Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Wisou de Gréngen Donneschdeg fir ze kräischen ass!
tips for writing a good dating profile Neiegkeeten

https://moien.lu/wallington-dating/

Pünktlech zum Enn vun der chrëschtlecher Faaschtenzäit an esou kuerz

first message to a girl on a dating website
best dating sites for older singles uk
tips for writing a good dating profile Neiegkeeten

Amerika huet als Weltpolizist säin Déngscht gemaach

Um Freideg huet zu München déi 54. Sécherheetskonferenz ugefaangen, ugesicht

Däitschland: Eng Moschee fir den Erdogan?
tips for writing a good dating profile Neiegkeeten

Däitschland: Eng Moschee fir den Erdogan?

Gëschter huet den tierkesche President seng „Däitschlandrees“ mat der Aweiung

Mäerderesch Iwwerschwemmungen a Griicheland

Mäerderesch Iwwerschwemmungen a Griicheland

„Mir si verwüst“, sot um Donneschdeg de Besëtzer vum engem Kleedergeschäft an der Haaptstrooss vu Mandra, eng vun de Stied déi um Mëttwoch Affer vun den Iwwerschwemmunge ginn ass.

Eng Naturkatastroph mat mäerderescher Auswierkung. Dem virleefege Bilan no, hunn 16 Mënschen d‘Liewe verluer an Dosenden si verletzt ginn.

Ambulanzen, Pompjeesween a Gefierer vun der Police waren en Donneschdeg op de Stroosse vu Mandra ze gesinn. Bulli esouwäit d‘Ae reechen, honnerte Pompjee déi versichen d‘Waasser aus den Haiser ze pompelen. Wou et nëmme geet, versichen d‘Leit de Stroum, d‘Waasseruschlëss an d‘Telefonsverbindungen nees hierzestellen

Vun de Leit déi um Mëttwoch als vermësst gemellt goufen, konnt eng Persoun um Donneschdeg Virmëtteg lieweg opfonnt ginn. Déi aner, e Mann vu 50 Joer ass e puer Stonne méi spéit an engem Keller fonnt ginn. Hei koum all Hëllef ze spéit. No véier weidere Mënsche gëtt nach gesicht.

De Ministère vun der Handelsmarinn huet matgedeelt, datt e Passagéierschëff mat 364 Kabinnen ass op d‘Plaz geschéckt ginn ass. Hei sollen déi Awunner, deenen hir Haiser onbewunnbar sinn en Ënnerdaach fannen.

„D‘Waasser a mengem Haus stoung dräi Meter héich“ sot de Sotiris Loukopoulos dem lokale Sender vun Athen. Seng Apdikt war déi eenzeg déi en Donneschdeg zu Mandra „operationell“ war. D‘Georgia Guini, Besëtzerin vun enge vun de fënnef beschiedegten Apdikte sot der AFP: „Kuckt selwer, et ass näischt iwwreg bliwwe, mir sinn um Buedem zerstéiert“.

Griicheland

Autoen an och wat soss net fest verankert war ass vum Waasser op Stroossekräizunge gedréckt ginn. © Angelos Tzortzinis/AFP

Den Dag duerno

Um Donneschdeg hat sech d‘Waasser scho wäit zréckgezunn. An de Stroossen, mee och an den Haiser war den Niveau géintiwwer dem Mëttwoch wäit erofgaangen. Mandra wou de Reen sintflutaarteg erofkomm ass a reegelrecht Stréim vu Bulli duerch d‘Uertschaft gedriwwen hat ass, grad ewéi d‘Dierfer vu Nea Peramos a Megara (50 Kilometer ëstlech vun Athen) net méi erëm ze erkennen.

Mat Waasserlanzen hunn d‘Geschäftsleit versicht dem Bulli an dem Gestécks an hire Raimlechkeete lass ze ginn. Dosenden Autoscarcassen hunn sech an der Stroossekräizunge verfaangen. Esou gutt wéi nëmme méiglech hunn d‘Raumequippe sech beméit d‘Weeër fräi ze maachen.

„Eise Problem ass aktuell, sech mussen zwee räissende Stréim entgéint ze stellen, wouvunner nach ëmmer een sech riicht duerch Mandra zitt a weider Gestécks mat sech bréngt. Dat behënnert den Asaz enorm“, esou en Responsabel vum Zivilschutz zur AFP.

D‘Medien an d‘Experte wëllen dann och wëssen, datt déi „Naturkatastroph“ mam onkontrolléierte bau vu Gebaier, op Terrainen déi soss vun honnerte klenge Baachen duerchfloss goufen, zesummenhänkt. Attika, d‘Agglomeratioun vun Athen, ass d‘Affer vun enger ongebremster Urbanisatioun, déi an de 60er ugefaangen huet.

Zu Mandra a Nea Peramos gouf et fënnef Waasserleef am ganzen. Déi sinn aus Grënn vum Amenagement vum Territoire iwwerdeckt ginn, erënnert de Geolog Michalis Diakakis am Gespreich mat der Zeitung Ethnos. „Et ass den Agrëff vum Mënsch deen d‘Ursaach vun der Katastroph ass. (…) Déi meescht Baachen si quasi ‚zou‘ an net an der Lag déi Massen u Waasser, déi mam Reen erofkomm sinn, opzefänken“.

Dat leschten Drama vun dëser Aart, féiert zréck an d‘Joer 1994. Deemools ware an engem Quartier no um Mier geleeën, néng Mënsche gestuerwe well d‘Bach Kifissos, déi derduerch gelaf ass, net ënnerhale ginn ass.

Griicheland

Obwuel um Donneschdeg d‘Waasser sech gréisstendeels zréckgezunn hat, waren d‘Stroossen nach ëmmer iwwerschwemmt. © Valerie Gache/AFP

D‘Fändelen op Hallefmast

Op a bei allen ëffentleche Gebaier waren d‘Fändelen op Hallefmast gehaange ginn. De Premierminister Alexis Tsipras huet eng „National Trauer“ op dräi Deeg ugeuerdent als Zeeche vu Respekt fir d‘Affer vun dëse mäerdereschen Iwwerschwemmungen. 15 dovunner waren ee Mëttwoch iwwert de ganzen Dag ewech bei de Rettungsaktiounen opfonnt ginn. Déi meescht waren erdronk.

Den Ëmweltexpert Mihalis Petrakis huet dann nach drop higewisen, datt de Verloscht vun de Beem op de Koppe ronderëm Athen, e weidert Puzzelstéck am Ensembel vun den Ëmstänn ass, déi zur Katastroph gefouert hunn. Beem déi duerch Bränn am Summer zerstéiert goufen, woubäi d‘Spekulatioun op Bauterrainen och dozou bäigedroen huet. Dat an de Klimawandel zesummegeholl, ass de Grond vun allen Iwwel.

mam Angelos Tzortzinis/AFP

Foto: Zu Mandra, Nordëstlech vun Athen hunn d‘Waassermassen déi ganz Strooss ewech gerappt. © Angelos Tzortzinis/AFP

Ähnlech Sujeten Athen, Griicheland, Iwwerschwemmung, Mandra, Megara, Nea Peramos
Nächsten Artikel Virrechten Artikel