Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kéint en Tram och fir aner Deeler vum Land interessant sinn?
Neiegkeeten

Kéint en Tram och fir aner Deeler vum Land interessant sinn?

Wann e Transport-Wëssenschaftler sech Lëtzebuerg ukuckt, da lauschtert ee gären

„We Ride“: Du brauchs e Vëlo oder e Skateboard? Da bass de hei richteg
Neiegkeeten

„We Ride“: Du brauchs e Vëlo oder e Skateboard? Da bass de hei richteg

E Vëlo oder e gutt „Briet“ kann engem schonn en

Douce Pianokläng mam Yann Tiersen an der Philharmonie
Neiegkeeten

Douce Pianokläng mam Yann Tiersen an der Philharmonie

Spéitstens mat der Filmmusek zu „Die fabelhafte Welt der Amélie“

Maintenance a Botze vun den Tunnellen – wéini a wou?

Maintenance a Botze vun den Tunnellen – wéini a wou?

D’Administratioun vum Ponts et Chaussés deelt mat, datt kommend Woch déi hallefjäreg Wardungsaarbechten an den Tunnelle gemaach ginn. Zu dësen Aarbechten, déi den 11. Mäerz 2019 ufänken, gehéiert och déi preventiv Kontroll vum Sécherheetsequipement (ënnen opgefouert).

Nom Kontrolléiere vun der Funktioun an der Interaktioun vum verschiddenen Equipement, sou wéi den Alarmen wäert CITA mam Botze vun den Tunnelle viru fueren. Jee no Gréisst a Komplexitéit vum Tunnel wäerten dës Aarbechten een Impakt op den Trafic hunn, och wann d’Maintenancen haaptsächlech an der Nuecht geplangt sinn an op verschidden Deeg opgedeelt sinn.

Vu Mëtt Mäerz bis Enn Juni wäerten d’Aarbechten oflafen. Déi geplangten Datumer an Interventiounen an de verschiddenen Tunnelle kënnt dir um Site vu CITA noliesen oder Iech direkt HEI ukucken.

Concernéiert Tunnellen:

Tunnell Grouft, Rëngelbuer, Stafelter, Gousselerbierg, Miersch, Rouscht, Kolmer-Bierg, Schieren, Houwald, Cents, Richard Serra, Kierchbierg, Helleg-Geescht, Pénétrante Sud, Märel, Péiteng-Kierch, Biff, Accès Secondaire, Micheville, Ässen, Éilereng, Féiz, Fréiseng, Munneref an de Markusbierg.

Ze kontrolléierend Equipement:

Ventilatioun, Feiermelder, CO / Duerchlässegkeet, Feierläscher, Nisch SOS, Wandmiesser, Beliichtung am Tunnel, Beschallung, Radio-Iwwerdroung, Noutruff-Sailen, Video-Iwwerwaachung, Zieler, Informatik, Telefonen, Reseau, Trëttoir, Pompelen,…

Ähnlech Sujeten Botzen, Kontroll, Maintenance, Ponts et Chaussées, Tunnel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel