Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Opgepasst! Grousse Schantjen op der A3 – Echangeur Diddeleng Zentrum
24 dating a 35 year old

Opgepasst! Grousse Schantjen op der A3 – Echangeur Diddeleng Zentrum

D‘Stroossebauverwaltung weist drop hin, datt de Stroossebelag op den Autobunnsbretelle

matchmaking videogiochi
24 dating a 35 year old

Stock-Car: Prächtege Saisonoptakt fir déi Diddelenger „Roud Däiwelen“

Päischtméindeg ass fir déi eng den Dag vum Gënzefest a

No der Fermeture vum Jeudi: de Sozialplang läit um Dësch
24 dating a 35 year old

No der Fermeture vum Jeudi: de Sozialplang läit um Dësch

Wéi bosseg et ass, wann deng Gewerkschaft als Aktionär indirekt

Mahle a Mahle-Behr ginn hirer Wee

Gewerkschafte fanne mat en Accord mam däitschen Automobilsausrëschter fir de Sozialplang

Mahle a Mahle-Behr ginn hirer Wee

Am gemeinsame Communiqué vun ee Méindeg, hunn d‘Gewerkschaften, LCGB an OGBL matgedeelt, datt et mat Mahle a Mahle-Behr zur Ënnerschrëft vun engem Sozialplang komm ass. Betraff dovunner sinn 79 Salariéeën. Geséchert ass dann och, datt déi däitsch Betriber, esou wéi am Oktober ugekënnegt, hir Lëtzebuerger Standuerter wäerten opginn.

Fir de LCGB-Gewerkschaftssekretär Marc Kirchen, ass et schonn emol eng gutt Saach datt ee sech bei de Verhandlungen zum Sozialplang op Aenhéicht begéint ass. D‘Direktioun hätt sech beméit an wier op d‘Fuerderunge vun de Gewerkschaften agaangen. Dat konnt dann och de Vertrieder vum OGBL, Kevin Dechmann, esou confirméieren.

Hien ass dann hei och der Usiicht, dat dëse Sozialplang e bessere wéi nach 2018 ass – oder zumindest méi ausgeglach – well et hei och en extralegale Finanzplang fir déi Mataarbechter vun iwwer 50 Joer gëtt an déi keng weider Engagementer an der Entreprise ugebuede kréien. Zudeem sinn am Sozialplang och „sozial Mesuren“ enthalen.

Esou wéi d‘Preretraiten a Formatiounen, oder Mutatiounen op aner Standuerter (Däitschland oder Spuenien). De Marc Kirchen huet uginn, datt eventuell néng Leit fir d‘Preretraite eligibel wieren, et awer nach eppes ze fréi ass wier ze wëssen ob si dat esou och wëllen. Fir anerer soll et, esou de Kevin Dechmann, individuell Gespréicher ginn.

Bei dësen Entrevue sollen déi verschidden Optioune vun enger Reaffektatioun mat de Kandidaten diskutéiert ginn. Et wier een dann och bereet, fir déi wou et wënschen, sech dësen Entrevuen unzeschléissen, esou de Kevin Dechmann vum OGBL. D‘Schléissung vun de Standuerter hei zu Lëtzebuerg ass der Restrukturatioun vun der Entreprise geschëlt.

Foto: © Mahle

Ähnlech Sujeten Féiz, Käerjeng, LCGB, Mahle, Mahle-Behr, OGBL, Sozialplang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel