Search

You may also like

Beschäftegungsschutz fir Kommunalpolitiker
International Neiegkeeten

Beschäftegungsschutz fir Kommunalpolitiker

Virun net ganzer véierzéng Deeg hat de Syndikat vun de

Meng Landwirtschaft: De Bioaktiounsplang an elo?
International Neiegkeeten

Meng Landwirtschaft: De Bioaktiounsplang an elo?

Meng Landwirtschaft begréisst, datt mam Bioaktiounsplang an der Ernennung vun

Cargolux elo mat méi Flich op Xiamen
International Neiegkeeten

Cargolux elo mat méi Flich op Xiamen

Cargolux, déi gréissten Transport-Fluchgesellschaft an Europa, flitt zanter dem 1.

Mali: Franséisch Zaldote stierwe bei Helikopterongléck

Mali: Franséisch Zaldote stierwe bei Helikopterongléck

Bei engen Nuetsasaz vun der franséischer Arméi sinn zwee Helikopter anenee gerannt an erofgefall. Bei dësem Incident sinn 13 Zaldoten ëm d‘Liewe komm. De franséische President Emmanuel Macron huet de Famillje vun den Affer säi Bäileed ausgeschwat an de Courage vun de Männer nach emol bekräftegt. Si si fir Frankräich am Kampf géint den Terrorismus an der Sahelzon gestuerwen.

Et géif sech bei dësem Virfall ëm en Accident bei engem Kampfasaz géint Dschihadisten handelen, esou de franséische Verdeedegungsministère. Bei den Affer handelt et sech ëm sechs Ënneroffizéier, e Kaperolchef a sechs Offizéier. Frankräich ass am Mali mat Länner aus der Sahelzon am Kampf géint den Terrorismus verbonnen. Alles an allem zielt d‘Operatioun „Barkhane“ 4.500 Zaldoten.

Zaldoten

An de Staate vun der Sahelzon, engem Gebitt datt sech südlech vun der Sahara, vum Atlantik bis un d‘rout Mier erstreckt, gëtt et vun „Al Quaida“ bis „Islamesche Staat“ all Zort un Terroristen. Datt et sollt méiglech si mat 4.500 Mann e gréissert Gebitt wéi Europa ze „kontrolléieren“ an den Terror do wierksam ka bekämpft ginn, ass „optimistesch“.

Eréischt Ufank November war e franséischen Zaldot am Mali verstuerwen. Den Zaldot war mat engem gepanzerte Gefier op Patrull, wéi dëst vun engem artisanale Sprengsaz zerrappt gouf. Siwe vun den 13 Zaldote ware vu Pau, an hunn am 5. Regiment vun de Kampfhelikopter hiren Déngscht geleescht. Hei huet de Buergermeeschter François Bayrou d‘Zaldote mat enger Zeremonie geéiert.

ZaldotenWéi et zu dësem Accident komme konnt, dat muss elo ënnersicht ginn. Mat den Ermëttlungen ass de Bureau fir Enquêten an Analyse fir d‘Sécherheet vun der ziviller Aviatioun (BEA) beoptraagt ginn. Déi sollen elo déi zwou „schwaarz Këschten“ auswäerten a d‘Ëmstänn déi zum Accident gefouert hunn erläuteren. D‘Läiche vun den Zaldote sollen an den nächsten Deeg rapatriéiert ginn.

mat indymedia/

Foto: Nicolas Mégard -Benjamin Gireud -Clément Frison-Roche -Alex Morisse -Pierre Bockel -Julien Carette -Romain Salles de Saint-Paul -Romain Chomel de Jarnieu -Alexandre Protin -Antoine Serre -Valentin Duval -Jérémy Leusie -Andreï Jouk

Related topics Accident, Barkhane, Frankräich, Helikopter, Mali, Terror, Zaldoten
Next post Previous post