Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jemen: Den UN-Emissär soll sech zu Hodeida fir en nohaltege Waffestëllstand asetzen
International Neiegkeeten

Jemen: Den UN-Emissär soll sech zu Hodeida fir en nohaltege Waffestëllstand asetzen

Den UN-Emissär Martin Griffiths, ass e Freideg op Hodeida geflunn,

US-Sanktioune géint NordStream2 wierken
International Neiegkeeten

US-Sanktioune géint NordStream2 wierken

D‘Amerikaner wëllen eis mat aller Gewalt hiren deiere Flësseggas opzwéngen,

Kalifornien ass duerchgerëselt ginn
International Neiegkeeten

Kalifornien ass duerchgerëselt ginn

En Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 6,4 op der Richterskala,

De Macron muss seng Rentereform ëmsetzen

Trotz Protest an heftegem Widderstand vun de Gewerkschaften, Alternativen zur Reform gëtt et keng

De Macron muss seng Rentereform ëmsetzen

Déi vum franséische President Emmanuel Macron initiéiert an vum Premierminister Edouard Philippe gëschter virgestallte Rentereform kënnt, dorunner féiert kee Wee laanscht. Dat zumindest ass de leschte „politesche“ Standpunkt, während zäitgläich d‘Gewerkschaften der Regierung verständlech gemaach hunn, datt si de soziale Mouvement nach intensivéiere wäerten.

An esou huet de Widderstand Frankräich fest am Grëff. Den Edouard Philippe, dee gëschter déi konkret Pläng vun der Regierung zur Rentereform virgestallt huet, hat awer och eng ganz Rëtsch Zougeständnesser un d‘Gewerkschaften am Gepäck. Dat sollt dat duer goen, fir zumindest de Protest op de Stroossen bäizeleeën an iwwert déi bestoend Sträitpunkten am Dialog ze léisen.

Esou heescht et, datt de Rentenantrëttsalter bei 62 bleiwe soll, datt awer als „âge pivot“, wat heescht datt een dann net déi voll Rent ausbezuelt kritt. Déi gëtt et eréischt ab 64, firwat een op Geld muss verzichte wann ee méi fréi an d‘Pensioun geet. Wien awer an dësem „Bonus-Malus“ System iwwer 64 Joer eraus schaffe geet, soll méi Rent kréien. Klengt gerecht, mee ass et dat dann och?

Nee heescht et säitens de Gewerkschaften an de lénken Oppositiounsparteien. Wien eng gutt bezuelten Aarbecht huet kann sech éischter op Ofstréch aloossen, wéi en Aarbechter aus engem prekäre Secteur, also wou méi wéi de Mindestloun net ze erwaarden ass, oder d‘Fraen déi aus bekannte Grënn keng duerchgoend Carrièren zesummekréien. Dat soll awer berécksiichtegt ginn.

Effektiv Ëmstellung eréischt 2037

Weider heescht et, datt de neien universelle Rentesystem eréischt fir d‘Joergäng ab 1976 soll gëllen. Dat géif bedeiten, datt d‘Ëmstellung fréisten 2037 kann a Kraaft trieden. Stellt sech d‘Fro, op sech d‘Fransousen, déi schonn haut 14% vun hirer Wirtschaftsleeschtung fir d‘Renten opwannen, dat leeschte kënnen? Am OECD-Vergläich ass dat schonn e richtege Spëtzewäert…

Rentereform

Elo Frankräich demographesch gutt opgestallt, eis Nopere maachen nach ëmmer vill Kanner an esou gëtt et verhältnesméisseg vill Leit déi an de Rentesystem abezuelen. Esou gesinn ass de System wéi e besteet „nach“ finanzéierbar, mee net laangfristeg, also net wierklech iwwer 2037 eraus. D‘Regierung well mat der Reform en nohaltege Rentesystem schafen.

Zudeem besteet – fir den Ament zumindest – kee Bedarf eppes ze iwwerstierzen, d‘Reform muss also net iwwer Nuecht ëmgesat ginn. De Gewerkschafte gefält de Projet trotzdeem net. De Fait dat d‘Léit eréischt mat 64 Joer mat volle Bezich a Pensioun goe kënnen, ass déi rout Linn déi net dierf iwwerschratt ginn. Si verweigeren sech dann och der Reform an hirem vollem Ëmfang.

De Philippe Martinez, Generalsekretär vun der CGT (Conféderation générale du Travail) huet nach emol drop higewisen, datt Frankräich dee beschte Rentesystem op der Welt huet (wat fir gewësse Beruffsgruppe wéi d‘Fonctionnairen an déi Beschäftegt aus dem ëffentlechen Transportsecteur esou och net kontestéiert gëtt) an d‘Regierung dëse System verbessere sollt statt ze ersetzen.

Rentereform

Interessant dann och, datt déi wou mat hirem Protest oder Widderstand géint d‘Reform d‘Land blockéieren, grad déi vun deene gewosst ass datt et bei der Rent „enk“ wäert ginn, drun hënneren hirer Schaff nozegoen, an deels a kaf huelen, datt et wéinst dem Streik zu Aarbechtsplazverloschter komme kann. Besonnesch déi ganz kleng Entreprisen (TPE), kënnen deem net standhalen.

Dobäi ginn d‘Demonstranten zou, datt si ee ganz komfortabelt Rentesystem hunn, gesinn doranner awer och en Acquis vum Sozialstaat an stellen déi duerchaus berechtegt Fro firwat si dat sollten opginn. An dat ass nees eng Meenung déi vun enger Majoritéit vun de Fransousen esou och voll a ganz matgedroe gëtt. Esou dierften d‘Appeller vun de Gewerkschaften och Gehéier fannen.

Wat kuerzfristeg ze erwaarden ass

De Premierminister Edouard Philippe wëll de presentéierte „Plang“ nach bis Enn vum Joer fäerdeg gestallt hunn. Bis Mëtt-Januar soll d‘Reform als Text dem Kabinett virgeluecht ginn an dann, wann déi Hürd gepackt ass, am Februar dem Parlament zur Ofstëmmung ënnerbreet ginn. Firwat alles esou séier goe soll, wann dach ugedeit ginn ass, datt et am Prinzip net wierklech dréngend ass?

Ma, mat dësem „Sprint“ erhofft sech d‘Regierung de Gewerkschaften d‘Loft aus de Seegelen ze huelen. Andeems d‘Regierung d‘Gewerkschafte virun de „Fait accompli“ stellt, gëtt wuel net de Protest u sech beendegt, mee dee riicht sech dann nach just géint „Wandmillen“. An dem Macron seng lëschteg Gesellen hunn de Gewerkschafte mat dëser Method och scho gutt geschuet.

Rentereform

Déi hu sech bei de Reforme betreffend den Aarbechtsmaart, d‘Privatiséierung vun der SNCF an déi domatter verbonnen nei Aarbechtskonditiounen, uerdentlech virféiere gelooss. Datt wëllen si elo net nach eng Kéier riskéieren. Si brauchen déi sakrosankt „Eenheet“ well dat ass déi eenzeg Waff déi hinne bleift: wa sich sech zesummendinn an zesummenhalen, gëtt et fir d‘Regierung komplizéiert

Op där aner Säit huet den Emmanuel Macron och net wierklech de Choix. Hien huet de Fransousen dës Reform versprach. Zudeem – gesäit een emol vun de „régimes spéciaux“ of – ginn déi am Privatsecteur beschäftegt Salariéeë schon haut éischter mat 63 Joer an d‘Pensioun, mat manner an der Täsch wéi vill beschäftegt aus dem ëffentleche Secteur. Mee ass d‘Reform dofir gerecht?

mat indymedia/par

Foto: © CESE

Ähnlech Sujeten Edouard Philippe, Emmanuel Macron, Gewerkschaften, gilets jaunes, Rentereform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel