Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pipo Peng: Kee Bock
International Neiegkeeten

Pipo Peng: Kee Bock

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Karting: Kee Gléck fir d‘Zoe Knebler am franséische Championnat
International Neiegkeeten

Karting: Kee Gléck fir d‘Zoe Knebler am franséische Championnat

Déi eenzeg Lëtzebuergerin déi um „Championnat de France“ bei den

Back to the Books: Mir weise kee Stil, mir deelen en!
International Neiegkeeten

Back to the Books: Mir weise kee Stil, mir deelen en!

Säi Schreifstil fënnt een, andeems ee verschidden Aflëss mëscht. Genau

Palestinenserpresident zitt de Stecker

Nom onméigleche Friddensplang vum Donald Trump brécht de Mahmoud Abbas d‘Bezéiungen zu Israel an den USA of

Palestinenserpresident zitt de Stecker

Nodeems den US-President Donald Trump leschte Mëttwoch dem Benjamin Netanyahu a Benny Gantz, an esou och der ganzer Welt säi Friddensplang „Peace to Prosperity“ virgestallt huet, an deem de Palestinenser zwar ee Staat, net awer d‘Souveränitéit zougestane gëtt, hat de Mahmoud Abbas eng Drénglechkeetssëtzung vun der Arabescher Liga gefuerdert an och kritt.

Dës Sëtzung huet e Samschdeg zu Kairo stattfonnt, an hei huet de Palestinenserpresident der Assemblée erläutert, datt hien zwou Noriichten un Israel an d‘USA geschéckt huet. An dëse statuéiert de Mahmoud Abbas, datt eng keng Bezéiunge méi zu béide Länner wäert ginn. Ofkommen an internationaalt Recht géifen net méi agehalen, an esou kéint een net diskutéieren.

MahmoudAn de Mahmoud Abbas huet nach betount, datt dat selbstverständlech och fir d‘Accorden zur Sécherheet gëllt… An dësem Kontext ass et wichteg drun ze erënneren, datt d‘Palestinenser schonn 2017, nodeems den amerikanesche President ugekënnegt hat, d‘US-Ambassade zu Jerusalem ze installéieren, woumadder hien de facto déi Helleg Stad als israelesch Haaptstad unerkannt huet.

Weder Fridden nach Stabilitéit

Säitens dem Generalsekretär vun der Arabescher Liga, Abul Gheit, heescht et, datt och d‘Liga dem US-President säi Friddensplang zréckgewisen huet: „Dëse Plang féiert zu engem Status, bei dem et zwou ënnerschiddlech Klasse vu Bierger gëtt. (…) D‘Palestinenser wäerten d‘Bierger vun der zweeter Klass sinn“. De Plang géif weder Fridden nach Stabilitéit mat sech bréngen, esou de Fazit.

Mam vun der US-Regierung virgeluechte Friddensplang, missten d‘Palestinenser den Israelie ganz erhieflech Zougeständnesser maachen, déi schlicht net akzeptabel sinn. Esou missten d‘Palestinenser d‘Annexioun vum Jordandall wéi och all d‘Siidlunge vun den Israelien unhuelen, an d‘Haaptstad vu Palestina géif an engem Viruert vu Jerusalem, Abu Dis, ugesidelt.

MahmoudDoriwwer eraus dierfen d‘Palestinenser sech net méi un internationale Geriichtshaff zu den Haag wennen, keng israelesch oder amerikanesch Bierger ukloen an Israel d‘Recht zougestoen, zu all Ament mat Truppen a Palestina „agräifen“ ze dierfen. De Loftraum géif integral vun Israel kontrolléiert, an och wien an- oder ausreest, géif kontrolléiert. An dat sinn just e puer Beispiller.

Léist sech dat diplomatesch léisen?

Dee vum US-President virgeluechte Friddensplang verletzt d‘Ofkommes vun Oslo (1993 Oslo I; 1995 Oslo II), verstéisst géint esou zimlech all UN-Resolutioun déi zu Jerusalem an dem Sträit tëscht Israel a Palestina ugeholl ginn ass an ass iwwert dat eraus voll a ganz am Widdersproch zum Vëlkerrecht. Dat awer passt nees zum diplomatesche Genie deen den US-President entwéckelt huet.

Ob den internationale Geriichtshaff zu Den Haag, d‘Welthandelsorganisatioun oder esouguer d‘UN, keng vun dësen Institutioune kann den Donald Trump leiden a wou hie kann, sabotéiert hien dären Aarbecht. Keng gutt Virzeeche fir eng „diplomatesch Fortsetzung“ vun de Friddensgespréicher an awer dierf een d‘Hoffnung net opginn. Mee kann déi Arabesch Liga hei nach vermëttelen?

MahmoudMat Saudiarabien an de Vereenegten Emirater (zwee vun de wichtegsten US-Alliéierten an der Regioun) déi ganz eegen Interesse verfollegen, well si den Afloss vum Iran – hirem Äerzfeind – ënnerbanne wëllen, huet den Donald Trump e puer „Firspriecher“ op senger Säit. Riad huet dann och d‘Palestinenser an d‘Israelien opgefuerdert, ënnert US-Virsëtz Verhandlungen opzehuelen…

mat indymedia/tlv/cai

Foto: Drénglechkeetssëtzung vun der Arabescher Liga zu Kairo. © Arab League

Ähnlech Sujeten Arabesch Liga, Friddensplang, Israel, Palestina, Peace to Prosperity, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel