Search

You may also like

money
Douanestaxen: d‘EU bereet sech ze verdeedegen
International Neiegkeeten

Douanestaxen: d‘EU bereet sech ze verdeedegen

Während den US-President domatter dréit gesënnert Douanestaxen op Stol, Aluminium

Inflatioun beim Räis an Afrika: No Covid-19 dreet d’Liewensmëttelkris
International Neiegkeeten

Inflatioun beim Räis an Afrika: No Covid-19 dreet d’Liewensmëttelkris

Tëscht dem 2. Januar an dem 12. Juni 2020 ass

déi Lénk: D’Widderspréch vun de Gréngen bei der Ëmwelt
International Neiegkeeten

déi Lénk: D’Widderspréch vun de Gréngen bei der Ëmwelt

De Projet zum Reamenagement vum Boulevard Roosevelt, deen um 22.

Mali: No Meuterei gëtt de President säi Mandat op

Mali: No Meuterei gëtt de President säi Mandat op

Zaldoten hunn den Ibrahim Boubacar Keïta, President vun dësem westafrikanesche Land festgeholl an nëmme puer Stonnen drop huet dësen an enger Tëlee-Usprooch säi Récktrëtt erkläert. „Ech wëll datt kee Blutt vergoss gëtt, fir mech un der Muecht ze halen“, esou de President vum Mali.

Laut deem wat gewosst ass, ass zu Kati (ronn 15 Kilometer südlech vun der Haaptstad Bamako) zur Meuterei komm. Wat den Ausléiser war ass net gewosst. Vun der US-Ambassade an der Haaptstad gouf matgedeelt, datt Zaldoten duerch d‘Stroosse gefuer sinn an an d‘Luucht geschoss hätten. Aner Quellen hunn uginn, datt sech Demonstranten zu Bamako versammelt hunn. Westlech Ambassaden haten den Dag iwwer vu Spannunge geschwat an hire Leit geroden sech doheem opzehalen.

D‘Reaktioun vun der internationaler Communautéit war prompt. De Moussa Faki Mahamat, Chef vun der Afrikanescher Unioun (AU) huet d‘Festnam verurteelt an vun den Zaldote gefuerdert de President Ibrahim Boubacar Keïta fräizeloossen. Den afrikanesche Wirtschaftsbond ECOWAS huet opgeruff déi ëffentlech Uerdnung nees hierzestellen a verlaangt vun der Arméi sech onverzüglech an hir Kasären zeréckzezéien. D‘Nopeschlänner goufen opgefuerdert d‘Grenzen zouzemaachen.

President

Si wollten dem Ibrahim Boubacar Keïta scho méi laang lass ginn, elo huet d‘Arméi agegraff an eng Hand ugepaakt. Déi meescht schéngen sech ze freeën. © Arutz Sheva

An engem Statement huet sech de franséischen Ausseministère den Ausféierunge vun der ECOWAS ugeschloss. „De Putschversuch kéint a kéngster Weis eng Äntwert op déi gesellschaftspolitesch Kris vum Mali sinn“, esou de Josep Borrell, EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten. Déi fréier franséisch Kolonie ass ee „Partner“ am Kampf géint déi islamistesch Milizen. Am Mali si vun der UNO an der EU Zaldoten aus ville verschiddene Länner stationéiert, wat d‘Reaktioun erkläert.

De Mali stécht zanter Méint an enger déiwer politescher Kris an d‘Oppositioun am Land huet och ëmmer nees de Récktrëtt vum Ibrahim Boubacar Keïta gefuerdert. Deem gëtt – an dat kléngt allen zimmlech bekannt – Korruptioun a Wahlmanipulatioun virgeworf. Dorënner huet seng Popularitéit gelidden. D‘Bierger vum Mali werfen hirem President dann och nach vir, sech net genuch géint déi islamistesch Gefor agesat ze hunn. Et koum zu regelméissegen, deels gewalttätege Protester.

PresidentOb d‘Oppositioun eppes mam militäresche Putschversuch ze dinn huet, léisst sech vun eiser Säit net bestätegen. An Afrika, wou den demokratesche Prozess och duerch déi militäresch a wirtschaftlech Interesse vun der EU, China an den USA éischter gestéiert wéi gefërdert gëtt, kann een realistesch betruecht keng Optioun ausschléissen. Bal ganz Afrika gëtt seng Ressource beklaut, Agrarland gëtt vun de multinationale Konzerner ouni Récksiicht op Verloschter, de klenge Baueren entzunn.

Dat favoriséiert d‘Entwécklung vun de radikal islamistesche Gruppéierungen, esou wéi politesch Feelentscheedungen an Europa de Populismus a Faschismus salonfäeg gemaach hunn. Am Mali, wéi an de meeschte Länner vun der Sahelzon, sinn dann och ganz divers „Terrorgruppen“ aktiv. Woubäi mëttlerweil net méi tëscht mäerderesche Banditten an reliéise Fanatiker kann ënnerscheet ginn. D‘Zaldote vun der UNO/EU sinn och net do fir d‘Bierger ze schütze mee d‘Investitiounen…

mat indymedia/dak

Foto: En Archivbild vum Ibrahim Boubacar Keïta bei sengem Besuch am EU-Parlament zu Stroossbuerg am Dezember 2013 – Claude Trouong-Ngoc (cc-by-sa-3.0)

Related topics Afrikanesch Unioun, ECOWAS, EU, Ibrahim Boubacar Keïta, islameschen Terror, Mali, Wirtschaftsinteressen
Next post Previous post