Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Viking & Folk Metal an der Kulturfabrik
https://moien.lu/repubblica-dating/

Viking & Folk Metal an der Kulturfabrik

Dësen Donneschdeg gëtt et nees haart an der Escher Kulturfabrik.

are beck and jade really dating
https://moien.lu/repubblica-dating/

matchmaking in pubg mobile

Hutt Dir se scho gesinn? Déi däischter Fläsch, ganz am

Noutstand am Logement: dem Änder platzt de Kolli!
https://moien.lu/repubblica-dating/

Noutstand am Logement: dem Änder platzt de Kolli!

Eigentlech hätt ee sech en eppes méi entspaanten OGBL-President erwaart,

Réckbléck: Mäertesdag um Härebierg

Den 8. November hunn d‘Zaldoten an Zaldotinnen um Härebierg zu Dikrech, ganz wéi et an der Traditioun vun der Arméi steet, de Mäertesdag zelebréiert. Den Hellege Mäerten, Patron a Schutzhellege vun der Arméi, war e réimesche Centurion dee Frankräich evangeliséiert huet an den 11. November 397 zu Tours begruewe ginn ass.

D‘Feier vu Mäertesdag ass bis haut populär bliwwen, woubäi een och muss drun erënneren datt hien de Grond ass, firwat am November 1918 de Generol Foch drop gehalen hat de Waffestëllstand op den 11. Festzeleeën. An der laanger Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi huet de Mäertesdag Traditioun an ass esou net méi vun hir ze trennen.

Fir seng Feier war dann och uerdentlecht Hierschtwieder, et huet riicht era gereent an déi vill Gäscht ware sécherlech frou op den Tribünen eenegermoossen ënner Dag gewiescht ze sinn. Eis Zaldoten an Zaldotinne, grad ewéi d‘Militärmusek hunn sech dem Wieder entgéintgestallt. D‘Sektioun mam Fändel huet dann och pénktlech d‘Zeremonie agelaut.

Een nom anere sinn d‘Éieregäscht empfaange ginn, de Generol Alain Duschene als éischt, d‘Staatssekretärin fir d‘Verdeedegung, Francine Closener am Uschloss. Empfaangen huet se de Colonel Yves Kalmes, deen och d‘Trupp mat senge Gäscht ofgeholl huet.

E beweegte Joer 2017

Als éischte Riedner hat den Aumônier vum Härebierg sech un d‘Zaldoten an Zaldotinne geriicht. Et ass un déi geduecht déi net méi ënnert hinne sinn, déi grouss Erausfuerderung déi se net nëmmen op sech huele mä och hire Familljen zoumudden. Den Aumônier huet och nach zougesot, bei der Mäertensfeier 2018 e Wuert beim Schutzhellegen anzeleeën, fir et méi dréchen ze hunn.

De Kommandant vum Härebierg huet sengersäits drun erënnert, datt 2017 fir eis Arméi e besonnescht Joer war. Et sinn elo scho 50 Joer hir, datt zu Lëtzebuerg d‘Arméi de Fräiwëllegendéngscht agefouert huet. Eng erfollegräich Mesure déi hir Friichten dréit, och wann een et gäre géif gesinn, datt sech méi där Jongen a Meedercher fir d‘Arméi géifen interesséieren.

Och d‘Militärmusek huet 2017 e Jubiläum ze feiere gehat an dat konnt ëm Land kee wierklech ganz verpasst hunn. 175 Joer al ass eis Militärmusek, a mat hirem Concert „1812“ an der Abtei, de Concert „Anniversaire“ an der Philharmonie, huet si dann och ee grousse Public erreecht. De Colonel Yves Kalmes huet dann och ënnerstrach, dat de Succès deen dës Manifestatioune kannt hunn d‘Verbonnenheet an och d‘Unerkennung vun der Arméi bei de Bierger bewisen huet.

Nei Missiounen

De Kommandant vum Härebierg huet dann nach op d‘Friddensmissiounen am Kosovo, Mali Afghanistan an der Zentralafrikanescher Republik higewisen. Missiounen déi Virbereedung an Training verlaangen, wat déi grouss Unzuel vun Exercicer, déi hei am Land mee och bei eise belschen Nopere stattfonnt hunn. Op internationalem Niveau huet och Übungen a Manöver ginn, bei deenen sech eis Truppen ëmmer nees duerch eng héich professionell Qualitéit ervirzehiewe wëssen.

Vill Missioune sinn erfëllt ginn, déi eng oder aner guer op en Enn. De Colonel Yves Kalmes weist dann drop hin, datt am Kontext vun der geopolitescher Sécherheetslag, eis Arméi sech ëmmer méi op déi kollektiv Verdeedegung wäert musse konzentréieren. Déi operationell Erausfuerderungen dierfte keng einfach Aufgab sinn. Als éischt Auswierkung steet fest, datt déi Lëtzebuerger Arméi zueleméisseg, seng Engagementer an de Friddensmissioune muss reduzéieren.

Am nächste Joer bedeelegt sech eis Arméi dann un der „Enhanced Forward Presence“ am Baltikum, gëtt Deel vun der EU-Battlegroup an et fänkt den dräi-Jores Zyklus vun der „Very High Readiness Task Force“ un. Dat ass net näischt an déi komplex Situatioun verlaangt eng Prezis Planung vum Personal a Material.

Alles ënnert een Hutt kréien

De Colonel Yves Kalmes wéist och op d‘Verännerungen hin, déi zanter dem 1. Oktober am Kader vun der Restrukturatioun op d‘Arméi zou kënnt. Hei ass dann och noutwenneg verschidde Kapassitéiten an der Beräicher Satelittenkommunikatioun oder Dronen auszebauen. Bei der aktueller Personaldecken ass dat net einfach. Kuerz et brauch ee méi Leit, an déi sollten och Kompetenze matbréngen.

Méi Aufgabe bedeiten awer net eleng méi Personal, och beim Material muss matgehale ginn. An fir deem ganzen Här kënnen ze ginn, huet ee sech „lignes directrices“ ginn. Déi gëtt eng politesch an technesch Orientéierung, déi et méiglech mécht sech iwwert déi nächst 10 Joer esou opzestellen, datt een alles ënnert een Hutt kritt.

Fir dem Rekrutéierungsproblem ze begéinen, wat jo och mat der Qualifikatioun an der sportlecher „Form“ zesummenhänkt, gëtt et de Pilotprojet „COPRAL“ an den Informatiounsbüro vun der Arméi. Déi Jongen a Meedercher, déi duerch de Programm „COPRAL“ kommen, an ee wichtege Beitrag leeschten, kennen awer net driwwer ewechtäuschen, datt d‘Arméi och Spezialiste brauch. Mat der Digitalisatioun an der Vernetzung, soll a wëll een och qualifizéiert Jongen a Meedercher fir den Asaz bei Cyber-Defence a -Security.

Nei Weeër goen

Et läit also op der Hand, datt een och beim Rekrutement vun den Offizéier an Ënneroffizéier nei Weeër muss goen. D‘Carrière mussen sech och fir aner schoulesch Niveauen opmaachen, méi attraktiv, kompetitiv a reaktiv ginn. D‘Erausfuerderungen si verschidden an op vill Domänen ausgedehnt. Besuergt ass de Kommandant vum Härebierg iwwert d‘Situatioun beim Zivilpersonal. Do konnte beim leschten Examen net all Poste besat ginn.

D‘Attraktivitéit vun der Arméi kéint awer iwwert eng besser Kommunikatiounsstrategie gesteigert ginn. Zudeem, esou gëtt de Colonel Yves Kalmes ze bedenken, fanne mëttels engem gutt organiséierte Rekonversioun-Service iwwer 90% vun den Zaldoten no hirem Déngscht eng Aarbechtsplaz.

Besser gesäit et da bei den Infrastrukturen aus. Hangar, Simulator an d‘Renovéierung vun de Pavillon’en, dat leeft. Dat den Härebierg ab Mëtt 2018 och direkt un de Rondpoint Fridhaff ugebonne gëtt, ass eng gutt Nouvelle. Gréisser Projeten, wéi d‘Modernisatioun vum Schéissstand am Bleesdall an der Kasär, fir déi nach viru Joresenn e Gesetzprojet an der Chamber wäert virgeluecht ginn, goufen och begréisst.

D‘Staatssekretärin Francine Closener ass an hirer Ried nach emol op déi grouss Dossieren déi an der Arméi mussen ugepaakt ginn agaangen. Si stellt kloer, datt d‘Personalfroen eng zentral Roll wäerte spillen, an och säitens der Regierung ee sech hei senger Verantwortung bewosst wier. Ofgeschloss ginn ass den offiziellen Deel dann nach mat der Iwwerreechung vum Tambourstaf un de Chef-Majouer Jean-Claude Braun, am Kader vum 175. Anniversaire vun der Militärmusek.

Fotoen © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Arméi, Colonel Yves Kalmes, Francine Closener, Härebierg, Mäertesdag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel