Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

A fort sinn se erëm: BIRD muss seng elektresch Trottinetten ewechhuelen
International Neiegkeeten

travel dating blog

Nodeems d’Societéit BIRD ouni all noutwenneg Autorisatiounen seng elektresch Trottinetten

top ten dating agencies
International Neiegkeeten

Wiem d‘Natur wichteg ass, ka bei dëser grousser Botzaktioun zu Kockelscheier matmaachen!

D‘Asbl Sea Shepherd Lëtzebuerg, organiséiert dëse Samschdeg 14. Abrëll nees

D‘Juli Zeh weist eis eng brutal éierlech Zukunftsvisioun an Leere Herzen
International Neiegkeeten

D‘Juli Zeh weist eis eng brutal éierlech Zukunftsvisioun an Leere Herzen

Dystopien sinn an der däitscher Literatur mëttlerweil in. Et ass

Madrid bereet sech op d’ Iwwernam vu Katalounien vir

Madrid bereet sech op d’ Iwwernam vu Katalounien vir

Op dësem Samschdeg soll déi spuenesch Regierung erkläre wéi se gedenkt d’Kontroll iwwer déi rebellesch Provënz Katalounien ze huelen. Dat nodeems de Kinnek der Regierung op eklatant Aart a Weis de Réck gestäipt huet an och vun der EU ënnerstëtzt gëtt.

Et ass déi schlëmmste Kris déi Spuenien zanter dem Enn vun der Franco-Diktatur erlieft, an de Felipe VI stellt sech voll a ganz hannert d’Regierung. Hien huet um Freideg erkläert, datt de Staat sech dem „inakzeptabele Versuch d’Sezessioun duerchzesetzen (…) mat sengen demokratesch legitiméierten Institutiounen“ muss entgéint stellen.

„Mir wëllen net op dat verzichten, dat mir zesummen opgebaut hunn“ esou de Kinnek bei der Iwwerreechung vum Präis „Prinzessin vun Asturien“, wou d’EU eng vun de Laureate war.

Bei dëser Zeremonie zu Oviedo (Nordoste vu Spunien) hat den EU-Parlamentspresident Antonio Tajani mat grousser verbaler Gewalt, all déi denoncéiert „déi den Onfridde stëften an bewosst d’Gesetzer ignoréieren“. Eng transparent Allusioun un déi katalanesch Dirigenten déi de Statt zanter zwee Joer erausfuerderen.

Haut de Moien um 10 Auer soll en extraordinäre Ministerrot entscheeden, verschidde Kompetenzen déi Katalounien zougestane goufen, nees an d’Hand ze huelen. Legitiméiere soll dat den Artikel 155 aus der Verfassung vun 1978. Dat wier eng Première.

De Chef vun der konservativer Regierung, Mariano Rajoy, misst nach am Nomëtteg d’Mesuren duerleeën. Mesuren déi de Premierminister laang mat de Sozialisten (PSOE) a sengen Alliéierte vun der zentristescher Partei Ciudadanos beschwat huet. Déi ginn dann och direkt un de Senat zur Ofstëmmung weidergeleet.

Eng vun den éischte Mesuren dierft et sinn, nees d’Kontroll vun der regionaler Police (Mossos d’Esquadra) ze iwwerhuelen. De Chef vun der regionaler Police war op den 1. Oktober wéinst „Rebellioun“ ugeklot ginn. Him gëtt virgeworf näischt géint de Referendum zur Onofhängegkeet ënnerholl ze hunn.

Esou dréift een d’Leit op d’Strooss

Zu Madrid sinn sech dann och bewosst, datt den Entzuch vun der Autonomie fir d’Katalane genee esou inakzeptabel ass wéi, d’Onofhängegkeet fir d’Regierung. An dat trotz dem Fait, datt d’Katalane gedeelter Meenung sinn, wat d’bestriewen no Onofhängegkeet ubelaangt.

Eng gréisser Manifestatioun soll dann och géint 17 Auer zu Barcelona organiséiert ginn. Hei gëtt d’Fräiloossung vun zwee Leader fir d’Onofhängegkeet gefuerdert. Madrid verséchert dann och, datt all d’Mesuren zäitlech begrenzt ginn a kuerzfristeg fir Neiwahlen a Katalounien solle suergen. D’Sozialiste wëllen déi schonn Enn Januar organiséieren

Opgefuerdert sech nees an d’Legalitéit ze beginn, huet de President vun der katalanescher Regierung, Carles Puidgemont am Géigendeel gedréit ganz formell d’Onofhängegkeet auszeruffen, falls Katalounien seng Autonomie ofgeschwat géif kréien.

De Carles Puidgemont an säi Cabinet behaapten awer och elo nach, e Mandat ze hunn fir Spuenien ze verloossen. Si beruffen sech och weiderhin op de Referendum, un deem 43% vun de Wieler sech zu 90% fir d’Onofhängegkeet entscheet hunn. Mee et ass dat katalanescht Parlament, dat zu gudder Lescht misst d’Republik vu Katalounien ausruffen. Hei huet de Puidgemont eng kuerz Majoritéit mat 72 vun den 135 Mandater.

Et ass dann och dat selwecht Parlament, dat schonn am November 2015 den Trennungsprozess vu Spuenien op de Wee bruecht huet. Dat mam Objektiv eng onofhängeg Republik bis 2017 ze schafen. Deemools war ugefouert ginn, datt dat katalanescht Parlament d’Entscheedunge vum Verfassungsgeriicht net méi géif unerkennen.

Den totale Chaos

Den haarde Kär vun der katalanescher Koalitioun fuerdert vum Carles Puidgemont endlech d’Trennung duerchzezéien. De fréiere Journalist vu 54 Joer spillt awer op Zäit. De wirtschaftlechen Impakt vun der Kris, mee och de Mangel un Ënnerstëtzung aus dem Ausland, zwéngen hien dozou.

Däitschland a Frankräich hunn d’Bestriewen no Onofhängegkeet schwéier veruerteelt. Bréissel huet däitlech gemaach, datt d’EU d’Onofhängegkeet vu Katalounien net géif unerkennen. Zudeem wier Katalounien dann automatesch aus der EU eraus.

Den Antonio Tajani huet drun erënnert datt „ze oft an der Vergaangenheet d’Perspektiv d’Grenzen ze änneren als helleg Léisung duergestallt ginn ass an et ëmmer am totale Chaos geendegt huet“.

Bis ewell hunn 1.200 Entreprisen an déi zwou gréisste katalanesch Banken (Caixabank an Sabadell) hire Firmesëtz baussent Katalounien verluecht. D’Investissementer sinn agefruer an och d’Touriste meiden am Moment d’Géigend,

D’Separatisten hunn hire Wieler scho säit Jore versprach, datt en onofhängegt Katalounienvun der EU unerkannt géif ginn. Am Verspriechen och den Zousaz, datt Katalounien wirtschaftlech sech besser géif stoen, wa keng Steiere méi u Madrid misste bezuelt ginn.

mat AFP

Foto: D’Katalane fuerderen och weiderhin d’Fräiloossung vum Jordi Sanchez an dem Jordi Quixart, zwee emblematesch Personnagen am Kampf fir d’Onofhängegkeet. Haut soll dann d’Autonomie vu Katalounien opgehuewe ginn. Heibäi gëtt Madrid vum Kinnek Felipe VI an der EU ënnerstëtzt. © Pau Barrena/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Felipe VI, Katalounien, Madrid, Mariano Rajoy, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel