Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angry
D’Steewoll Fabrick muss net onbedéngt der Ëmwelt schueden
International Love Neiegkeeten

D’Steewoll Fabrick muss net onbedéngt der Ëmwelt schueden

D’Steewoll-Fabrick steet, zesummen mat der Joghurt-Fabrick, weider an der Diskussioun.

Erkenns du dës Kierchtierm?
International Love Neiegkeeten

Erkenns du dës Kierchtierm?

Et ginn honnerte vu Kierchen zu Lëtzebuerg. Do kann et

tongue
Ze domm fir d‘Luuchten unzemaachen?
International Love Neiegkeeten

Ze domm fir d‘Luuchten unzemaachen?

Et ass déifsten Hiecht, de Wanter steet vrun der Dier

love

Lëtzebuerg krut am Mäerz 132 nei Demanden fir d’Protection Internationale

Op d'Joer gekuckt ass Syrien déi am stäerkste representéiert Natioun

Lëtzebuerg krut am Mäerz 132 nei Demanden fir d’Protection Internationale

Während d’Lag sech a Syrien net berouege wëll, kommen och weiderhin ëmmer nei Flüchtlingen an Europa un. Och Lëtzebuerg gëtt do ugesteiert. 132 nei Demande fir eng international Protektioun goufen esou agereecht. Dëst sinn der 90 manner, wéi am Joer 2017, ma nach e gutt Stéck méi, wéi 2016 (103).

An dësen Zuelen, déi vum OLAI kommen, sinn awer net all Persounen representéiert. Net ze fanne sinn all déi, déi zwar an de Strukture vun der OLAI ukomm sinn, mee nach keng Demande agereecht oder ofgeschloss hunn. Anerer hu sech guer net der Direktioun vun der Immigratioun presentéiert, fir dat formellt Verfahren iwwerhaapt op ze maachen. Abegraff sinn dogéint individuell Persounen, déi op Lëtzebuerg komm sinn, fir eng Demande ze maache esou wéi relokaliséiert Persounen aus Griicheland an Italien.

D’Situatioun berouegt sech

Wat de Joresstand ugeet, esou si mer fir 2018 bei 428 Demandeuren ukomm. Zum Verglach: 2017 ware schonn 461 Demandeuren ukomm a fir dëst Joer leie mer souguer ënnert dem Stand vum Mäerz 2016, wou 487 Demandeuren zesumme komm waren.

Afrika ass dee gréissten Hierkonftskontinent bei de Flüchtlingen: Insgesamt 64 Demandeuren stame vun do. A meeschte vertrueden sinn Marokko (15), Erithrea (11) an Algerien sou wéi Tunesien mat all Kéiers 10 Demandeuren. Duerno kënnt den asiatesche Kontinent (37 Demandeuren), wou Syrien (14), Georgien (7) an Irak (6) dominéieren. Aus Europa kommen ëmmer nach 30 Demandeuren, wou de Kosovo mat 21 Demande kloer dominéiert.

Op déi éischt dräi Joer gekuckt sinn et dann virun allem Syrien (45), Georgien (40) an de Marokko (40), aus deem déi meescht Demandeure kommen.

Méi wéi en Drëttel vun den Demandeuren kréien d’International Protektioun unerkannt

Am Mäerz kruten 66 Persounen de Status vum Refugié zougesprach. Nach emol 17 kruten d’Protection Subsidiarie zougeschwat. Iwwert d’Joer kuckt kruten 249 Persounen de Status vum Refugié (38,1%) an 37 vun der Protection Subsidiare zougeschwat.

Dobäi ass et wichteg ze wëssen, datt tëscht dem Deposéieren vun der Demande an der Decisioun vill Zäit vergoe kann. Vun den 249 am Joer 2018 bis elo unerkannte Flüchtlingen hunn der 114 hir Demande am Joer 2017 agereecht. Och d’Joergäng 2015 (43) an 2016 (74) si staark vertrueden. Nëmmen 18 vun hinnen stamen aus dem Joer 2018. D’Zuel vun den Decisiounen, déi getraff gi sinn, ass an de leschte Joren staark geklommen: 2015 waren et der 1.232, 2016 der 2.319 an 2017 der 3.186.  Fir dëst Joer sinn et der schonn 653.

Fir dëst Joer goufen 93 Demandeuren nees an hir d’Heemechtsland zeréck geschéckt. Insgesamt 13 vun de Retoure ware forcéiert ginn.

Mam Service Information et Presse

 

 

 

Ähnlech Sujeten Asyl, Europa, Lëtzebuerg, Syrien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    0

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    1