Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Um Krautmaart ass sech mat der Iechternacher Sprangprëssessioun beschäftegt ginn
Neiegkeeten

Um Krautmaart ass sech mat der Iechternacher Sprangprëssessioun beschäftegt ginn

Et war de fréieren Iechternacher Buergermeeschter, Jos Scheuer (LSAP), deen

Denkt drun iech géint d‘Gripp ze impfen
Neiegkeeten

Denkt drun iech géint d‘Gripp ze impfen

Et ass November an schonn an esou muncher Entreprise huet

Beim OGBL ass een éischter Zefridden
Neiegkeeten

Beim OGBL ass een éischter Zefridden

Beim OGBL, wou een ufanks net u Kritik, am Bezuch

Mäertesdag um Härebierg: Mat engem laachenden a kräischenden A

Mäertesdag um Härebierg: Mat engem laachenden a kräischenden A
© Shari Pleimelding/moien.lu

De Militärzentrum um Dikrecher Härebierg huet un dësem Mëttwochmoien nees de groussen Dag vum Schutzpatroun, dem Hellege Martin gefeiert. Mat enger Retrospektiv op dat vergaangent Joer an Virfreed op d’Zukunft huet d’Zeremonie vum Mäertesdag seng Éieregäscht an Zaldoten duerch eng Well vun Euphorie, Determinatioun an schmäerzhaften Erënnerunge geleet.

Nodeems d’Truppen, d’Militärmusek an déi operationell Gefierer Positioun am Haff vum Härebierg ageholl hunn sinn d’Zaldote vum Generol Alain Duschène, Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi, dem Colonel Yves Kalmes, Kommandant vum Militärzentrum an dem Verdeedegungsminister François Bausch begréisst ginn. Ouni Reen duerft een an de Mäertesdag starten.

An de Reie vun den Éieregäscht war och eise Premierminister Xavier Bettel ze fannen, deen déi grouss an emotional Aufgab hat, dem Adjudant-Chef John Lanser d’Éierekräiz an d’Verdéngschtmedaille fir säi virbildlecht Handele bei der Explosioun am Munitiounslager um Waldhaff um 14. Februar 2019 ze iwwerreechen. Beim trageschen Accident hunn 2 Ënneroffizéier hiert Liewe gelooss, weider zwee Ënneroffizéier sinn uerg blesséiert ginn. Ëmsou méi Héngerhaut hat een bei dëser Éierung, déi de John Lanser nach ëmmer staark gezeechent entgéint geholl huet.

Mäertesdag

© Shari Pleimelding/moien.lu

„Eleng Tréine läschen d’Feier an eis“

Generell stoung de Mäertesdag dëst Joer ënnert engem donkele Stär. Wéi de Lieutenant-Colonel Nicolas Wenner, Militärpaschtouer, bei senger Ried matgedeelt huet, wier een immens houfreg dësen historeschen Dag nees feieren ze kënnen. Et war nämlech den Hellege Martin, deen als Zaldot bei der Keeserlecher Gard an Amiens säi Mantel mat engem aarme Mann gedeelt huet, fir datt dësen net méi fréiere muss.

An dësem Joer sinn zwou Persounen aus der Lëtzebuerger Arméi ëmkomm, mat deenen een onvergiesslech frou Stonnen erlieft huet. Houfreg op d’Éierung vum John Lanser huet de Militärpaschtouer erkläert, datt och d’Liewenspartner vun den Zaldoten eng Auszeechnung verdéngt hätten. Si sinn et, déi doheem drop waarden, datt hir Männer vun den deelweis geféierleche Missiounen zeréck kommen, an och si sinn et, déi duerch hir Léift, Ënnerstëtzung an Zouneigung den Zaldoten ëmmer zur Säit stinn.

Dobäi kënnt den Dout vum Groussherzog Jean, dee mat Léift zur Heemescht, Stolz fir den Déngscht an op eis Geschicht d’Land positiv ervir gehuewen huet. Passend zu dësen traurege Fäll huet de Lieutenant-Colonel Nicolas Wenner erkläert, datt mir natierlech all d’Auer liese kënnen, an awer wéissten déi Wéinegst, wéi eng Zäit et ass. Et sollt een den Moment genéissen an esou kéint een haut och emol een Aen zoudrécken, wann d’Zaldoten e bësse méi spéit Heem kommen.

Mäertesdag

© Shari Pleimelding/moien.lu

D’Méi lount sech

No den nodenkleche Wierder koum et zu engem méi freedegen Ereegnis. Fir seng exzellent Leeschtunge bei der militärescher Formatioun huet de Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi dem Lieutenant Claude Kremer den Éierendeegen iwwerreecht. Och de Lieutenant Serge Lionel Rodrigues an de Caporal Julien Klaedtke haten sech duerch Meeschterleeschtunge bei der Formatioun, sou wéi bei den Opnamexamen dës Auszeechnung verdéngt.

No dësem feierleche Moment war et um Colonel Yves Kalmes, fir mat senger Ried un d’Explosioun um Waldhaff, sou wéi den Dout vum Groussherzog Jean ze erënneren. Et wier een immens dankbar, datt de belsche Service vum Deminage (SEDEE) dem Groussherzogtum nom tragesche Virfall och am nächste Joer nach zur Säit steet. De SEDAL zielt nämlech momentan just nach 4 Demineuren.

Bei sengem Réckbléck goufen awer och déi zuelräich Exercicer an international Aktivitéiten am In- an Ausland ervir gehuewen. Nieft dem Wierken an Australien, Amerika, der Belsch, Däitschland, Frankräich, Finnland, Holland, Litauen, Norwegen, Polen a Schweden sinn d’Militär- a Friddensmissiounen am Mali an am Afghanistan ervirgehuewe ginn. Wat Lëtzebuerg selwer ugeet, esou ass d’Arméi am Kader vun der Schwéngspescht a vum Tornado zur Säit geholl ginn.

De Verdeedegungsminister François Bausch huet an dësem Kader eis beneidenswäert Sécherheetssituatioun an de Virdergrond gestalt. Mir si glécklecherweis net vu gréisseren Attacke betraff, missten eis awer an Zukunft géint Naturkatastrophe wiere kënnen. Ëmsou méi wichteg ass et Solidaritéit mat den Noperen ze weisen, fir esou am Eeschtfall op géigesäiteg Hëllef zielen ze kënnen.

D’Zukunft gesäit fir, datt een de Recrutementsproblem an de Grëff kritt a sech och méi un d’Frae geriicht gëtt. De Minister freet sech op den Accueil vun den neien Helikoptere vum Typ Airbus H145M, wouvunner een e Freideg an ee weideren am Dezember um Findel ze fanne wäert sinn. Donieft ass zesumme mat der belscher Arméi ee Projet um Lafen, fir een Helikopter vum Typ NH90, sou wéi ee Fliger vum Typ A400M notzen ze dierfen. A Kooperatioun mat Holland gëtt den Droneprogramm weider ausgebaut.

Als Ofschloss vun der Zeremonie ass d’Nationalhymn gespillt ginn an et huet ee sech an der Kantin vun den Zaldoten op een Aperitif an ee gudde Maufel getraff.

Uewen fannt Dir d’Billergalerie vun der Zeremonie. Fotoen: Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten A400M, Colonel Yves Kalmes, Dikrech, Dronen, Explosioun, Generol Alain Duschène, Groussherzog Jean, H145M, Härebierg, John Lanser, LëtzebuergerArméi, Mäertesdag, Militär, Munistiounslager, Nicolas Wenner, Patronatsfeier, Recrutement, SEDAL, SEDEE, Xavier Bettel, Zeremonie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel