Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-Senat benennt Genozid un Armenier als Vëlkermord
International Neiegkeeten Stories

US-Senat benennt Genozid un Armenier als Vëlkermord

Nom Representantenhaus huet elo och den US-Senat de Genozid un

DKV-Urban Trail Lëtzebuerg: d‘Stad Lëtzebuerg anescht entdecken
International Neiegkeeten Stories

DKV-Urban Trail Lëtzebuerg: d‘Stad Lëtzebuerg anescht entdecken

Et gëtt vill flott Manéieren eis Haaptstad ze entdecken, a

Simbabwe: Chronik vun engem Ënnergang
International Neiegkeeten Stories

Simbabwe: Chronik vun engem Ënnergang

An de 37 Joer déi hien de Simbabwe „gefouert“ huet,

Mäerderesch Justiz: Egypten glänzt mat 15 Hiriichtunge bannent 24 Stonnen

Mënscherechtsorganisatiounen si besuergt, virun zwou Woche goufen am Land vun de Pharaoen a Pyramiden an engem Dag 15 politesch Prisonéier opgeknäppt bis der Dout erfollegt war.

Mäerderesch Justiz: Egypten glänzt mat 15 Hiriichtunge bannent 24 Stonnen

Wann et sécher richteg ass, datt Egypten net dat eenzegt Land op der Welt ass, wou d‘Doudesstrof ugewannt gëtt, an et och eiser Gesellschaft ëmmer méi Unhänger vun dëser „Strof“ gëtt, esou sollt beduecht ginn, datt een an Egypten net emol muss eng Strofdot begaangen hunn. Et geet schonn duer zur falscher Zäit op der falscher Plaz gewiescht ze sinn.

Den Hussein Baoumi ënnersicht fir Amnesty International d‘Mënscherechtsverletzungen déi sech d‘ägyptesch Regierung leescht. Hien erkläert: „Wärend de leschte Wochen ass et zu Protester am Land komm, well déi wirtschaftlech Situatioun sech ëmmer weider deterioréiert an d‘Regierung wéineg dergéint ënnerhëlt. Protest awer ass net am Sënn vun deenen déi d‘Muecht ergraff hunn, an esou si bei dësen Demonstratiounen honnerte Mënsche vun der Police verschleeft ginn“.

Bei dëser „Kollekte“ huet d‘Police och Mënsche matgeholl, déi erwisenermoossen nëmme Passante waren, déi méi oder wéineger zoufälleg laanscht gaange sinn, oder aus beruffleche Grënn op dëse Plazen ze dinn haten. Wéi et sech fir esou Regimmer gehéiert, an dat huet natierlech an Ägypten och eng laang Traditioun, ginn d‘Mënschen „iergendwou“ ënnerbruecht, do no bewäerter Aart a Weis gefoltert an uschléissend engem „Riichter“ virgefouert. All dës Faiten sinn zu Bréissel bekannt.

Eigentlech, esou zumindest hat ee sech erhofft, datt wéi den Mohammed Mursi am Juni 2012 bei den éischte fräie Presidentschaftswahle gewielt ginn ass, datt et kéint besser ginn. Mee schonn ee Joer drop war et nees zu grousse Protester komm an den 3. Juli 2013 huet d‘Arméi geputscht an d‘Verfassung ausser Kraaft gesat. D‘Protester géint de Putsch hu sech iwwer Méint higezunn an de Chef vum Militärrot, Abdel Fatah el-Sisi, huet der Welt den Ëmstuerz als 2. Revolutioun verkaf.

Dat huet zu neien Ongerechtegkeeten an folgerichteg och Onroue gefouert. Wann et dann och nach richteg ass, datt Zivilpersounen, och an dëser vun der europäescher Unioun politesch a finanziell ënnerstëtzter Militärdiktatur, eigentlech virun zivil Geriichter sollte gestallt ginn, esou landen déi allermeescht schlussendlech awer virun engem Militärgeriicht. Dat well scho Kritik vun der Muecht als terroristeschen Akt bewäert gëtt. A virun esou Geriichter huet et keng (Mënsche)Rechter…

Mënscherecht ass en autokratesche Widdersproch

Elo huet den Hussein Baoumi weider erkläert, datt Mënschen déi protestéieren oder sech ze no am Ëmfeld vun enger Demo ophalen, wa se bis verschleeft a gefoltert goufen, net emol vun engem Affekot viru Geriicht verdeedege loossen dierfen. Oft stinn direkt Dosende Leit virun de Riichter, hir Geständnisser – dat wëssen d‘Riichter, meeschtens hu si et selwer ordonéiert – duerch Folter erzwonge ginn. So ginn dann zum Dout duerch de Strang verurteelt, dat oft schonn aus Prinzip.

D‘Riichter, déi jo zu Arméi gehéieren, genéissen et ganz offensichtlech. Doudesurteeler ginn dann och ëmmer ënnert dem Virwand vum „Terrorismus“ ausgeschwat. Als terroristeschen Akt gëtt elo awer och all Form vu Kritik un der Regierung bewäert. Kee gëtt ausgelooss, Journalisten, Affekoten an esouguer medezinescht Personal, dat et wot op Mëssstänn am Gesondheetswiesen hinzeweisen. An de leschte 6 Joer si mindestens 2.500 Doudesurteeler geschwat an ëmgesat ginn. Dat ass krass.

Mat dëser Unzuel un Hiriichtunge läit Ägypten, virum Iran, China, an d‘USA zesummegeholl. Jo net emol eis saudiarabesch „Partner“ kënnen do Schratt halen. Et ass esouguer fënnef mol méi, wéi sengerzäit an den 90er, ënnert dem Autokrat Hosni Mubarak. Laut der Analys vun Amnesty International, kënnt et ëmmer, wann et zu engem Uschlag oder Demonstratioune kënnt a Membere vun der Police oder Arméi zu Schued kommen, zu Massenhiriichtungen. Hei geet et ëm Revanche.

Woubäi… net nëmmen. Verhaftungen a Folter sinn eng gutt Grondlag d‘Vollek anzeschüchteren, mee ëffentlech Hiriichtungen zu gudder lescht och de Beweis, datt een all Hemmungen ofgeluecht huet. D‘Message ass, esou den Hussein Baoumi simpel: „All Mënsch, ob Fra oder Mann, kann ouni faire Prozess higeriicht ginn“. Zanter 2017 ass d‘Land am Ausnamezoustand. Dat gouf ëmmer nees verlängert an dank dem Covid19 huet et elo och nach sanitär Grënn fir den Ausnamezoustand.

Doriwwer eraus, huet d‘Coronaviruskris dem Machtapparat och eng wonnerprächteg Excuse ginn, de Kontakt vun de Gefaangene mat Affekot oder Famill ze ënnerbannen. Dat ass ganz kloer an ouni de gréngsten Zweiwel dat wat een als Besuchsverbuet an Informatiounsspär ze verstoen huet. An d‘Zoustänn an ägyptesche Prisonge sinn net déi bescht. Medezinesch Versuergung ass net emol am Usaz virgesinn. Et ass zudeem och immens praktesch, d‘Leit hanner Gitter verrecken ze loossen.

Et gëtt kaum nach Mënscherechtsobservateuren an dësem Vakanzeland, datt och vun eise Politiker ëmmer nees gelueft an ëmgarnt gëtt. Amnesty International kann net méi oppen an Ägypten agéiere well et direkt zum Doudesurteel féiere géif, wann een als Mënscherechtsaktivist géif erkannt ginn. D‘EU, déi wirtschaftlech Bezéiungen zum Onrechtsstaat fleegt, huet domadder kee Problem. Déi konservativ Politiker an der EPP, schéngen esouguer richteg erfreet ze sinn, wéi gutt dat alles leeft.

mat indymedia/tlv/bru

Illustratioun: Un der miserabeler Mënscherrechtslag an Egypten huet och Europa a ganz besonnesch d‘EU-Kommissioun schold. Et ass ëmmer eng fro vu perséinlechen, da finanziellen a schliisslech och politeschen Interessen, wéini ee Regime „béis“ ass. Um Beispill vu Wäissrussland an der Tierkei léisst et sech beschtens ënnersträichen. Firwat sollt Bréissel mat Egypten do enger aner oder differenzéiert Approche hunn? © Mariam Soliman / unsplash

Ähnlech Sujeten Abdel Fatah el-Sisi, Ägypten, Amnesty International, Doudesstrof, Militärgeriicht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel