Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et reent… Konfetti!
International Neiegkeeten

Et reent… Konfetti!

Frënn vun der Sonn an der gudder Laun, et gëtt

Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou
International Neiegkeeten

Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou

Et war eng flott an ënnerhalent Gemengerotssëtzung déi engem zu

money
De Cannabis suergt fir Euphorie op der Wall Street
International Neiegkeeten

De Cannabis suergt fir Euphorie op der Wall Street

D‘Finanzmakler vun der Wall Street, hu mat vill Freed déi

De mäerdereschen Taifun Mangkhut huet China erreecht

De mäerdereschen Taifun Mangkhut huet China erreecht

Nodeems et op de Philippinnen mindestens 64 Doudesaffer ze bekloe gëtt, huet den Taifun seng mäerderesch Kraaft och iwwert dem chinesesche Kontinent entlueden. Et ass dee bis ewell schlëmmsten Taifun vum Joer, an et gëtt villeruerts schwéier Schied u Gebaier an Infrastrukturen.

Den Taifun Mangkhut huet a Südostasien eng Spuer vun der Verwüstung hannerlooss. Op de Philippinnen gëtt an engem virleefege Bilan vu 64 Affer geschwat, woubäi nach vill Leit vermësst ginn. A China bréngen sech d‘Awunner a Sécherheet. Vu mindestens zwee Affer ass gewosst.

An der Provënz Guangdong si laut der Staatstëlee CCTV un de Folge vum Taifun verstuerwen. Am ganze wieren 2,4 Milliounen Awunner a Sécherheet bruecht, a 50.000 Fëscherbooter an d‘Häfen zeréckgeruff ginn. D‘Angscht viru staarkem Wand a gewaltege Flutwellen ass grouss.

De nationalen Zenter fir Meteorologie hat am Virfeld entspriechend Warnungen erausginn. Et war rieds dovunner, datt de chinesesche Süden „enger schwéierer Prüfung géif ënnerzu ginn“. Experten hunn den Autoritéite matgedeelt, si sollten sech op méiglech Katastrophe virbereeden.

Aus ville Géigenden si Berichter iwwer blesséiert Persounen agaangen. Zu Hongkong eleng wieren iwwer 200 Mënsche mat Verletzunge behandelt ginn. Op der chinesescher Tëlee si Biller vun iwwerschwemmte Stroossen, entwuerzelte Beem, an zerstéiert Baugerüster ze gesinn.

A groussen Deeler vun der Südküst, wéi och der Metropol Hongkong geet guer näischt méi. Et hu missen honnerte Flich gestrach ginn, an dausende Wunnengen a Büroen ass de Stroum ausgefall. An der ganzer Regioun sollen zudeem honnert dausende Menage vum Stroumausfall betraff sinn.

De philippinnesche Bilan kann nëmme Provisoresch sinn

Iert den Taifun Mangkhut China erreecht huet, hat hien sech iwwert dem philippinneschen Archipel ausgetoobt. D‘Autoritéite gi mat engem éischte virleefege Bilan vu 64 Doudesaffer aus. Mat méi Affer gëtt awer gerechent. Duerch Äerdrëtsch sinn deels ganz Familljen an hiren Haiser gestuerwen.

Mangkhut

Op de Philippinnen, am Salonga Compound zu Calumpit, nom Passage vum Supertaifun Mangkhut. Kanner hunn sech aus dem Schlauch vun engem Camionspneu e Flooss gebaut fir sech ze deplacéieren. © Noel Celis/AFP

An engem Duerf an der Regioun Benguet sollen, esou d‘Rettungsdéngschter, 34 Awunner an enger Kapell, an där si Schutz gesicht haten, ëm d‘Liewe komm sinn. En Äerdrutsch kéint och eng Häip, déi vu Biergaarbechter bewunnt gouf, ënnert sech begruewen hunn. An et kënnt keen duerch…

Vill Brécken a Stroossen sinn duerch d‘Äerdrëtsch onpasséierbar, an Hëllef kann et eigentlech just nach aus der Loft ginn. Aktuell, esou d‘Informatioun aus offizieller Hand, si véier Millioune Leit ouni Stroum, an och d‘Waasserversuergung, wäert eréischt am Laf vun der Woch nees goen.

Eng ganz Rei kathoulesch Hëllefsorganisatiounen hunn en Appell fir Done gemaach. Wéi esou oft, sinn et déi Äermst, déi vun der Katastroph am schlëmmste betraff sinn. Hir Häipe kënnen engem Taifun, och nach an der gréisst vum Mangkhut, net standhalen. Déi Leit hunn alles verluer…

Op de Philippinnen huet een allerdéngs Erfarung am Ëmgang mat Taifunen. Där gëtt et all Joer eng 20 Stéck, an oft bréngen se nëmme Leed an Zerstéierung. Esou beispillsweis den Taifun Haiyan am November 2013. Deemools si 6.300 Mënsche gestuerwen, 4 Milliounen haten hiert Heem verluer.

mat AFP

Foto: Zu Hongkong versicht e Mann sech virum Supertaifun Mangkhut a Sécherheet ze bréngen. Leschten Informatiounen no, soll et hei schonn 200 blesséiert Mënsche behandelt gi sinn. © Anthony Wallace/AFP

Ähnlech Sujeten Hongkong, Katastroph, Mangkhut, Philippinnen, Supertaifun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel