Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aktiounswoch fir de Klima: Den OGBL ënnerstëtzt dëse Schrëtt!
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/we-dating-too/

dating tips for married man

Fir d’Woch vum 20. September op de 27. September rifft

Luxtram SA gesäit kee Grond sech mat Gewerkschaften ofzeginn
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/we-dating-too/

Luxtram SA gesäit kee Grond sech mat Gewerkschaften ofzeginn

D‘Aktionäre vun der Luxtram SA sinn de Staat an d‘Gemeng

money
Dossier ENGIE: Lëtzebuerg wiert sech géint d‘Entscheedung vun der EU-Kommissioun
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/we-dating-too/

Dossier ENGIE: Lëtzebuerg wiert sech géint d‘Entscheedung vun der EU-Kommissioun

Zu Bréissel ass d‘EU-Kommissioun der Usiicht, datt Lëtzebuerg dem Energiekonzern

Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!

Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!
© Martine de Lagardère/moien.lu
Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!
De Buergermeeschter vun Mäerzeg© Martine de Lagardère/moien.lu
Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!
Fondatioun Hëllef fir d'Natur© Martine de Lagardère/moien.lu
Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!
D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg© Martine de Lagardère/moien.lu
Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!
© Martine de Lagardère/moien.lu
Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!
Och d'Schaffpäerd hunn net dierfe feelen © Martine de Lagardère/moien.lu
Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!
© Martine de Lagardère/moien.lu
Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!
© Martine de Lagardère/moien.lu
Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!
© Martine de Lagardère/moien.lu
Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!
Och Prosilva hunn hire Role erkläert © Martine de Lagardère/moien.lu
Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!
De Fierschter vum Bësch zu Mäerzeg © Martine de Lagardère/moien.lu
Alles am Bësch? Mäerzeg feiert den 21. Mäerz ganz gréng!
© Martine de Lagardère/moien.lu

Am Kader vum Internationalen Dag vum Bësch huet um spéide Moien de Buergermeeschter vun der Gemeng Mäerzeg, zesumme mat de Schäffen, der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, sou wéi der Fondatioun Hëllef fir d’Natur, de Fierschteren an diversen Acteure vun dësem Secteur an de Bësch op der Kopp vum Duerf invitéiert. Dobäi huet sech dëst Evenement virun allem ëm déi gesond Entwécklung, d’Biodiversitéit an den Notzen vum Bësch gedréit.

Eng grouss Grupp vun interesséierte Leit war haut de Moien zu Mäerzeg vertrueden, wat och däitlech beweist, datt d’Bewosstsinn fir d’Natur ëmmer weider steigt. Dobäi huet de Buergermeeschter vir d’éischt e puer Fakten op den Dësch geluecht, déi dir och am What the Fakt vun haut fannt. Viru sollt et awer goen mat e puer Informatiounen zu senger Gemeng: D’Bëscher zu Mäerzeg sinn nämlech virun allem vu Buchen an Eechen gepräägt. Just een Drëttel besteet aus Nolebeem. Datt dësen natierleche Liewensraum an dëser Form iwwerhaapt existéiert ass de Verdéngscht vun de Fierschter, der Ëmweltministesch an allen Acteuren aus dem Secteur, déi an dësem Sënn och een décke Merci ausgedréckt kruten.

De Bësch ass de Garant vun der Biodiversitéit. Donieft huet en awer nach weider essentiell Aufgaben, wéi beispillsweis Liewensraum fir Déieren a Planzen ze bidden, als Réckzuchsplaz fir d’Déieren an Erhuelungsraum fir de Mënsch, wéi och säin ekologesche Wäert. Esou soll ee sech net wonneren, wann een an den idyllesche grénge Flächen emol eng Koppel gesäit, déi sech tëscht de ganze Beem gären hunn.

Et sollt een den Dag vum Bësch allerdéngs net mam Dag vum Bam, den am November gefeiert gëtt, verwiesselen. Et muss een, esou d’Fondatioun Hëllef fir d’Natur, nämlech gutt oppassen, vu wéi enger Zort Bam een da schwätzt. Dobäi gëtt et ee groussen Ënnerscheet, ob et ëm ee Bam am Gewann geet oder een am Bësch. Éischteres feelt nämlech hei zu Lëtzebuerg enorm, wouduerch eventuell ee falsche Message eriwwer komme kann. Ee Bam an engem Bësch ze planzen, den sech souwisou selwer um Liewen hale kann, ass eppes anescht, wéi op enger grousser fräier Fläch ee Beemchen ze setzen. Trotzdeem muss d’Wichtegkeet vu béiden Deeg onbedéngt weider an d’Bewosstsinn vun de Leit geréckelt ginn.

Dag vum Besch

© Martine de Lagardère/moien.lu

D’Long vun der Äerd

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet dëst Evenement besonnesch gefreet. De Schutz vum Bësch ka just garantéiert ginn, wa jiddwereen zesumme schafft. An dësem Sënn huet si awer och missen ervirhiewen, datt d’Bewosstsinn fir dës Réckzuchsplaz ëmmer weider klëmmt an datt ee sech trotz allem mat de gréngen Oasen vertraut maache muss.

Als Long vun eisem Planéit späichert de Bësch net nëmmen CO2, mee e filtert och d’Waasser. Souwuel fir d’Diversitéit vun den Déieren, wéi och fir de Mënsch hunn dës Plazen eng sozial Funktioun, woubäi virun allem mir vum stressegen Alldag ofschalten an d’Rou genéisse kennen.

Lëtzebuerg besteet, esou d’Ministesch, zu 35% aus Bëscher. An awer sinn d’Beem an d’Bëscher, déi sech aus hinne Formen, a kengem gudden Zoustand. Duerch Stierm an Dréchenten aus der Vergaangen heet sinn 36,8% vun alle Bëscher endommagéiert ginn. Fir weider Verschlechterungen ze verhënneren an eng nohalteg gréng Zukunft ze garantéieren, muss elo jiddwereen säi Wëssen notzen, sou datt ee sech besser u verschidde Konditiounen upasse kann. Fir a Richtung Kreeslafwirtschaft an nohalteg Bewirtschaftung ze steieren, mussen déi 3 Pilieren verbonne ginn!

D’Bëscher 2018

Am vergaangene Joer si vu Juli bis August 1.200 Beem vu 4 Experten ënnersicht ginn. Dobäi si virun allem d’Blieder an hir Unzuel gekukt ginn, wouduerch een de Gesondheetszoustand matbestëmme konnt. Donieft sinn awer och d’Faarwe vun de Blieder, sou wéi eventuell Parasitten, wéi Insekten oder Champignonen dokumentéiert ginn. Et konnt een esou erausfannen, datt just 31,8% vun de Beem net beschiedegt sinn.

Trotz dem generell schlechten Zoustand vun de Beem, hätt een duerch Dréchent vu Juni bis Oktober mat nach méi schlëmmen Konklusioune gerechent. Allerdéngs huet och de Mäerz vun dësem Joer mat Stuerm vu bis zu 110 km/h immens zougeschloen. Esou sinn laut enger éischter Schätzung aus dem Norden 5000-6000 m³ Beem ëmgefall, déi am viraus zum Groussdeel vum Borkekäfer oder ageschloene Blëtzer geschwächt waren.

Dag vum Besch

© Martine de Lagardère/moien.lu

D’Moossname vun der Regierung

Fir den Ecosystem ze schützen an d’Diversitéit an de Bëscher ze verstäerken ass dat grousst Ziel, d’Loftverschmotzung ze limitéieren an d’Widderstandfäegkeet vun de Bëscher ze verbesseren. Dës Zieler erfëlle sech allerdéngs net vum selwen, an dofir huet d’Regierung eng Rei Moossname getraff. Ënnert anerem gëtt Folgendes virgesinn:

  • Ee Gesetzesprojet, deen den 28. Februar 2018 der Chambre virgeluecht gouf, gesäit ee generelle legale Kader fir d’Bëscher fir, sou datt déi nohalteg Gestioun geséchert ka ginn an dës Flächen hir ekologesch, sozial an ekonomesch Funktiounen erfëlle kënnen.
  • D’Forstwirtschaft muss ugewannt an d’Regeneratioun soll viru gedriwwe ginn.
  • Am Joer 2017 sinn finanziell Hëllefen fir d’Bëschbesëtzer erstallt ginn, fir esou d’Biodiversitéit ze verbesseren an d’Multifunktionalitéit vum Ekosystem ze garantéieren.
  • D’Wäertschätzung vu lokalem a regionalem Holz, sou wéi de respektvollem Ëmgang mat dësem Material.

E bëssen Hannergrondwëssen vum Fierschter

Et sollt een op kee Fall denken, datt ee Bësch sech ëmmer selwer erhalen an entwéckele kann, an de Fierschter, sou wéi d’Bëschaarbechter de ganzen Dag näischt ze dinn hunn. Wichteg ass et nämlech, ze erkennen wat de Bësch fërdert a wat net. Esou ass aus de Feeler an den Denkustéiss vun der Vergaangenheet geléiert ginn. Dobäi ass virun allem den idealen Ausgläich tëscht Luucht a Schiet vu grousser Bedeitung, sou datt kleng Beem am Schutz vun deene méi Groussen opwuesse kënnen.

Kuckt een elo spezifesch de Bësch zu Mäerzeg, esou gëtt mëttlerweil dofir gesuergt, datt ee sougenannte Mëschwald entsteet, an deem souwuel Nolebeem, wéi och Fichten a Buchen an aner Zorten ze fanne sinn. An enger éischter Phas ginn esou Beem wuesse gelooss, woubäi d’Bëschaarbechter de Wuesstem an déi richteg Richtung lenken.

Den Acteuren ass et vu grousser Wichtegkeet, datt een och viraus an d’Zukunft kuckt. Esou entscheede si sech léiwer dofir, 3 déck Beem ewech ze huelen an 20 m² ze gewannen, wéi déi selwecht Fläch duerch 20 Beem ze erhalen. Et soll ee soumat op laangfristeg Siicht „just déi rout Tomate plécken an net déi gréng“.

Egal wéi sollt et wichteg sinn, datt ee sech am Bësch mat Respekt géigeniwwer vun der Natur, den Déieren an anere Leit, déi een hei untrëfft, begéine soll. Wéi scho gesot kann dëse Liewensraum just dann op eng ideal Aart a Weis erhale ginn, wa mir all zesumme schaffen.

Ähnlech Sujeten Bam, Carole Dieschbourg, Ëmwelt, Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, Holz, Internationalen Dag vum Bësch, Mäerzeg, Natur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel