Search

You may also like

TGV kollidéiert mat Kéi – 20 Déiere stierwen!
Neiegkeeten

TGV kollidéiert mat Kéi – 20 Déiere stierwen!

Um Samschdeg Nomëtteg ass et zu enger Kollisioun tëscht engem

Ass eng Fusioun tëscht FNCTTFEL an OGBL sënnvoll? (ee Gedanken)
Neiegkeeten

Ass eng Fusioun tëscht FNCTTFEL an OGBL sënnvoll? (ee Gedanken)

D‘Eisebunnergewerkschaft FNCTTFEL – déi am Volleksmond de „Landesverband“ genannt gëtt

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: Zesummen ass ee staark!
Neiegkeeten

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: Zesummen ass ee staark!

Ee Mangel un Ariichtungen an Déngschtleeschtunge fir Persounen, déi Autismus

Eng Majoritéit ënnerstëtzt nei Mesuren am Kampf géint den Tubak

Och eng Erhéijung vun de Präisser ass hei keen Tabu!

Eng Majoritéit ënnerstëtzt nei Mesuren am Kampf géint den Tubak

Haut ass de Weltdag ouni Tubak. An och zu Lëtzebuerg gëtt am Kampf géint den Tubak net mi lues gemaach. All Joer verursaacht d’Fëmmen 1.000 Doudeger zu Lëtzebuerg. Dovunner stierwen der eleng 90 duerch passiivt fëmmen. “Dës Zuelen sinn inakzeptabel! Mir  musse reagéieren an eng ambitiéis ëffentlech Gesondheetspolitik schafen, déi vun allen Acteure gedroe gëtt a sech géint den Tabagissem went”, seet d’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch (LSAP).

Gëschter nach hat d’Fondation Cancer nei Zuelen eraus bruecht. An och de Ministère bestätegt, datt ronn 21% vun de Lëtzebuerger fëmmen. Och dowéinst wëll een mat der Anti-Tubak-Campagne net ophalen. Enger Meenungsëmfro vun TNS-Ilres no hunn 90% vun de Befroten uginn, datt se de Mesure vum Gesetz, dat am August 2017 a Kraaft getrueden ass, géingen ënnerstëtzen. Ganzer 70% vun de befrote Persounen géingen eng Erhéijung vum Präis vum Tubak gutt fannen. Esou eng Propose gouf och vun der Fondation Cancer gëschter ervirbruecht. 83% vun de befroten ënnerstëtzen eng Erweiderung vum Fëmmverbuet op den ëffentleche Plazen. Als Beispiller ginn Busarrêten an Aarbechtsplaze genannt.

Virun allem Jugendlecher ginn am Anti-Tubak Kampf an d’Viséier geholl. Well déi meescht fänke mam Fëmmen un, iert se 25 Joer al sinn.

De Kampf géint den Tubak léisst sech net nëmmen duerch d’Doudesaffer rechtfäerdegen. Et gi vill Krankheeten, déi duerch d’Fëmmen ausgeléist kënne ginn. Laut der WHO (world Health Organisation) ass d’Fëmme fir 90% vun de Fäll vum Longekriibs verantwortlech. Mee och aner Kriibsaarten, wéi Mondkriibs, Kehlkappkriibs, Bloosekriibs a Broschtkriibs ginn och doduercher ausgeléist. Mee och Häerzkreeslafkrankheete kënnen doduerch entstoen.

D’Effekter kënnen erëm réckgängeg gemaach ginn. Wien haut ophält, deem seng Risike gi schon no engem Joer ëm 50% erof.

Op genau dës Häerzkreeslafkrankheete setzt d’WHO hire Fokus dëst Joer. D’Bluttgefäässer kënnen hei degradéieren, woubäi d’Fëmmen net eleng dru schold ass. Aner Faktoren, wéi de Cholesterol an ierflech Facteure kënnen hei och eng grouss Roll spillen an d’Situatioun verschlëmmeren oder beschleunegen. Mee et gëtt eng gutt Noriicht: D’Effekter kënnen erëm réckgängeg gemaach ginn. Wien haut ophält, deem seng Risike gi schon no engem Joer ëm 50% erof.

Vir datt et net esou wäit kënnt, datt een iwwerhaapt mam Fëmme wëll ufänken, konzentréiert een sech bei den Aktiounen och méi op déi Jugendlech. Esou gëtt et zu Lëtzebuerg den “Plan national de lutte contre le tabagisme 2016-2020” (PNLT). “Eist Haaptzil ass et, Jonger ze beschützen an hiren Astig an den Tubak ze verhënneren. Dat och, well 70% vun de Fëmmerten virum 18. Liewensjoer domat ufänken a 94% virum 25. Liewensjoer”, ënnersträicht d’Lydia Mutsch.

Mam Service Information et Presse

Related topics Fëmmen, Gesondheet, Lëtzebuerg, Lydia Mutsch, Tubak, WHO
Next post Previous post