähnlech Sujeten Aarbechtsmarché, Emmanuel Macron, Frankräich, Ordonannce, Patronat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel