Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Weltausstellung Dubai ass da fir 2021
International Neiegkeeten

D‘Weltausstellung Dubai ass da fir 2021

Och virun der Weltausstellung zu Dubai huet de Coronavirus Covid19

Net a mengem Numm! Nee zu der Sklaverei !
International Neiegkeeten

Net a mengem Numm! Nee zu der Sklaverei !

Um Mëttwoch hat d‘KPL zu enger Manifestatioun op der Clairefontaine-Plaz

9 Iddien, wéi s du der Lëtzebuerger Sprooch hëllefe kanns
International Neiegkeeten

9 Iddien, wéi s du der Lëtzebuerger Sprooch hëllefe kanns

Gäre gëtt reklaméiert, datt et eiser Sprooch net gutt geet.

Mallorca: Helikopter an ULM geroden unenaner, siwe Mënsche stierwen

Mallorca: Helikopter an ULM geroden unenaner, siwe Mënsche stierwen

Op der beléifter spuenescher Baleareninsel Mallorca, si beim engem heftegen Accident tëscht engem Helikopter an engem sougenannten ULM (Ultraliicht-Fliger) siwe Mënsche gestuerwen. Laut den Autoritéiten hunn am Helikopter, nieft dem spuenesche Pilot, eng däitsch Touristekoppel mat hire Kanner gesiess, am ULM sollen zwee Spuenier gewiescht sinn.

Wéi et derzou komm ass, datt et um fréie Sonndegnomëtteg bei der Stad Inca den Helikopter an den ULM anenaner geflu sinn, ass zur Stonn nach net gewosst. Béid Maschinne ware jiddefalls direkt a flamen opgaangen, an d‘Insasse vu béide Fluchmaschinnen hate keng Iwwerliewenschance. Stécker vum Helikopter waren op der Landstrooss ze gesinn, den ULM war op den Terrain vun enger Finca gefall. Zum Gléck si keng Trëmmer op nogeleeën Haiser gefall.

mat indymedia/mad/llc

Illustratioun: Myriam Zilles / Pixabay

Ähnlech Sujeten Accident, Helikoopter, Mallorca, ULM
Nächsten Artikel Virrechten Artikel