Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Wirtschaftsministère kritt e neie Mataarbechter fir de Spacemining Projet
allison harvard dating https://moien.lu/dating-darwinism/

how to answer what are you looking for dating

Am Kader vum „Spacemining-Projet“ mécht de Wirtschaftsministère grouss Efforte fir

https://moien.lu/old-actors-dating-young-actresses/
allison harvard dating https://moien.lu/dating-darwinism/

Ustrengend: den éischten Dag vum G20-Sommet

Déi demonstrativ Komerodschaft vum Vladimir Putin an dem Mohammed ben

„Klengen Offall – Grouss Verschmotzung“
allison harvard dating https://moien.lu/dating-darwinism/

„Klengen Offall – Grouss Verschmotzung“

Dëse Summer huet den Nohaltegkeetsministère erëm seng multimedial Campagne fir

Madrid verléiert de Kampf vun de Biller

Madrid verléiert de Kampf vun de Biller

D‘Zentralregierung vu Madrid wollt den demokratesche Prozess mat Knëppelen an Gummi-Kugelen a Katalounien verhënneren. Gewielt ginn ass awer an de Carles Puidgemont, President vun der Provënz huet nach um Sonndeg verkënnt, datt d‘Katalane d‘Recht op Selbstbestëmmung gewonnen hätten.

De spuenesche Ministerpresident Mariano Rajoy sengersäits mengt: „Haut huet et a Katalounien kee Referendum zur Onofhängegkeet ginn. De Rechtsstaat bleift mat all senger Muecht bestoen“. Dat alles op der Tëlee no engem mat Spannunge geluedenen Dag, wou jee no Säit, tëscht 90 a 850 Mënsche solle vun der Police blesséiert gi sinn.

Och wa bis heihinner déi katalanesch Gesellschaft iwwert d‘Onofhängegkeet gedeelter Usicht war, stinn d‘Biller vum Sonndeg géint d‘Positioun vu Madrid. Mat dëser Ausenanersetzung, stécht Spuenien a senger gréisste politescher Kris säit dem versichte Militärputsch vun 1981.

Bal d’Halschent ass duerchkomm

An der Nuecht op e Méindeg, huet de Spriecher vun der katalanescher Regierung, Jordi Turull, d‘Victoire vum „si“ bestätegt. Eppes iwwert 2 Millioune Wieler (90%) – bei 7,5 Millioune Bierger – hätte fir d‘Onofhängegkeet gestëmmt. 176.000 (7,8%) vun de Katalanen hunn sech dergéint ausgeschwat. Gezielt gi konnten 2,26 Millioune Stëmmziedel.

D‘Annonce vun der Victoire ass zu Barcelona vun de Separatiste gefeiert ginn. Laut den Informatioune vun der katalanescher Regierung, hätt d‘Wahlbedeelegung bei 42,3% geleeën. En Taux dee vum Carles Puidgemont als „akzeptabel“ betruecht gëtt, well en deem Taux vu Bedeelegung entsprécht, dee Spuenien hat wéi et drëms gaangen ass d‘Verfassung vun der EU unzehuelen.

Elo muss dann awer drop higewise ginn, datt och wann et Ursaache gëtt, déi mat de Behënnerungen zesummenhänken, et bei dëse Walen net d‘Garantie ka ginn, déi eng „uerdentlech“ Wal üblecherweis begleeden. Déi spuenesch Regierung huet mat groussem Asaz vu Gewalt, d‘Infrastruktur zerstéiert, déi et erlaabt hätt e kredibelt Resultat virzeleeën.

Blann Gewalt

Déi dausende Polizisten déi d‘Rajoy-Regierung a Katalounien agesat huet fir de Referendum ze verhënneren, hu „ganz Aarbecht“ geleescht. Mat Knëppelen an Gummi-Kugelen hunn déi agesate Polizisten hiren „Optrag“ grëndlech ëmgesat. Plazeweis si se riicht ewech op d‘Léit déi sech virun de Wahlbüroe versammelt haten duer gestiermt.

Zougeschloen hunn se op alles wat sech net aus de Féiss gemaach huet. Vill eeler Leit, mee och Pompjeeën a Secouristen déi éischt Hëllef geleescht hunn, sinn ouni Récksiicht op Verloschter vu blanner Staatsgewalt getraff ginn.

Madrid - Barcelona

Blumme fir d‘Guardia Civil, während sech d‘Pompjeeën als Schutz tëscht d‘Polizisten an d‘Bierger stellen. Op ville Plazen huet d‘Staatsgewalt sech awer duerchgesat. © Lluis Gene/AFP

Laut der Regionalregierung sollen d‘Iwwergrëff vun der Police 844 Persoune blesséiert hunn. Zwee Mënschen, dorënner eng Persoun vu 70 Joer, solle schwéier Verletzungen dervu gedroen hunn.

Den Inneministère schwätzt sengersäits vun 33 verletzte Polizisten. Intervenéiert wier d‘Police bei 92 Wahlbüroen, wou och Material saiséiert ginn ass.

Generalstreik als éischt Äntwert

D‘Interventioun vun der Staatsgewalt huet dann och vill Awunner vu Barcelona Gedold ofverlaangt. Si hunn deels misse Stonne waarde fir hir Stëmm kënnen ofzeginn. Zu Lladó huet d‘Pilar Lópes, eng Sekretärin vu 54 Joer erkläert: „Ech hu gekrasch, well et scho Joren dauert, datt mir fir dëse Moment gekämpft hunn. Ech hu viru mir eng Fra vu 90 Joer gesinn déi mam Rollstull komm ass fir hir Stëmm dierfen ofzeginn“

Op den Asaz vun der Staatsgewalt muss et eng friddlech awer entspriechend Äntwert ginn. 44 Organisatiounen, dorënner d‘Gewerkschaften a politesch Bewegungen, mee och Associatiounen déi een éischter als onpolitesch géif wëlle betruechten, hunn fir en Dënschdeg zum Generalstreik opgeruff.

Madrid - Barcelona

De 90 järegen Antoni Flotats kritt eng Hand ugepaakt fir säi Stëmmziedel am Wahlbüro vun der Handwierkerschoul zu Barcelona ofzeginn. 5, 3 Millioune Katalane ware fir d‘Wiel zougelooss, ronn 2,26 Millioune konnten hir Stëmm trotz Policeasaz ofginn © Lluis Gene/AFP

Ëmgi vum Rescht vun der katalanescher Exekutive, huet de Carles Puidgemont um Sonndeg deklaréiert: „mat dësem Dag vun den Hoffnungen an dem grousse Leed, hunn d‘Bierger vu Katalounien, Mir, d‘Recht gewonnen en eegestännegen, onofhängege Staat ze hunn, deen d‘Form vun enger Republik soll kréien“. De Regionalpresident huet dann och ugekënnegt, datt seng Regierung d‘Resultater dem Parlament wäert virleeën „fir entspriechend dem Gesetz deen de Referendum behandelt, ze agéieren“.

Prisong statt Dialog?

De Carles Puidgemont hat schonn um Samschdeg der AFP verséchert, datt am Fall vun engem „si“ hien d‘Onofhängegkeet vu Katalounien géif erklären. Eng wirtschaftlech strategesch wichteg Regioun am Häerze vun Europa, wou 19% vum spuenesche PIB erwirtschaft ginn.

Fir de Mariano Rajoy sinn, fir alles wat geschitt ass an nach ka geschéien, eenzeg d‘Separatisten an d‘Leedung vun der katalanescher Regionalregierung verantwortlech. Déi missten elo och mat enger entspriechender Äntwert vun der Justiz rechnen. D‘Enquête vun der Justiz fir Ongehorsam, Amtsbeugung a Verontreiung vun ëffentlechem Geld, géif entspriechend Konsequenze mat sech bréngen.

Fir d‘Buergermeeschtesch vu Barcelona, Ada Colau, ass och weiderhi kloer, datt d‘Separatisten net eleng d‘Onofhängegkeet kënnen ausruffen. Déi géif keen hinnen unerkennen. Si hat awer dem Referendum zougestëmmt, deen an hirer Staat erlaabt an erméiglecht, huet selwer awer ausgesot, „wäiss“ gestëmmt ze hunn.

mam Laurence Boutreux an dem Michaela Cancela-Kieffer/AFP

Foto: Agewéckelt an de Fändel vum onofhängege Katalounien, wéist dës jonk Fra op der Plaza Catalunya zu Barcelona der Zentralregierung zu Madrid, wat si vun der Policegewalt hält. D‘Gewalt ass dann och um Sonndeg eesäiteg géint d‘Begier op demokratesch Selbstbestëmmung ausgeüübt ginn. © Cesar Manso/AFP

Ähnlech Sujeten Barcelona, Carles Puidgemont, Katalounien, Mariano Rajoy, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel