Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Orban setzt ONGen ënner Drock. Den Ausseminister Jean Asselborn nennt en dofir en Diktator!
Neiegkeeten

Den Orban setzt ONGen ënner Drock. Den Ausseminister Jean Asselborn nennt en dofir en Diktator!

Radikal riets an en erkläerte Feind vun der Pressefräiheet, geet

Young & Oldtimer Day zu Steesel
Neiegkeeten

Young & Oldtimer Day zu Steesel

Autofrënn opgepasst! E Sonndeg, de 16. Juni 2019 huet d’Steeseler

Cargolux reduzéiert seng Fluchfrequenz a Richtung China
Neiegkeeten

Cargolux reduzéiert seng Fluchfrequenz a Richtung China

Wéi d‘Direktioun vun der Cargolux gëschter matgedeelt huet, gi zur

De richtegen Ëmgang mam Mais ass gutt fir d‘Ëmwelt

De richtegen Ëmgang mam Mais ass gutt fir d‘Ëmwelt

Den technesche Service vun de Landwirtschaftsadministratioun (ASTA) hat um Donneschdeg agelueden, fir e Bléck op Versuch- an Demonstratiounsfelder fir de Mais ze werfen. Déi Felder, wou zu Kielen ugeluecht sinn, sollen Informatiounen an Erkenntnesser zum Mais-Ubau liwweren.

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen, ass dann och an ee puer Sätz op den aktuelle Stand vum der Mais-Kultur agaangen. Déi extrem Dréchent am Fréijoer a ugangs Summer, huet der Recolte vum Silo-Mais, déi scho partiell stattfonnt huet, net wierklech geschuet.

Et ass deemno dovunner auszegoen, datt och d‘Recolte 2017 am Schnëtt zefriddestellend misst sinn. Dat wier dann awer och en Zeechen dofir, dass dës Planz robust wier an sech de schwierege Klimaverhältnesser gutt géif upassen.

Fudderplanz mat gudde wirtschaftlechen Eegenheeten

Ofgesi vu sengen Upassungsfäegkeeten huet de Silo-Mais nach eng Rei aner Eegenheeten déi ervirzehiewe sinn. Deen zeechent sech laut dem Minister och doduerch aus, datt e rentabel ass an och e gudden Ertrag huet. Och seng Fudderqualitéit sollt een net ënnerschätzen.

De Fernand Etgen weist dann och drop hin, datt den Ubau och wéinst der latenter Klimaverännerung am Laf vun de leschten 20 Joer staark zougeholl huet. De Silo-Mais huet haut nieft de Gréngflächen u Bedeitung als grondleeënd Fudderquell seng Plaz fonnt.

Problemer erkennen net stattfanne loossen

Trotz all dëse positive Feststellungen, misst een awer och uecht drop ginn, wou a wéi een Mais ubaut. Op sensibele Standuerter, wéi Waasserschutzgebidder oder an erosiounsgefäerdete Lagen, kann den Ubau vu Mais zum Problem fir d‘Ëmwelt ginn.

Dat war dann och de Sënn vun der Besichtegung vun de Versichsfelder zu Kielen. D‘Bauere misste sensibiliséiert ginn, de Problem eescht huelen a sech d‘Léisungsusätz zu Häerzen huelen. D‘Léisungsusätz fir en ëmweltschounende Mais-Ubau huet de Marc Weyland, Direkter vun der ASTA ginn.

Nohalteg a Standuertgerecht

Et huet Erklärungen zu der Anlag an der Gestaltung vun de besichte Mais-Versich ginn. De Schwéierpunkt huet engersäits op de Versich vu verschiddene Zorten, wéi Silo- oder Energie-Mais geleeën. Anersäits waren och kulturtechnesch Versich ënnerholl ginn, déi sech mat der mechanescher Onkrautbekämpfung befaasst hunn. Dat am Bezuch op e nohaltegen a standuertgerechten Mais-Ubau.

Den Direkter huet ze verstoe ginn, datt de Ministère eng ganz Rëtsch un Ëmweltmoossnamen fërdert: esou den Tëschefruuchtubau, eng minimal Buedembeaarbechtung, reduzéiert düngen an en Rei weider Praktiken, déi den Ubau ëmweltgerecht erméiglechen.

mam SIP

Ähnlech Sujeten ASTA, Ëmwelt, Fernand Etgen, Landwirtschaft, Mais
Nächsten Artikel Virrechten Artikel