Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Lauter haart Nëss! Packs du et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?
International Neiegkeeten Stories

Lauter haart Nëss! Packs du et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?

Mir hunn eis mol erëm dru ginn an e puer

Zwou Gewerkschaften, ee Géigner?
International Neiegkeeten Stories

Zwou Gewerkschaften, ee Géigner?

Laut dem OGBL wieren se zu hirer 2.500 Militante gewiescht,

Den LCGB huet dem Sozialminister de Kampf ugesot
International Neiegkeeten Stories

Den LCGB huet dem Sozialminister de Kampf ugesot

Et war opbruechte LCGB-President, dee sech gëschter am Virfeld vum

Esou erschreckend wéi weeweisend

Belsch Gesondheetsministesch Maggie de Block erkennt Feeler bei der Krisegestioun un

Esou erschreckend wéi weeweisend

An der Emissioun „À votre Avis“ vu gëschter, déi op der RTBF ausgestraalt gëtt, ass dem Maggie de Block hir Krisegestioun an der Regierung vum Sophie Wilmès op de Leescht geholl ginn. Villes deit op eng katastrophal Gestioun hinn. Dat huet d‘Gesondheetsministesch esou net ugeholl, dofir awer Feeler agestanen. An der Belsch sinn iwwer 50% vun den Affer Mënschen an Altersheemer.

Wéi gëschter Owend zu spéider Stonn d‘Emissioun ugefaangen huet, haten eis belsch Noperen 9.222 Affer vun der Covid19-Pandemie ze bekloen. 4.857 vun dësen Affer ware Residenten an Alters- an/oder Fleegeheemer. Den Direkter vun der Residenz „Les Rosiers“ (Tertre) Alexandre Graci, zum „Firwat?“: „Wéi de Confinement ageleet ginn ass, hu mir vun eise Ministeren d‘Direktiv erhalen, eis Residenten net méi ze hospitaliséieren, egal wéi ee Problem déi hunn“.

Hie wollt du vun der Gesondheetsministesch eppes zu de serologeschen Tester wëssen: „Ass et richteg, datt et op federalem Niveau en Accord ginn huet, fir dat mir, d‘Altersheemer Tester sollten erhalen, fir eis Residenten an d‘Personal serologesch ze testen?“. D‘Maggie de Block (Open VLD) stellt dozou fest, datt d‘Testen an den Tracing an der Verantwortung vun de Regioune läit. Et wier zudeem net hir Schold, datt et esouvill Gesondheetsminister an der Belsch géif ginn.

MaggieSi selwer géif dëse Fait bedaueren, well ee jo elo mat Gewëssheet wéist, datt déi net Amstand waren hiren Aufgabe gerecht ze ginn. De Federal an d‘Defense hätten awer versicht hinnen ze hëllefen. Si hätt allerdéngs net d‘Kompetenz eng Circulaire un d‘Alters- a Fleegeheemer erauszeginn. Eng Äntwert déi den Alexandre Graci bal aus dem Stull gerappt huet: „Mir schwätzen hei vun ëffentlecher Gesondheet. Hei ass ganz kloer Persounen a Gefor d‘Assistenz verweigert ginn!“.

A weider: „Op et déi federal oder regional Regierung ass, spillt keng Roll. Hei war handelen ugesot (…) Et gëtt héich Zäit datt endlech Verantwortung iwwerholl gëtt. Déi eeler Leit hunn ee Recht drop mat Respekt behandelt a gefleegt ze ginn. Mir hunn dës Leit sacrifiéiert, déi éischt 7 Woche ware mir komplett op eis selwer gestallt“. Deem hat d‘Ministesch dann näischt méi entgéintzesetzen an den Debat gouf op ee weideren, zimmlech krasse Feelschlag vun der Regierung ëmgeleet.

FFP2-Maske geschreddert

2019 hunn eis belsch Nopere Millioune FFP2-Maske geschreddert, well hiren Haltbarkeetsdatum ofgelaf ass. Dës Maske waren am Kontext vun der H1N1 Grippe-Epidemie (2009) ugeschaaft ginn a sollten de strategesche Stock vum Land sécherstellen. D‘Maggie de Block war schonn am Amt, an hat sengerzäit d‘Erneierung vun de Maske verhënnert, fir de Gesondheetsbudget net iwwer Mooss ze strapazéieren. Dëse Fakt ass am Verbatim vum Risk Management Group (6. Februar) enthalen.

Un hir Decisioun vum Februar konnt sech d‘Ministesch net erënneren, weist dann awer drop hin, datt et „virgesi war d‘Stocken an de Spideeler net opzefëllen“. Si wier jo schliisslech nëmme fir d‘Spideeler zoustänneg an net fir den nationale Stock. „Ech hat beim SPF Santé Publique ee Plang ugefrot, mee zu dësem Ament war et net méiglech ee Stock unzeleeën“. Si betount awer, datt wann een d‘Zäit kéint zréckdréinen, si natierlech dës Maske bestallt hätt. Elo wier jo awer alles nees gutt.

Maggie

Virun der Emissioun war d‘Gesondheetsministesch Maggie de Block am Radio, wou et och ëm den Thema „Masken“ gaangen ass.

Si stellt fest: „Haut mir ee Stock, dee grouss genuch ass, sollt et zu enger zweeter Infektiounswell kommen“. D‘Famillje vun den Affer an och d‘Fleegepersonal wäerten dëse Statement ze wierdege wëssen. Fakt ass leider och, datt d‘Defense sech „vill Zäit“ gelooss huet, fir zousätzlech Masken an Optrag ze ginn. Eréischt de 17. Abrëll, nodeems de Masken e gewëssen Notzen zougestane ginn ass, huet de Risk Management Group sech fir d‘Integratioun vun der „Community Mask“ agesat.

„D‘Defense ass de 27. Abrëll mat dëser Aufgab befaasst ginn, an schonn den 8. Juni, waren dës Masken an allen Apdikte fir d‘Bierger zougänglech“ preziséiert de Philippe Goffin (MR) Aussen- a Verdeedegungsminister vun der Wilmès-Regierung. „D‘Maske sinn eppes spéit ukomm, dat ass wouer, mee et war awer keng onnëtz Ausgab“, esou de Minister dee Wäert drop geluecht huet ze betounen, datt d‘Kris nach net eriwwer ass, an ee wuel nach weider Maske wäert musse bestellen.

Vum „Problem“ iwwerrascht ginn

D‘Maggie de Block war gëschter awer och drop beduecht – dat mécht ëmmer e gudden Androck – op déi him géinteniwwer gemaachte Virwërf anzegoen. Si behaapt dann och, schonn am Januar e Comité vu Wëssenschaftler zesummegestallt ze hunn. Deemools huet awer eis an der WHO scho kee gegleeft an alles gouf als „Panik-maachen“ ofgedoen. D‘Situatioun, esou d‘Ministesch, hätt sech och eréischt nodréiglech verschlechtert. Si hätt all Moies ab 8 Auer Konferenzen ofgehalen.

Esou mam Concertatioun-Comité, dem „kern“, de Ministeren an der Krisenzell… Gutt just do war ee scho Mëtt Mäerz an nach ëmmer op näischt eeschthaft virbereet. Op d‘Fro, op si dann och Feeler gemaach hätt, entgéint d‘Maggie de Block: „Feeler? Jo natierlech hunn ech Feeler gemaach, dat well ech geschafft hunn. Wien näischt mécht ka keng Feeler maachen“. Pech fir d‘Ministesch, datt Si am Virfeld vill Feeler gemaach oder zumindest zougelooss huet. Si war an der Verantwortung…

MaggieDatt d‘Fleegepersonal elo och net „gutt op si ze spriechen“ ass, dat virun allem well d‘Ministesch sech allem Dialog verweigert hat, léist Si esou net gëllen. Datt si sech net mat den Delegatioune vum Fleegepersonal ausenanergesat hätt wier a kengster Weis eng Geréngschätzung, zudeem kéim de Virworf eenzeg vun der frankophoner Säit. „Ech assuméiere meng Feeler, an et gëtt vill Kritik zu Kompetenzen déi meng Funktioun net huet. Mee ech verstinn och d‘Wut, ech verstinn de Misär“.

Elo kann een et dréine wéi ee wëll. Sécherlech kann een dem Maggie de Block zerguttst halen, datt et ëmmer komplizéiert ass, esou eng Kris zur Zefriddenheet vun allen ze geréieren. Et kann een esouguer Versteesdemech dofir hunn, datt een 2019 net op en Neits wollt Millioune Steiergelder an Schutzmaterial (FFP2-Masken) wollt investéieren, déi méiglecherweis och hätte misse geschreddert ginn. Mee bal 5.000 Affer an Alters- a Fleegeheemer, verlaangen hei kloer no Konsequenzen.

Bild: Rom Wieden / pixabay

Ähnlech Sujeten Belsch, Covid19, FFP2-Masken, Krisegestioun, Maggie de Block
Nächsten Artikel Virrechten Artikel